Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Minister vergräift sech um Kollektivcongé!
Neiegkeeten

Minister vergräift sech um Kollektivcongé!

Och fir e François Bausch (déi gréng) gëtt et Limitten,

dating vegan guys
https://moien.lu/dating-is-not-worth-the-hassle/
Neiegkeeten

D‘EU wëll Terror-Propaganda am Internet verhënneren

Et ergeet dem EU-Kommissär fir d‘Sécherheet an der Unioun, Julian

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?
Neiegkeeten

QUIZ: Wéi gutt kenns du d’Lëtzebuerger Gemengewopen?

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG

En Treffen tëscht dem Landwirtschaftsminister a BIOG

De Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung Romain Schneider huet um vergaangene Freideg, de 7. Juni 2019 d’Delegatioun vun der Bio-Bauere-Genossenschaft BIOG getraff.

Den Echange war immens konstruktiv an huet sech ëm déi aktuell Situatioun vum biologesche Marché bei der Landwirtschaft gehandelt. Dat nationaalt Zil vun der Regierung ass et nämlech, bis 2025 d’Fläch vun der biologescher Landwirtschaft vu 4,6% op 20% ze steigeren.

De Minister Schneider huet dobäi drun erënnert, datt een Aktiounsplang entwéckelt gi wier, fir dëst ambitiéist Zil ze erreechen. Zesumme mat den Acteuren aus dem Secteur – dorënner och BIOG – huet een nom bescht méigleche Wee gesicht. De Minister beschreift d’Bio-Landwirten a Bio-Gäertner als Inspiratiounsquell fir aner Entreprisen, déi a Richtung biologeschen Ubau steiere wëllen.

Et sollt een awer och drun denken, datt een d’Erwaardunge vum Konsument an dem Produzent erfëllt an op allen Niveauen seng Wäerter bäibehält. Dës weidere wier déi lëtzebuergesch, biologesch a konventionell Landwirtschaft weiderhin ee Synonym fir eng qualitativ héichwäerteg Ernierung.

Opmaacherbild: (1 Rei v.l.n.r.) Aender Schanck, OIKOPOLIS; Romain Schneider, Minister vun der Landwirtschaft, dem Wäibau an der ländlecher Entwécklung; Monique Faber-Decker, ASTA – (2 Rei v.l.n.r.) Serge Medinger, Landwirtschaftsministère; Sigmund Walbaum, Naturata; Volker Manz , BIOG; Patrick Kolbusch, Biogros; Marc Emering, BIOG; Gerber Van Vliet, ASTA © MA

Ähnlech Sujeten ASTA, BioG, Biologesch, Landwirtschaft, Naturata, OIKOPOLIS, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel