Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Biber: De Buerghäer ass zeréck!
International Neiegkeeten speed dating mk

https://moien.lu/online-dating-profile-first-date-examples/

Zu Lëtzebuerg war de Biber ronn 200 Joer ausgestuerwen. De

dating lab limited jersey
International Neiegkeeten speed dating mk

Jubiläum fir e Genozid

Et ass roueg an der Haaptstad vum Ruanda. Een Dag

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)
International Neiegkeeten speed dating mk

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren

Groussbritannien huet en neie Premierminister

US-Protegé Boris Johnson mat däitlecher Majoritéit zu Chef vun den Tories gewielt

Groussbritannien huet en neie Premierminister

Et war eigentlech kloer, mee elo besteet Gewëssheet: de fréiere briteschen Ausseminister a Favorit vum Donald Trump, de Boris Johnson huet sech mat 66,4% géint säi Rival, den Jeremy Hunt duerchgesat kritt. Domadder ass Nofolleg vum Theresa May gekläert, de Boris Johnson ass elo Chef vun de Konservativen a muss muer vun der Queen zu Premierminister ernannt ginn.

No dëser – dach awer däitlecher – Victoire wëll de Boris Johnson den Austrëtt aus der europäescher Unioun erbäiféieren, ob mat oder ouni Accord. Gläichzäiteg wëll hien d‘Briten nees als Gesellschaft „zesummeféieren“ an de politesche Géigner, Jeremy Corbyn matsamt senger Labour an d‘Abseits stellen. Frëndschaft mat der EU an demokratesch Selbstbestëmmung wiere keng Widderspréch…

PremierministerWéi hie sech dat elo virstellt: de Brexit mat Bréissel nach emol ze verhandelen, wou jo eigentlech längst alles gesot a schrëftlech festgehale ginn ass, an d‘EU-Kommissioun signaliséiert hat, datt et entweder de virleienden Accord oder Näischt ass? Ma guer net, wëll dat hien an der Campagne an och soss laang a breet betount, hie vollzitt den Austrëtt – onbeuecht den Auswierkungen – egal wéi.

Personalkarussell

Interessant dierft et elo sinn, wien de Boris Johnson u senger Säit wëll hunn, fir all déi groussaarteg Projeten ze realiséieren, déi Groussbritannien nees „great again“ maache wäerten. Säi Géigespiller, den Jeremy Hunt wäert e Wackelkandidat sinn, dofir schéngt geséchert, datt den zukünftege Premier ob bewäert Gesiichter, wéi déi fréier Brexitminister Dominic Raab an David Davis zougräife wäert.

PremierministerDéi aus sengem Lager, wou net mat der politescher Ausriichtung an/oder dem haarde Brexit kënnen averstane sinn, sollten hiren Hutt huelen, wann dat net scho geschitt ass. Esou zum Beispill haten de Finanzminister Philip Hammond an de Justizminister David Gauke schonn e Sonndeg annoncéiert hir Mandater néierzeleeën, sollt de Boris Johnson zum Parteipresident a Premier gewielt ginn.

Mam Philip Hammond kéint de Boris Johnson en zolitte Géigner an der Partei kréien. Dee ka sech virstellen den neie Parteipresident ze stierzen an zum „Leader vun de pro-europäesche Rebellen“ an der Tory-Fraktioun eruwuessen. E Sonndeg an der Sunday Times: „Ech wäert vun der hënneschter Bänk alles maache fir sécherzestellen, datt d‘Parlament en ongeuerdenten Austrëtt blockéiert“.

PremierministerVun den pro-EU Minister, wéi dem Wirtschaftsminister Greg Clark an Entwécklungsminister Rory Steward, gëtt sech och e Récktrëtt erwaart. Dat awer manner aus „Protest“, well et géif hinnen déi Schmaach erspueren, vum Boris Johnson „op d‘Schëff“ geschéckt ze ginn. Bleift nach ze erwänen, datt et och nach Tory-Deputéierter gëtt, déi sech Liberaldemokrate kéinten uschléissen…

Grouss politesch Annoncen

No senger Wahl, huet de Boris Johnson ugekënnegt, datt hien emol fir unzefänken déi vereenbaart „Ofschlossrechnung“ vu Bréissel (43,5 Milliarden Euro) zréckzehalen, an dofir d‘Akommessteier fir déi „besser gestalte Briten“ ze reduzéieren. Iert et awer zum Brexit kënnt geet dat britescht Parlament e Freideg an de Kollektivcongé. D‘Aarbecht soll den 3. September nees opgeholl ginn.

PremierministerMuer gëtt d‘Theresa May eng leschte Kéier am „House of Commons“ erwaart, wou si eng Ried hale wäert a sech der Froe vun den Deputéierte stelle muss. Da gëtt et nach eng Ofschlossried an der Downing Street, iert si der Queen hire Récktrëtt virleet. Déi dierf uschléissend den neie Premier mat der Regierungsbildung beoptragen. Et géif ee gären hir Meenung kennen, mee si dierf jo net…

Am géigneresche Lager huet den Jeremy Corbyn „Neiwahle“ gefuerdert, well de Boris Johnson vu manner wéi 100.000 Parteimemberen ënnerstëtzt géif ginn an d‘Bierger net hannert him stinn. Och de Buergermeeschter vu London, Sadiq Kahn, ass wéineg iwwerzeegt vum neie Premier. Fir hien ass de Brexit eng eenzeg grouss Katastroph, där hir Konsequenze Generatioune belaaschte wäerten.

PremierministerDe fréiere Premier Tony Blair huet sech dann och emol erëm zu Wuert gemellt. Géintiwwer der „Welt“ huet dëse behaapt, datt en Austrëtt ouni Accord ausgeschloss wier. Ouni d‘Ënnerstëtzung vum Parlament an de Wieler kéint de Boris Johnson den haarde Brexit net riskéieren. Hie geet vun enger Neiwahl oder engem zweete Referendum aus. Dat ass dann awer de Boris schlecht kennen…

Droleg Gratulanten

Hien hat sech et esou gewënscht an hien huet Satisfaktioun erhalen: den Donald Trump, dee keen Heel dorausser gemaach huet, datt de Boris Johnson „säi“ Kandidat wier, huet sengem Protegé via Twitter gratuléiert. Den US-President, e Mann mat fundéiertem diplomateschem Geschéck, hat säi méiglecht gemaach fir de Brexit-Hardliner an der Campagne „ziilféierend“ ze ënnerstëtzen.

PremierministerDen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, huet dem Boris Johnson och gratuléiert a sech bereet erkläert ob déi bescht méiglech Aart a Weis ze kooperéieren. Dat awer dierf een net „à la Lettre“ huelen. Grouss Stécker hält de Lëtzebuerger net op den zukünftege Premier, mee et muss ee sech jo net de Batti stellen. De Jean-Claude Juncker ass Diplomat an net Agent Provokateur…

Méi interessant ass d‘Ausso vun der neier EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen: „Mir musse vill ënnerschiddlech a schwiereg Problemer zesummen upaken“. Si hofft dann och op eng konstruktiv Zesummenaarbecht. Heibäi geet et an éischter Linn ëm d‘Aart a Weis wéi een am Fall vun engem haarde Brexit bei esou wichtege Sujete wéi Verdeedegung ka weridergoen.

PremierministerDen EU-Kommissär Michel Barnier, deen de Brexit verhandelt huet sot sengersäits: „Ech freeë mech mat Boris Johnson zesummenzeschaffe fir d‘Ratifizéierung vum Austrëttsofkommes ze erliichteren an e geuerdenten Austrëtt aus der Unioun ze erreechen“. Woubäi: d‘EU wëll keng Amendementer um virleienden Accord zouloossen. Politesch ka sech d‘EU dat och net erlaben.

D‘Analys vum Ganzen

Den Exzentriker ass elo endlech do ukomm wou hien ëmmer schonn hiwollt. Wann haut d‘Queen hire Sege ginn huet, ass hie wuel nach net de „King of the World“ mee op mannst emol Premier vu Groussbritannien. D‘Finanzmäert hu schonn op d‘Wahl reagéiert an d‘Pond wéi den Euro hu Plomme gelooss. Dat beweist datt ausser de pro-europäesche Briten och d‘Welt net iwwerzeegt ass.

Premierminister

Labour huet schonn emol opgeruff ze demonstréieren. Si hoffen op Neiwahlen, wat zwar eng Méiglechkeet wier dem politesche Chaos op der Insel ze begéinen, den Austrëtt aus der EU awer net méi verhënnere kann.

An dofir gëtt et vill (gutt) Grënn. Et ass nämlech net esou datt de Boris Johnson ee Plang hätt wéi hien dat mam Brexit kéint hikréien. Hien ass ee vun deenen déi et mat der Wourecht net esou genee huelen. Zil vum ganzen Terror war et an der Downing Street 10 seng Zelter opzeschloen, an dat ass erreecht ginn. Eng pragmatesch Léisung déi e koordinéierten Austrëtt géif erméigleche gëtt et net.

Den Hardliner huet hie quasi den „No Deal“ versprach, falls d‘EU net nei verhandele wëll. Der Partei-Basis huet hie verklickert datt de Brexit esou gutt wéi kaum eppes géif kaschten, an déi 48% vun de Briten déi an der EU bleiwe wëllen, ginn a kenger Weis berécksiichtegt. De Problem deen sech hei opdeet: wéi wëll oder kann de Boris Johnson all dat wat hie versprach huet anhalen?

PremierministerEng Brexit-Neiverhandlung kann een ausschléissen, eng Majoritéit am Parlament gëtt et fir den haarde Brexit net. An dësem Punkt huet de neie Premier scho verluer. De Boris Johnson hat virun dräi Joer d‘Brite mat Ligen a falsche Verspriechen an d‘Fal gelackelt. Eng Chance dat nach higebéit ze kréie gëtt et realistesch betruecht net. Déi politesch Kris a Groussbritannien kënnt eréischt…

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, Jean-Claude Juncker, Jeremy Corbyn, Premierminister, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel