Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten
Neiegkeeten

hook up muay thai schedule

Um haidege Méindeg huet China entscheet, Strofsteieren op 128 amerikanesch

https://moien.lu/vancouver-restaurant-dating-show/
Neiegkeeten

De maltesesche Premier op „Aarbechtsvisite“

Empfaange gouf de Joseph Muscat den 18. Juli an Hotel

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!
Neiegkeeten

FLEX – Esou gëtt Carsharing nach méi attraktiv!

De Carsharing-Service FLEX gëtt fir seng Notzer elo nach vill

Endlech! De Vel‘oH gëtt elektresch

Nach hu mir kee gesinn, mee scho muer soll et esouwäit sinn

Endlech! De Vel‘oH gëtt elektresch

Elektresch sollt de Vel‘oH! schonn zanter Méint sinn, mee „éischtens kennt et anescht, zweetens wéi ee mengt“. E Dënschdegmueren awer hunn d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) an de Verkéiersschäffe vun der Stad Lëtzebuerg, Patrick Goldschmidt (DP), zesumme mam Laurent Vanetti vum Verkéier-Service endlech „gutt Nouvelle“ bei Hand gehat.

D‘Lydie Polfer war an dësem Kontext, nach emol kuerz op déi vum Operateur JC Decaux ugefouert Problemer agaangen. Déi ware villfälteg, ugefaange mat der Disponibilitéit vun de Batterien, bis hin zur Reorganisatioun, war vum allem eppes derbäi. Villes vun deem wat bei der Ausschreiwung der Gemeng versprach gi war, konnt net agehale ginn an dat huet dem Verkéiersschäffe guer net gefall.

Elo soll et dann a sechs Wochen awer endlech esouwäit sinn. D‘Lydie Polfer schéngt zumindest de Leit vu JC Decaux ze vertrauen, déi eng 100% Operatibilitéit bis zum 10. Dezember zougeséchert hunn. Sechs Wochen, an deene 94 Statioune mat 860 Vëloe mussen ausstafféiert ginn. Dat ass, wéi d‘Buergermeeschtesch et richteg erkannt huet, mat richteg Aarbecht verbonnen.

Zwou Phasen a méi Statiounen

De Patrick Goldschmidt ass vum Oflaf net begeeschtert, kann sech awer driwwer erfreeën, datt et elo endlech zum Ofschloss kënnt. Ab dem 30. November sollen déi éischt 60 Statiounen op den „elektresche“ Vel‘oH! Ëmgestallt sinn. An der zweeter Phas, bis den 10. Dezember, ginn dann och déi reschtlech 30 Statiounen „elektrifizéiert“.

Vel-oH

Op enger Iwwersiichtskaart sinn d‘Statioune a Faarwen ënnerdeelt ginn. Mat deenen orange Statioune gëtt ugefaangen, a bis zum 10 Dezember sollt de Changement ëmgesat sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir den Abonnenten de Wiessel zum neie System esou agreabel wéi méiglech ze gestalten, ass, esou erkläert et de Laurent Vanetti, e Programm ausgeschafft ginn, dee sécherstellt, datt et während der Austauschphas ëmmer eng aktiv Statioun onwäit der gewinnter Statioun gëtt. Do kritt een dann och bis alles fäerdeg ass, Zougrëff op déi gewinnten Drotieselen.

Et ass zudeem esou, datt sech fir den Abonnent u sech nëmme ganz wéineg ännert. D‘Abonnenten erhalen dann och an de nächsten Deeg a Woche vu JC Decaux e Courrier, an deem dat wat sech mat dem neie System ännert, erkläert gëtt. De Service gëtt och eng Grëtz méi deier, a klëmmt vu 15 op 18 Euro fir den Abonnement, a vun engem op zwee Euro, pro Stonn, no 30 Minutte gratis Notzung.

Fir den Operateur eng Erausfuerderung

Wann ee bedenkt, datt op ee Schlag 94 Statioune mussen ëmgebaut ginn, nach zousätzlech neier derbäi kommen, an d‘Wieder och nach e Wiertche kéint matschwätzen, gëtt ersiichtlech, datt et fir den Operateur JC Decaux eng Erausfuerderung bleift.

Vel-oH

Esou gesäit en aus, de Vel‘oH mat elektrescher Ënnerstëtzung. © VDL/JC Decaux

Fir de versprachen Termin ze halen, muss alles wéi programméiert iwwert d‘Bühn goen, well schonn esou fänkt de Projet u Geld ze kaschten. Am Laaschtenheft ware fir dëse Fall „Penalitéiten“ vereenbaart ginn. Iwwert de Montant war näischt gewuer ze ginn.

Fir déi ganz ongedëlleg dann nach d‘Informatioun, datt den 8. November op der Paräisser Plaz a bei der Gëlle Fra, déi éischt Vëloe mat elektrescher Ënnerstëtzung disponibel sinn. Déi „Nei“ sollen, esou de Patrick Goldschmidt eng Autonomie vu ronn 30 Kilometer hunn. Si hunn e Gewiicht vun 28,6 Kg, verfügen iwwer dräi Vitessen a si bis zu 25 Km/H séier.

Foto: Nach sinn se an der Stad omnipresent, déi al Modeller vum „Vel‘oH!“. Fir d‘Abonnente soll sech nëmme wéineg änneren. Wat sech verännert kritt jidderee mat engem perséinleche Courrier matgedeelt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten e-Bike, JC Decaux, Stad Lëtzebuerg, Vël‘oh, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel