Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum
International Neiegkeeten Sport

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum

No villem „hin an hier“ ass et e Méindeg am

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert
International Neiegkeeten Sport

Food a Lifestyle: Blogger zu Lëtzebuerg geéiert

Mat groussem Opwand hat Mëtt leschter Woch de lëtzebuergesche Food

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster
International Neiegkeeten Sport

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den 21. Juni gouf vun de Vereenten Natiounen (UN) zum

Endlech nees Bundesliga!

Fir eis däitsch Nopere gehéieren Auto a Fussball zur Existenzgrondlag, firwat et net einfach heesche kann: „Viru Gott an dem Gesetz sinn all d‘Mënsche gläich“. Mee ass den Neistart gerechtfäerdegt?

Endlech nees Bundesliga!

Déi géintiwwer der FIFA an/oder UEFA net manner vu mafiéis opgestallten DFL huet hire Wëllen der Politik operzwongen, an och wann dee ganzen Zirkus am Noutprogramm – ouni Zuschauer mee ënnert strengsten Hygiènesmesuren – gespillt gëtt, ouni SKY-Abo ass een net live mat derbäi. Esou geet et der DFL erwisenermoossen och manner ëm d‘Fans, wéi de Goss vun de Billerrechter…

Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng riseg Bundesliga-Fangemeinschaft, wat unhand den Abonnementer déi eleng d‘Tëlee vun der POST virzeweisen huet, bestätegt schéngt. De Fussball huet sech also géint all aner Sportaarten duerchgesat kritt, sech quasi d‘Kiischt vum Covid19-Relance-Kuch gegraff, an allen Argumenter déi eigentlech géint eng Reprise schwätzen de Buedem entzunn.

D‘Politik, déi zudeem den Ament méi domatter beschäftegt ass, sech mat de „Coronavirus-Leegner“ ausenanerzesetzen, wëll déi derbäi sinn déi politesch Landschaft nei ze gestalten, huet wuel eppes Bedenken, mee léisst de Ball rullen. Allerdéngs nëmme bei de Profien a wéi gesot ënnert strengsten Oplagen. Mee mécht dat Ganzt iwwerhaapt Sënn, ofgesi vum Goss, dee Liga a Veräiner kasséieren?

Al Männer a vill Geld

Gëtt sech un d‘Oplage gehalen, kann et geschéien, datt ganz Mannschaften a Quarantaine mussen, wat dem ausgefeilte Konzept (Task Force & Medezinesche Programm) geschëlt ass, awer och nees dat ganzt Konzept eppes a Fro stellt. Mindestens 3.000 Covid19-Tester pro Woch musse gemaach ginn, wat elo bei annoncéierte 400.000 Tester an Däitschland net wierklech an d‘Gewiicht fält.

An awer ginn des Tester an der Bevëlkerung als renge Privileg betruecht, och wann d‘DFL behaapt si géifen dës Tester aus hirer Keess bezuelen an sech dat net vum Steierzueler finanzéiere loossen. D‘Dagmar Freitag (SPD), Presidentin vun der Bundestag-Sportskommissioun, huet op Nofro gesot:

„No allem wat mir wëssen, geet et hei eenzeg ëm déi lescht Tranche vun den Iwwerdroungsrechter ze kasséieren, an dofir muss ebe gespillt ginn“.

Hei dierf dann och nees drop higewise ginn, datt net d‘Spiller Demandeur waren. Nee hei huet déi onséileg FIFA als éischt massiv Drock op d‘Veräiner ausgeüübt, andeems si verlaute gelooss hat, datt déi Verbänn, wou hir Saison net ofschléissen, kéint vun internationale Championnater ausgeschloss ginn. Och hei geet et ëm Milliarden, firwat déi al Hären an de Veräiner bekanntlech iwwer Läiche ginn. D‘Spiller hunn an dësem Milieu kee Matsproocherecht, wéi gären ugeholl gëtt.

Wirtschaftlech schlecht opgestallt

Interessant dann awer, datt sech d‘Sozialistin nieft dem erzwongene Spillbetrib, och dem Ëmgang mat de Finanzen an de Veräiner zougewennt huet an hei e Punkt opwerft deen engem ze Denke ka ginn. „Wat d‘Budgete vun de Veräiner esou knapp bemooss sinn, datt si ouni d‘Geld vun der Tëlee an d‘Faillitte geroden, muss ee sech froen: Wien dréit d‘Verantwortung fir de Budget? Wéi eng Roll spillen d‘Verwaltungsréit an dëse Veräiner?“, esou d‘Dagmar Freitag.

Mee mam Geld ass dat esou eng Saach. Wou es vill ass, gëtt et der och vill déi es dovunner wëllen, an dat sinn net eleng d‘Spiller. A wat déi betrëfft, esou sinn déi mécht – ausgeholl d‘Staren déi zeg Millioune mat hire Verträg verdéngen – an der Spillergewerkschaft VDV ugemellt, an déi huet och esou hir Bedenken, ob et hei nach ëm de Fussball oder tatsächlech nëmmen de Goss geet.

Esou heescht et do, datt d‘Spiller weder beim Ausschaffe vum Konzept nach soss an d‘Reprise vum Spillbetrib abezu goufen. Dat hätten déi eeler Herrschaften ënnert sech ausgemaach. Bedenken oder Ängschte vu Spiller Rechnung ze droen, dat ass am Profifussball keng Optioun, schliisslech hunn d‘Veräiner d‘Spiller kaf, si wieren deemno „Eegentum“ an hätten den Uweisungen ze follegen.

Datt dat vun der DFL virgeluechte Konzept och esou seng Schwaachstellen huet, hu schonn ee puer Beispiller – déi natierlech direkt am Netz verbreet goufen – ënner beweis gestallt. E Spiller vum Berliner Veräin Hertha BSC, de Salomon Kalou, fir en net ze nennen, huet mat engem Video-Clip gewisen, wéi „een et net soll maachen“ an huet misse suspendéiert ginn. Den Trainer vun Augsburg Heiko Herrlich hat den Hotel verlooss fir Kosmetika ze kafen, an dierf elo och Paus maachen…

mat indymedia/fra/ber

Foto: Um 15.30 Auer spillt Borussia Dortmund géint Schalke 04. E Gëschterspill, well Zuschauer sinn net am Stadion zougelooss. Fir eppes Geld, kënnen d‘Fans awer hiert Gesiicht opstelle loosse fir wéinstens „gefillt“ live derbäi ze sinn. © Marvin Ronsdorf / unsplash

Ähnlech Sujeten Bundesliga, Covid19, Däitschland, DFL, Fussball, Profi-Futtball
Nächsten Artikel Virrechten Artikel