Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Steesel: Konferenzzyklus a Visite guidée an den ënnerierdesche Festung-Anlagen
International Neiegkeeten

Steesel: Konferenzzyklus a Visite guidée an den ënnerierdesche Festung-Anlagen

Mir besichen di ënnerierdesch Galerien a Kasematte vun de Forte

Feier a Paräisser Notre-Dame Kathedral ënner Kontroll
International Neiegkeeten

Feier a Paräisser Notre-Dame Kathedral ënner Kontroll

Nom Feier an engem vun de bekanntste reliéise Gebaier op

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass
International Neiegkeeten

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

Zu Bréissel war d‘Stëmmung um Donneschdeg eppes méi gereizt wéi

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen

An de leschte Sondagen hunn dem Boris Johnson seng lëschteg konservativ u Buedem verluer

Muer ginn d‘Briten sech en neit Parlament wielen

Laut de leschten offizielle Sondagen, ass de Virsprong deen d‘Tories op Labour haten eppes méi kleng ginn. Enn November waren déi nach ganz zur Faveur vum Boris „King of the World“ Johnson (68%) ausgefall, elo ginn d‘Scharlatane vum Meenungsfuerschungsinstitut „YouGov“ nëmmen nach vun engem klenge Virsprong (28 Mandater) aus. Op dat stëmmt wësse mir muer…

Hält een sech awer en Ament un den Zuele vun de Männer a Frae mat der Kristallkugel fest, da géif dat bedeiten, datt d‘Tories op 339 Mandater (vu 650 méiglechen) kommen, während sech dem Jeremy Corbyn seng Labour ëm 20 Sëtzer géif verbesseren an ob 231 Mandater komme géif. Wann also vun engem „Verloscht“ an dësem Sondage rieds ass, esou ass dësen awer iwwersiichtlech.

Boris

Et wier eng däitlech Majoritéit, déi dem BoJo et géifen erlaben de Brexit-Accord no sengem Gusto duerch d‘Parlament ze bréngen. D‘Oppositioun ka sech dann enger Scheedung net méi verweigeren. Dat kann nëmmen dann nach geléngen, wann et beim Auszielen zu enger sougenannter Hängepartie kënnt, also keen eendeitege Gewënner ermëttelt gëtt an et nees muss e Koalitiounspartner ginn.

Zumindest „Representativ“

Während zu Lëtzebuerg d‘TNS-Ilres, géint entspriechend Finanzmëttel, aus engen dausend Leit eng representativ Ëmfro am Sënn vum Optraggeber mécht, hunn d‘Hellseher vu YouGov wéinstens hei a siwen Deeg 100.000 Mënsche sondéiert. D‘Resultater sinn uschléissend fir all d‘Wahlbezierker héichgerechent ginn (ausgeholl Nordirland) woubäi déi lokal Spezifizitéite berécksiichtegt goufen.

BorisBis zu dësem viraussiichtlech leschte Wahlsondage, hunn d‘Tories ëmmer gutt zéng Prozentpunkte viru Labour geleeën. Béid Parteie konnten sech – esou zumindest d‘Behaaptung vu YouGov – awer géintiwwer de klenge Parteie verbesseren, déi eng ëmmer méi niewegeuerdent Roll ze spille schéngen. Dat trëfft primär op d‘Liberaldemokraten an d‘Green Party zou, wann et da stëmmt…

De Sondage wäert also och d‘Wahlverhale beaflossen an et kéint sinn, datt sollten d‘Wieler vun de „LibDems“ zu Labour iwwergoen, déi absolut Majoritéit vun den Tories bedreet ass. Woubäi et do nach de Facteur „Majorzsystem“ gëtt. D‘Brite kennen nëmmen d‘Majoritéitswahlrecht an esou kréien och nëmmen d‘Kandidate mat de meeschte Stëmmen eng Sëtzplaz am House of Commons.

mat indymedia/lon

Foto: E fréiere Wieler vun den Tories, dee wéinst dem Brexit seng Stëmm elo u Labour „verléint“. Dëse Wahlkampf ass dann och e bëssi esou eppes wéi e „Referendum“, woubäi sech d‘Briten esou kee Gefale maachen. Si sinn „dobaussen“ egal wéi, an sollten uecht doe wat hinne vun de Parteien op nationalem Niveau gebuede gëtt. Gesondheet, Sécherheet a Wirtschaft sinn am Kontext vum Brexit déi wierklech Prioritéiten. Woubäi et si Briten, si fueren op der falscher Säit an hale waarme Béier mat Fish & Chips fir e gastronomescht Highlight… © Guy Dorell

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, Jeremy Corbyn, Labour, Parlamentswahlen, Sondage, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel