Search

You may also like

Et bleift beschwéierlech
International Neiegkeeten

Et bleift beschwéierlech

D’Rettungsschëff Alan Kurdi huet de Freidegmoien den Hafe vun Olbia op

dislike
D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress
International Neiegkeeten

D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress

Et sollt ee Perséinleches virun der Dier loossen. Mat dëser

Dës Kaart weist der, wéi Lëtzebuerg géing ausgesinn, wann et seng al Territoiren erëm géif kréien
International Neiegkeeten

Dës Kaart weist der, wéi Lëtzebuerg géing ausgesinn, wann et seng al Territoiren erëm géif kréien

An der Geschicht gëtt et wuel näischt méi Spannendes, wéi

En Englänner zu Paräis

Britesche Premier trëfft a franséischer Haaptstad op Widderstand a behält de schwaarze Péiter

En Englänner zu Paräis

Et sinn nach ronn 70 Deeg bis zum Brexit an de Boris Johnson gëtt sengem „Trampeldéier-Image“ gerecht. Beim Emmanuel Macron huet hien nach emol, wéi scho bei der däitscher Bundeskanzlerin, de „Backstopp“ ugeschwat a vum franséische President e Kuerf kritt.

No dëser Entrevue virum G7-Sommet vu Biarritz ass d‘Situatioun ronderëm de Brexit onverännert. Et gëllt wat schonn ëmmer gegollt huet, ouni d‘Ratifikatioun vun engem Accord gëtt et och keng Iwwergangsperiod, mee eng schmäerzhaft Trennung vu bis ewell eng verbonne Partner. Mam Boris Johnson a senge „roude Linnen“ geet et awer schéi weider an d‘Richtung vun engem haarde Brexit.

ParäisDatt de britesche Premier um Austrëttsdatum festhält a gläichzäiteg drop besteet dee vum Theresa May ausgehandelten Accord nei ze verhandelen, ass ugesiichts sengem politesche Programm ganz selbstverständlech. Blöd fir de Boris Johnson, d‘EU ka sech keng Neiverhandlung leeschten a wëll dat och net. Dat huet den Emmanuel Macron sengem briteschen Homolog gëschter kloer gemaach.

De Präis vun der Souveränitéit

Elo hat de Boris Johnson – dee mat senge Brexit-iwwerzeegte Minister de Backstopp fir en Ugrëff op déi britesch Souveränitéit hält – awer eng Propose mat am Gepäck, déi eng Iwwerleeung wäert ass. Hien huet d‘Méiglechkeet vun enger „digitaler Kontroll“ an d‘Gespréich bruecht. Mat dëser Moossnam kéint ee verhënneren, datt et zu enger befestegter Grenz op der grénger Insel kënnt.

ParäisLeider schéngt dem BoJo seng Iddi net den Nerv vun der Zäit ze treffen. Esouwuel d‘Ire selwer, wéi och d‘EU-Kommissioun, hale séier wéineg vun dëser Alternativ, déi beschtefalls als Zukunftsprojet an de Raum gestallt ka ginn. An esou lues awer sécher stellt ee sech zu Bréissel op eng Scheedung ouni Ofkommes an. Dat awer kéint dat britescht Parlament nach verhënneren, also theoretesch…

Virbereedung op Neiwahlen

Wann de Boris Johnson sech erhofft, datt d‘EU nogëtt, am Fall wou d‘Parlament sech hannert hie stellt, da huet hie sech geschnidden. Dee ganze Scheedungsprozess kann net méi zu Bréissel, Berlin oder Paräis geléist ginn, dëse Knuet mussen déi britesch Parlamentarier léisen. An déi kéinte mat engem Mësstrauensvott, wuel de Brexit selwer net méi verhënneren, awer fir Neiwahle suergen.

Paräis

E Fait deen dem britesche Premier bewosst ass, firwat seng EU-Tournée nees e gewësse Sënn ergëtt an net dierf ënnerschätzt ginn. Mat senge Gespréicher beim Angela Merkel an dem Emmanuel Macron bereet hie sech op e méigleche Wahlkampf vir. Wann een da weess, wéi de Boris Johnson Campagne bedreift, da muss et erlaabt sinn him ze ënnerstellen, hie géif e Sënnebock sichen.

Kee Gespills… mee batteren Eescht

Datt sech Frankräich an Däitschland elo awer géifen de schwaarze Péiter zouschoustere loossen, an dat och nach grad vu engem Politiker dee seng ganz „Muecht“ op engem Ligekonstrukt opgebaut huet, dovunner ass net auszegoen. Si hunn dem Boris Johnson elo 30 Deeg Zäit ginn, der Unioun eng realistesch Alternativ zum Backstopp virzeleeën, déi de bekannte Fuerderunge gerecht gëtt.

ParäisAlso keng „siichtbar“ Grenz tëscht der britescher Provënz Nordirland an der Republik Irland, an de Schutz vum EU-Bannemaart. Domatter bleift de schwaarze Péiter beim Boris Johnson. An et sollt een net mengen et wier e Spill. De Brexit ass eng ganz eescht Ugeleeënheet. Fir d‘Briten engersäits, fir d‘EU an déi iresch Republik anersäits. Ouni Vertrag, kann et keng Gewënner ginn…

mat indymedia/par/lon

Foto: De Boris Johnson an den Emmanuel Macron beim „Tête-à-Tête“ am Elysée-Palais. Lacker lässeg huet de britesche Premier seng Positioun verdeedegt, an de franséische President huet him ganz manéierlech e Kuerf ginn. © Elysée

Related topics Backstopp, Boris Johnson, Brexit, Emmanuel Macron, Irland, No Deal, Nordirland
Next post Previous post