Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ADEM vereinfacht d‘Aschreiwen
International Neiegkeeten

how to choose name for online dating

Fir et de Leit, déi sech um Aarbechtsamt (ADEM) aschreiwe

https://moien.lu/truth-behind-dating-sites/
International Neiegkeeten

All Dag komme 40.000 belsch Pendler bei eis schaffen – an dowéinst ginn d’Zuch-Ticketen fir op Arel elo mi bëlleg!

Den Individualverkéier reduzéieren, ass ugesicht dem wirtschaftleche Wuesstem an den

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel
International Neiegkeeten

Isaac Asimov: De Stär am Science Fiction Himmel

Et gi wéineg Nimm, déi so grouss an nohalteg kléngen

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert

Déi britesch Pharmaindustrie huet e Freideg bekannt gemaach, datt si Reserven u Medikamenter uleet. Si wëll esou virbereet sinn, sollt et zu engem haarde Brexit kommen. Et gëtt gefaart dat et an deem Fall zu Enkpäss bei der Versuergung komme kéint.

„Mir si gefrot gi fir dat ze maachen, fir all Medikament dat mir hierstellen. Et ass déi gréisste logistesch Erausfuerderung, där sech d‘Industrie a Friddenszäiten ze stellen huet“, esou den Mike Thomson, Generaldirekter vun der Vereenegung vun der britescher Pharmaindustrie (ABPI) an engem Entretien mat der AFP.

Dës Initiativ kënnt zum Zäitpunkt, wou d‘Regierung ugekënnegt huet, datt si wëll Reserve vu Medikamenter a Liewensmëttel uleeën. Dat hisichtlech engem EU-Austrëtt ouni Accord zum Brexit, datt derzou géif féieren, datt vun engem Ament op deen aneren, keng Handelsbezéiung méi géif bestoen.

Wat déi eng kënnen ass fir déi aner onméiglech

Laut der Premierministesch Theresa May, ass dat ganzt just eng Moossnam fir d‘Bevëlkerung ze berouegen. An entgéint der Pharmaindustrie, gesinn d‘Profien aus der grousser Distributioun déi Demande mat Skepsis. Fir si ass schonn eleng de Gedanken, Liewensmëttel lageren ze wëllen, lächerlech.

„Déi grouss Distributeure verfügen net iwwert déi noutwenneg Infrastrukture fir déi Liewensmëttel ze stockéieren, an am Fall vu frëschen a verdierfleche Wueren ass det einfach onméiglech“, heescht et an engem Communiqué vun der Vereenegung „British Retail Consortium“ (BRC).

„Eis Liwwerketten ass immens empfindlech an dësen Debat ass nëmmen e weidere Beweis, dat et néideg ass e „Plang B“ ze hunn, mat deem séchergestallt ass, datt d‘Handelsbezéiungen och nom 29. Mäerz ouni Friktioune weidergefouert kënne ginn“, esou de Communiqué weider.

Groussbritannien brauch en Handelsaccord

D‘Angscht virun engem Brexit ouni Handelsaccord huet zougeholl, well et der Premierministesch einfach net gelénge wëll, d‘Europhoben an der eegener, konservativer Partei ze iwwerzeegen, datt eng enk Handelsbezéiung mat der EU vun entspriechender Bedeitung ass.

En Donneschdeg hat de Chef-Verhändler vun der EU, de Michel Barnier, eng vun de Schlëssel-Propose vun der britescher Exekutive zréckgewisen, mat där d‘Ëmsetzung vun der Zoll-Politik vun der EU u London soll delegéiert ginn. Op „Channel 5“ e Mëttwoch interviewt, huet d‘Theresa May verséchert, datt d‘Regierung beméit ass, bis Oktober en Accord mat der EU auszehandelen.

„Et geet net nëmmen ëm de Stockage. D‘Iddi (…) ass et sécherzestellen, datt een al déi Saache maache kann déi noutwenneg sinn, wa mir bis emol d‘EU verlooss hunn, wa mir si ouni Accord verloossen“, esou d‘Theresa May.

Medikamenter hunn en anere Stellewäert

An der Iwwerleeung vun der Regierung hunn d‘Medikamenter dann och en anere Stellewäert wéi Liewensmëttel. Wann do net méi „alles“ ze kréien ass, kënnen sech d‘Briten ëmstellen oder ee méi héije Präis a Kaf huelen. Bei de Medikamenter ass dat eng aner Saach…

Déi Suergen si berechtegt, wëll an Zukunft wëll d‘EU, datt all déi Medikamenter déi a Groussbritannien hiergestallt ginn, op e neits an den europäesche Laboratoire kontrolléiert ginn (also eng nei Zouloossung erhalen) iert se Patiente kënne verschriwwe ginn. Dat hätt e staarken Impakt op den Approvisionnement vu Milliounen Traitementer.

„Krankheete kenne keng Grenzen. Ons Industrie huet net vill Zäit. Mir mussen elo zesumme schaffen a ganz pragmatesch virgoen“, ënnersträicht de Mike Thomson. Hie warnt awer och, datt et zu Enkpäss bei britesche Medikamenter komme kéint, déi fir Patienten um Kontinent immens wichteg sinn, sollt d‘EU sech an dem Dossier op en Accord behaapten.

Déi britesch Pharmaindustrie huet eng staark Lobby

Déi britesch Regierung huet verlaangt, datt d‘Medikamenter an all zukünftegt Zoll-Ofkommes mussen afléissen, erkläert de Mike Thomson. Mee elo ass et esou, datt Bréissel nach net verroden huet, wéi si wëlles huet den Import vu Medikament aus Groussbritannien ze behandelen.

Hei muss een elo wëssen, datt d‘ABPI all déi „Schwéiergewiichter“ vun der Welt an dësem Secteur vertrëtt. Dat mécht aus Groussbritannien e wichtege Pôle d‘Echange, an stellt zudeem eng enorm Wirtschaftskraaft duer. Et war jo och net vu Muttwëll, datt d‘EU sengerzäit entscheet hat, déi europäesch Agence fir Medikamentesécherheet (EMA) zu London ze installéieren.

Mam Brexit awer, huet d‘Agence hir Zelter zu London ofgebaut. D‘Institutioun a seng ronn 900 Mataarbechter, där hiren Optrag et ass Medikamenter ze préiwen an zouzeloossen, iert se op den europäesche Maart gelaangen, kritt elo zu Amsterdam eng nei Heemecht.

mam Jitendra Joshi/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Handelsofkommes, Pharmaindustrie, Thersea May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel