Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Appell un d’Komponisten: ee musikalesche Concours fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag
International Meenung Neiegkeeten

Appell un d’Komponisten: ee musikalesche Concours fir dem Grand-Duc säi Gebuertsdag

Musikalesch Talenter opgepasst: Am Kader vun der Gebuertsdagsfeier vu senger

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag
International Meenung Neiegkeeten

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag

Am Kader vun de Feierlechkeeten zu Nationalfeierdag huet de Ministère

De Christophe Hansen zum Green Deal, Zweete Weltkrich a méi
International Meenung Neiegkeeten

De Christophe Hansen zum Green Deal, Zweete Weltkrich a méi

Zu Stroossbuerg steet dës Woch eng Plenarwoch un, bei där

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model

D‘Decisioun vum Grupp Daimler sech vu sengem Standuert vun Hambach (Smart City) ze trennen ass ee schwéiere Schlag fir déi ganz Regioun. Dëse Grupp hat schonn am Abrëll 2019 ugekënnegt, datt en Deel vun der Produktioun a China géif ausgelagert ginn. Daimler beweist hei wéi een sech konsequent enger Gestioun unhëlt, déi d‘Salariat an d‘Bevëlkerung am Interessi vum Aktionariat affert. Mir verweigeren eis dëser destruktiver Logik.

D‘Natur vum entscheedende Grupp, d‘Lokalisatioun vum Site, grad wéi déi héich Resonanz vun dësem industrielle Projet, dee mat vill Pomp vum däitsche Bundeskanzler Helmut Kohl an dem deemolege franséische President Jacques Chirac 1997 ageweit gouf, ginn dësem sozialen Äerdbiewen eng däitsch-franséisch, wéi och eng europäesch Dimensioun. Dëse Standuert ass ee modernen industriellen Atout a gouf grousszügeg mat ëffentlechem Geld finanzéiert, an dat zanter senger Grënnung. Dat supposéiert mindestens, datt hei misst de Statut vun enger gedeelter privat-ëffentlecher Proprietéit ugewannt ginn.

Déi progressiv politesch, gewerkschaftlech an associativ Kräften, d‘Fraen an d‘Männer aus dem lénke politesche Spektrum wéi och d‘Ekologisten, kënnen dat net ouni weideres esou unhuelen. Mir drécken als éischt alle Salariéeën, déi sech mobiliséiert hunn fir hir Aarbechtsplaz ze verdeedegen, eis Solidaritéit aus. Mir ruffen déi respektiv Regierung op, de Verkaf vum Site ze verhënneren.

An engem Kontext vu enger schlëmmer sozialer, ekonomescher a politescher Kris, schued d‘Entscheedung vum Grupp Daimler net eleng de Salariéeën an der betraffener Bevëlkerung, mee och den däitsch-franséische Bezéiungen iwwert eis Grenzen ewech, an droen derzou bäi, datt sech d‘Mënsche vun der Politik an dem europäesche Gedanken trennen, wat dann nees Waasser op d‘Mille vun den Nationalisten an hire verwerflechen Ideologien ass. Et dreift ganz Populatiounen an d‘Aarmut a fërdert de sozialen Ofstig.

DaimlerD‘Zukunft vun der europäescher Automobilindustrie ass zudeem och eng strategesch Fro. Et setzt viraus, datt Äntwerte fonnt ginn, déi esouwuel de sozialen, wéi och den ekologeschen Uspréch gerecht ginn. Dat geet net ouni d‘Uspréch vun eenzeg den Aktionären a Fro ze stellen. Um Niveau vun Europa brauch et nei Kooperatiounen, nei Gestiounsmodeller un deenen den ëffentleche Pouvoir an d‘Personaldelegatioune bedeelegt ginn, dat besonnesch bezunn op déi strategesch Decisiounen.

Et muss een sech vun der finanzieller Gestiounslogik trennen, fir sech den neien Erausfuerderungen unhuelen ze kënnen. D‘Mobiliséierung vun de Ressourcen, fir d‘Kreatioun vun engem méi propperen a spuersame Gefier – ob mat engem thermeschen oder elektresche Moteur – muss vun enger Relokalisatioun vun der Produktioun an enger Aarbechtszäitverkierzung (32 Stonne-Woch a Pensiounsusproch ab 60 Joer) begleet ginn.

D‘Coronavirus-Kris huet d‘Fragilitéit vum aktuellen ekonomeschen Entwécklungsmodell, wéi och d‘Drénglechkeet vum Austrëtt aus der neoliberaler Politik an Evidenz gesat. Déi ënnerzeechnend Parteien, Organisatiounen an d‘Bierger riichten en Appell un déi däitsch a franséisch Regierungen, wéi och un déi europäesch Instanzen, Daimler d‘Vente vum Site ze verbidden.

Déi politesch Instanze vun de Länner an der Europäescher Unioun mussen sech um Schachbriet vun de groussen Automobilkonzerner duerchsetzen, fir dären hir Strategien nei ze orientéieren, an esou déi sozial an ekologesch Fuerderungen, um Niveau vum Kontinent an iwwert déi fräi Konkurrenz ewech, ze berécksiichtegen.

Matgedeelt vun: PTB (Parti du Travail Belge); déi lénk; déi Linke, PCF (Parti Communiste France), Parti de la Gauche européenne; DGB (Deutscher Gewerkschaftsbund) a fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: © Smartville/Daimler Group

Nächsten Artikel Virrechten Artikel