Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg
Meenung WTF

Spärung am Rondpoint Irgäertchen ab e Freideg

Am Kader vun den Erneierungsaarbechten am Rondpoint Irgäertche gëtt vu

Chômage-Sommet am Sennenger Schlass
Meenung WTF

Chômage-Sommet am Sennenger Schlass

D‘Verhandlungen hunn sech iwwer fënnef Stonnen higezunn, wat schonn eng

Killerlizenz fir d‘USA
Meenung WTF

Killerlizenz fir d‘USA

Datt d‘Ermordung vum iranesche Generol Quassem Soleimani Vëlkerrechtswiddreg war dat

surprise

Endlech Vakanz?

Endlech Vakanz?

Et gëtt eppes méi roueg op de Lëtzebuerger Stroossen an och am Zuch muss e moies net méi stoen. En Unzeechen, datt déi grouss Vakanz ugefaangen huet. Eis portugisesch Matbierger notzen d’Geleeënheet fir d’Famill an der Heemecht ze besichen, d’Frontaliere fueren an déi entgéint gesate Richtung.

Lëtzebuerg hält awer net den Otem un. Vill wichteg Chantiere mussen – wéi beispillsweis de LuxTram – viru kommen. Och am Gesondheetssecteur ka vu „Kollektivcongé“ keng riets sinn. An do geet et net nëmmen ëm Personal am Spidol, och d’Betreiung vun de Leit doheem verlaangt en héijen Asaz. D’Zich an d’Busser fuere weider, an déi sëllechen Touriste freeën sech och iwwert ee gudde Maufel.

Vakanz ass eben net Vakanz. Wann et och richteg ass datt besonnesch de Bausecteur sech op dat onëmgänglecht reduzéiert. Grad esou richteg dierft et bei de Banken an affiliéierten Administratiounen zoutreffen. Mee anersäits ass Aarbecht do déi wëll a muss gemaach ginn. Wann d’Büroen eidel an d’Chantiere verweest sinn, huet een emol Zäit sech déi sëllechen aner Aktivitéits-Secteuren am Land unzekucken.

Erstaunlech déi vill Studenten, op als frëndleche Serveur oder Serveuse, bei der Post oder op der Gemeng, notzen d’Zäit fir sech Täschegeld ze verdéngen. Et erlaabt hinnen och en Abléck an d’Aarbechtswelt. Fir deen een oder aneren ass et och d’Zäit ee Stage ze maachen. Mee wéi gesäit et do tatsächlech mam Loun aus? Ginn se gerecht bezuelt oder ass et eng bëlleg „Main d’Oeuvre“?

Fir de Student ass et kloer, et dierft roueg eppes méi sinn. De Patron geséich et gären nach méi gënschteg. An do huet dann ee wéi ech esou séi Suerg. Wien iwwerwaacht déi Vakanzen-Jobs? Gutt bei der Post an der Gemeng muss een sech elo kee Kappzerbrieches maachen. Mee wéi gesäit et do aus wou net esou direkt de Bléck drop huet?

A Gespréicher mat jonke Leit hunn ech matkritt, dat der vill sech net begleet fillen. Kaum ee weess mat Sécherheet u wien ee sech ka wenne wann ee Sträitfall entsteet. Dobäi ass et eigentlech gutt geregelt. Schued dann awer, datt am Zäitalter wou et eng App fir alles gëtt, keen op d’Iddi komm ass eng ze maachen, déi grad de jonke Leit bei Problemer am Vakanzen-Job kéint weiderhëllefen.

Ähnlech Sujeten Summer, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel