Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kronospan: E Feier op engem industrielle Site a seng Folgen
Neiegkeeten

Kronospan: E Feier op engem industrielle Site a seng Folgen

An der Industriezon „Gadderscheier“ hat et den 31. Juli bei

Wéi gutt kenns du Esch?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Esch?

Esch ass eis zweet gréisste Stad a stoung an de

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert
Neiegkeeten

Den internationalen Dag vun der Pressefräiheet 2018, erkläert

Haut um 3. Mee fënnt den internationalen Dag vun der

Den Etienne Schneider schéisst zeréck

Den Etienne Schneider schéisst zeréck

Nodeems d‘CSV d‘Press um Méindegmueren agelueden hat op e Kaffi laanscht ze kommen, an een hei mat der Regierung haart an d‘Geriicht gaangen ass, war et ze erwaarden, datt déi sech géif zu Wuert mellen. Mat engem oppene Bréif erwiert sech de Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) den Attacke vum Claude Wiseler.

D‘CSV, déi längst beim Wahlkampf ukomm ass, huet bei sengem Rendez-vous mat der Presse keen Heel draus gemaach, datt si déi aktuell Koalitioun als esou gutt wéi beendegt ugesäit. Eng Usicht, déi den Etienne Schneider esou net gëlle léisst. Just well d‘Parteien sech esou lues op d‘Wahle virbereeden, an et logesch ass, datt jiddereen zu de Sujeten déi am Wahlkampf wäerten ustoen, och eng Positioun anhëlt, heescht net, datt ee sech an der Koalitiounsregierung oneens wier.

De Vizepremier verweist dann op säi Regierungs- a Parteikomerod, den Inneminister Dan Kersch, deen emol gesot hat, datt och wann DP, LSAP an déi Gréng eng Regierung forméieren, et dach awer dräi verschidde Parteie mat veschidde Prioritéiten an Usiichte wieren. Et wier dann och dat, wat der CSV esou grouss Suerge géif maachen, well een trotzt den Ënnerscheeder amstand wier geschlossen opzetrieden.

Wéi een et och mécht, et mécht een et falsch

Den Etienne Schneider formuléiert et esou: „Elo, wou et kloer gëtt, datt déi dräi Parteie selbststänneg, mat eegenen, kloren Iddien an dës Wahle wëlle goen, ouni Koalitiounsausso zu kenger Säit hin – de Wieler soll entscheeden – ass et och net gutt“.

Elo ass et tatsächlech esou, datt de Claude Wiseler eng gewëssen Inkoherenz wëll gesinn hunn an of vun Dissonanz geschwat huet. Datt d‘Koalitiounsregierung elo awer keng gemeinsam Ziler soll hunn, datt ass gewot. De Vizepremier versteet dann och net, wat ee bei der CSV eigentlech wëll. Hie géif kritiséiert well hie weiderhi fir de Wuesstem zu Lëtzebuerg asteet. Mee e freet sech da firwat d‘CSV asteet.

Zanter zwee Joer wier een derbäi Alternative vum aktuelle Wuesstemsmodell ze sichen. Et hätt een den Jeremy Rifkin an eng 300 Lëtzebuerger Experten erugezunn, an och en ëffentlechen Debat wier virgesinn. Bis ewell hätt een et fäerdeg bruecht en Konzept auszeschaffen, wou de Wuesstem ouni Niewewierkunge kéint weidergoen. (nozeliesen op www.tirlux.lu)

An ausser Kritik, well ee keng konstruktiv Virschléi anzebréngen hat, wier vun der CSV häerzlech wéineg an der Chamber ze héiere gewiescht. Sech drop ze beschränken de Leit Angscht ze maache kéint ee scho bal als populisteschen Aktivismus bezeechnen, mee esou wäit wëll den Etienne Schneider dann awer net goen.

Langzäitprevisioune sinn dem Schneider net geheier

Et ass dann och sécher net falsch dovunner auszegoen, wéi et den Etienne Schneider mécht, datt – mat Bezuch op de Statec – och bei null Wuesstem, d‘Land bis 2060 bei ronn 1 Millioun Awunner wäert ukomm sinn. De Vizepremier gesteet sech dann awer an, datt hie vun esou Langzäitprevisiounen näischt hält. Dat läit dorunner, datt aktuell Zuelen extrapoléiert ginn, an zwar esou wéi wa sech näischt méi géif änneren.

Wéi gutt (oder schlecht) esou Prognose sinn, dat mécht den Etienne Schneider mat engem Beispill däitlech. „Laut dem Calot-Bericht aus de 70er Joren, misst Lëtzebuerg haut ausgestuerwe sinn, a laut dem Jean-Claude Juncker senger Rentemauer, missten eis Rentekeesen zanter engem Joer faillite sinn. Fakt ass, datt esouvill Reserven hunn wéi nach ni an hirer Geschicht“.

Zudeem gesäit den Etienne Schneider net d‘Inkoherenz an de Reie vun der Regierung, dofir awer bei der CSV. Si wieren déi gewiescht déi géint d‘Steierreform gestëmmt hätten, well een de Betriber net genuch entgéint komm wier. Mee hätt een de Virschlag vun der CSV matgeholl, hätt ee nach méi Wuesstem wéi dat aktuell de Fall ass.

Dem Vizepremier ass onverständlech, wéi ee kann an engem Saz fir manner Wuesstem plädéieren a gläichzäiteg Mesure fuerderen, déi genee zum Géigendeel géife féieren. Mee vläicht ass der CSV just entgaangen, datt de Lëtzebuerger Liewensstandard an Zesummenhang ze bréngen ass, datt eist Land wirtschaftlech méi attraktiv ass, wéi d‘Nopeschlänner.

Gutt bezuelte Mataarbechter si motivéiert Aarbechter

Den Etienne Schneider weist dann och nach drop hin, datt d‘Wuesstemspolitik vun der Koalitiounsregierung ass, déi et erméiglecht, d‘Proffen, Polizisten, Gemengen- a Staatsbeamte besser ze bezuelen, wéi dat bei eisen Noperen de Fall ass. Et ass och de Wuesstem, den et eis erlaabt grouss Investissementer an d‘Infrastruktur ze maachen.

„Ouni Wuesstem, oder och mat manner Wuesstem, kënne mer deen héije Liewensstandard vun de Lëtzebuerger net oprecht erhalen. D‘Finanz- a Wirtschaftskris vun 2008-13 huet eis gewise wat en niddrege Wuesstem vun ënner 2% fir eist Land bedeit“, esou de Vizepremier a sengem oppene Bréif.

Hie weist zudeem drop hin, datt ouni Wuesstem d‘Logementspräisser wuel géife falen, mee Lëtzebuerg dann en anere Problem hätt: D‘Leit hätte Prêten op hiren Haiser déi méi héich wiere wéi de Maartwäert. Den Etienne Schneider stellt sech also kloer hannert de Wuesstem. E Wuesstem vun deem e sech erwaart, datt deen nohalteg ass.

Wéi a wou positionéiert sech d‘CSV?

Well gewosst ass, datt d‘CSV zwar net mat der Regierungspolitik averstanen ass, wat jo och der Roll vun enger Oppositiounspartei soll sinn, esou géif een see net réckgängeg maachen. Dat féiert dozou, datt den Etienne Schneider nawell ganz gäre vum Claude Wiseler wësse wéilt, woufir hien a seng Partei stinn.

Mat der LSAP wier bei Spuermoossname keng Ënnerstëtzung ze fannen. Am Fall vu „manner Wuesstem“ op Rentekierzungen, Erhéijung vun de Cotisatiounen an esouguer de Rentenalter eropsetzen, wëllen zréckzegräifen, wier e falscht Signal. Zudeem géifen dës Mesuren, de Fall gesat, och net duer goen. Wou dann d‘CSV nach wéilt kierzen, dat sollt se dann och soen.

Fir den Etienne Schneider deet sech e Politiker dann och ervir mat positive Virschléi fir d‘Zukunft, an net mat der Duerstellung vum Weltënnergank. „D‘Digitaliséierung, d‘Robotiséierung an déi kënschtlech Intelligenz, si grouss Erausfuerderungen déi op eis duer kommen, mee et sinn och si déi et eis an Zukunft wäerten erlaben anescht ze wuessen. Ze wuessen ouni déi bekannten negativ Repercussiounen op eis Ëmwelt“.

Et geet also elo scho lass, d‘CSV huet d‘Campagne quasi eegestänneg lassgetrëppelt, an et dierft vläicht nach grad iwwert d‘Feierdeeg eppes méi roueg bléiwen. Eng kuerz politesch Paus iert sech dann dem Wieler gestallt gëtt.

Foto: Den Etienne Schneider léisst sech net vun der CSV beandrocken © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Claude Wiseler, CSV, Etienne Schneider, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel