Search

You may also like

Schéisserei zu Utrecht: Police geet vun terroristeschem Motiv aus
Neiegkeeten

Schéisserei zu Utrecht: Police geet vun terroristeschem Motiv aus

Nodeems e Méindeg de 37 järege Gökmen Tanis an engem

Schwéier Schied duerch Äerdbiewen zu Zagreb
Neiegkeeten

Schwéier Schied duerch Äerdbiewen zu Zagreb

Wéi d‘Kollege vu „24sata.hr“ beriichten, huet et um Sonndegmueren zu

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt
Neiegkeeten

Krautmaart: wat ausser dem Premier senger Ried gebuede gëtt

Wann ee sech sollt dierfen drop verloossen, datt de Premierminister

En „oppene Bréif“ fir d‘Julia

Iwwer 400 zivilgesellschaftlech Organisatiounen aus 12 EU-Memberlänner fuerderen eng radikal Reform vun der europäescher Agrarpolitik

En „oppene Bréif“ fir d‘Julia

Mat engem oppene Bréif, adresséiert un déi däitsch Landwirtschaftsministesch Julia Klöckner (CDU), déi am Kontext vun der däitscher EU-Rotspresidence de Virsëtz am Rot fir Landwirtschaft a Fëscherei iwwerholl huet, hunn sech iwwer 400 zivilgesellschaftlech Organisatiounen aus 12 EU-Memberlänner op ee gemeinsame Fuerderungskatalog accordéiert kritt.

Ab dem 30. August sollen d‘EU-Landwirtschaftsminister beim Agrarsommet zu Koblenz iwwert déi gemeinsam Agrarpolitik vun der Unioun (GAP) beroden. Hei sollen d‘Léieren aus der Covid19-Pandemie gezu ginn, iwwert d‘Déierewuel-Initiativen, den Asaz vu Pestiziden an den Ëmfang wéi d‘Verdeelung vun de Subsiden ze gestalten ass, berode ginn. E grousse Programm also.

Dat schéngt den Initiatore vum „oppene Bréif“ no, eng gewalteg Aufgab vir déi nawell ëmstridde Landwirtschaftsministesch vun der CDU ze sinn. Eng Reform ass wuel längst iwwerfälleg, an et ass wichteg ze wëssen, datt de Volet „Landwirtschaft & Fëscherei“ bis zu 30% vum nächsten EU-Haushalt ausmécht. Masseg Geld, dat bis ewell ëmmer nees an déi falsch Hänn geroden ass.

Elo ass et da fir d‘Signataire vum oppene Bréif awer och esou, datt de GAP en zentrale Schlëssel zur Bewältegung vun de sozialen an ekologeschen Erausfuerderungen ass. D‘Covid19-Pandemie sollt eis bewosst gemaach hunn, datt d‘Ernierungssouveränitéit vun der Europäescher Unioun muss ganz uewen op der Prioritéitelëscht festgemaach ginn. Et misst een d‘Handelsaccorde préiwen…

Green-Deal a Farm2Fork

Mat der Politik vum „wuessen oder weechen“, wou Bréissel an all d‘Landwirtschaftsminister an der EU bewosst, vill kleng Betriber zum Opgi gezwongen hunn, ass bis ewell nëmmen de Fuerderunge vun der Agrarlobby, der Agrarindustrie an deels och der Finanz Rechnung gedroe ginn. Et ass ganz bewosst, d‘Produktivitéit zu Laaschte vu Déier, Mënsch an Natur an Ëmwelt privilegiéiert ginn.

Bëlleg Importer/Exporter aus dem „globale Süden“ wieren och en Ausdrock vun dëser Politik an et dierft net weider zougelooss ginn, datt eis Aart a Weis vun der Liewensmëttelproduktioun, eis Biedem an Aartevillfalt zerstéier, de Klimawandel fërdert an d‘Liewensgrondlag vun de Baueren an de Mënschen am ländleche Raum weider gefäerdet. Et muss also dréngend zur Reform kommen.

Wann d‘EU-Kommissioun sech mat hirer Presidentin Ursula von der Leyen eescht hëlt, an hire Programm fir Nohaltegkeet a Klimaneutralitéit bis 2050 (Green Deal) zum Wuel vun der Allgemengheet ëmsetze wëll, zu deem jo och d‘Initiativ „Farm2Fork“ an déi sougenannte Biodiversitéit-Strategie gehéieren, brauch en eng grondleeënd Neiopstellung vun der Agrarpolitik.

Domadder wier jo eigentlech kloer, datt et ee „weider esou“ oder esouguer mat enger Adaptatioun vum aktuelle System net ka gedoe sinn. D‘Signataire vum Bréif, zu deenen och déi Lëtzebuerger Organisatioun „Meng Landwirtschaft“ gehéiert, weisen drop hin, datt wa sollt wëlle séchergestallt ginn, datt an Zukunft nach Liewensmëttel an der EU hiergestallt solle ginn, et eng Reform brauch.

Annex: Oppene Bréif (däitsch Fassung) & Oppene Bréif (englesch Fassung)

Foto: Nëmmen eng radikal Reform vun der europäescher Agrarpolitik (GAP) kann nohalteg fir eng besser Ernierung a sozial Kohesioun suergen © Dane Deaner / unsplash

Related topics Agrarlobby, Agrarpolitik, EU-Presidence, Farm to Fork, GAP, Green Deal, Reform
Next post Previous post