Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis
Neiegkeeten

Irak: Dräi Doudeger bei Attack op US-Basis

Bei engem Rakéitenugrëff op d‘US-Basis zu Tadschi (onwäit vu Bagdad)

Tréinen a Freet leie no beieneen
Neiegkeeten

Tréinen a Freet leie no beieneen

A Frankräich ass den 4. September Schoulrentrée. Ongeféier 12 Milliounen

Wäisswampech: E Raiffeisen Bankomat gouf gesprengt
Neiegkeeten

Wäisswampech: E Raiffeisen Bankomat gouf gesprengt

Wéi d’Police matdeelt hunn Onbekannter an der Nuecht géint 01:40

En Highway fir de Vëlo

Den éischte Streckenofschnëtt vun der Express-Vëlospist Esch - Lëtzebuerg gouf virgestallt

En Highway fir de Vëlo

Gëschte um Fonds Belval huet de Mobilitéitsminister François Bausch zesumme mam Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der Stad Esch-Uelzecht, d‘Projete vun de geplangten Express-Vëlospisten zu Lëtzebuerg virgestallt. Den éischte Streckenofschnëtt gouf och virgestallt.

Datt mir eis zu Lëtzebuerg op Alternative beim Individualverkéier mussen aloossen, dat ass net méi vun der Hand ze weisen. De Vëlo – klassesch oder elektresch – ass eng valabel Optioun, wann de Wee u sech entspriechend sécher ass. Dës Sécherheet, déi besonnesch bei „laangen“ Distanzen zum droe kënnt, sollen „Highways“ fir de Vëlo bidden. Wéi dat soll ausgesinn huet de Minister erkläert.

Highway

Objektiv vun der Schafung an Aféierung vun dësen Express-Vëlospisten, ass et d‘Leit ze motivéiere fir den Auto stoen ze loossen, an esou dem latente Verkéierschaos op eise Stroossen eppes entgéint ze stellen. An d‘Regierung hätt sech engagéiert konsequent de nationale Vëlospiste-Reseau weider auszebauen, woubäi den Akzent elo soll op d‘Express-Vëlospiste geluecht ginn. Esou de Plang…

2 Kilometer tëscht Esch a Belval sinn en Ufank

Den éischten Tronçon vun esou engem Highway fir Drotiesele soll d‘Stad Esch mam Belval (PC8) verbannen. D‘Distanz: 2 Kilometer, de Präis: 36 Milliounen Euro, Start vun den Aarbechten: 2020. Et ass ee „besonnesche“ Projet, well hei eng Passerelle vun 1.700 Meter (wat och de Präis erkläert) ageplangt ass, déi iwwert de Standuert vun ArcelorMittal féiert a laanscht d‘Eisebunn gebaut gëtt.

HighwayWat huet et elo mat dësen Express-Vëlospisten op sech? Laut dem Minister sollen et „strukturéiert Verbindunge vun héijer Qualitéit tëscht groussen Agglomeratioune“ sinn. Dat „klengt Stéck“ dat e Freideg virgestallt ginn ass gehéiert zur PC104 Lëtzebuerg – Esch, déi laanscht d‘Autobunn gebaut gëtt an eng Längt vu ronn 28 Kilometer wäert hunn. Kléngt interessant… an dat ass et och.

Interessant sinn och d‘Standarden déi hei zur Uwennung komme sollen. Si sollen tëscht 3,5 a 4,5 Meter breet sinn an et soll néierewou eng Steigung vun iwwer 6%. Dës Express-Vëlospiste sinn der doucer Mobilitéit virbehalen, an laut dem Minister sollt een hei héchstens engem Trakter begéinen. Fir de PC104 Lëtzebuerg – Esch geet een um Ministère vun ee puer dausend Trajeten/Dag aus.

2022 soll de Streckenofschnëtt fäerdeggestallt sinn

Wann alles wéi geplangt realiséiert gëtt, kéint déi urban Verbindung bis zur Ouverture vun „Esch: europäesch Kulturhaaptstad“ fäerdeggestallt sinn. Hei sollt een awer bedenken, datt emol ganz ofgesi vun der impressionnanter Passerell, och de Gabarit vun de bestoende Stroosseninfrastrukture muss op de Leescht geholl ginn. Et wäert och Amenagementer bei Trottoire musse ginn.

HighwayEsou an der Strooss „An der Schmelz“ wou d‘Foussgänger an d‘Cyclisten sech dann ee 4,5 Meter breeden Trottoir/Vëloswee deele sollen. Eng Unterführung vun 22 Meter längt a 5,4 Meter breet, fir ënnert der Eisebunn duerchzefueren ass och virgesinn. Donieft soll et eng Sektioun mat landschaftlechen Amenagementer ginn. Et géifen zudeem d‘Beem erhale bleiwen, esou de Minister.

Aktuell verfüügt Lëtzebuerg iwwer 632 Kilometer Vëlospist. D‘Zil vun der Regierung ass et, dëse Reseau op zukünfteg 1.102 Kilometer ze erweideren. Virgesi sinn insgesamt 41 Streckeverleef.

HighwayDe Minister huet seng Zouversiicht wat de „Besoin“ betrëfft, un enger „representativer Ëmfro“ vun der Kristallkugel-Entreprise TNS-Ilres festgemaach, déi 2017 suggeréiert huet, datt 55% vun den Awunner op qualitativ héichwäerteg Vëlospiste waarden. Et war e Sondage deen de Ministère an Optrag ginn huet, an dee wéi alles wat kommerziell Sondeure virleeë mat Virsiicht ze genéissen ass.

Foto: (v.l.n.r.) Pim Knaff (DP), Schäffe vun der Stad Esch-Uelzecht; Martin Kox (déi gréng), Schäffe vun der Stad Esch-Uelzecht; Georges Mischo (CSV) Buergermeeschter vun der Stad Esch-Uelzecht; François Bausch (déi gréng), Mobilitéitsminister a Vizepremier; André Zwally (CSV) Schäffe vun der Stad Esch-Uelzecht. © MMTP

Ähnlech Sujeten Esch-Belval, Express-Vëlospisten, François Bausch, Mobilitéitsalternativ, Mobilitéitsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel