Search

You may also like

Regionalmagasinn n° 20 Editioun Fréijoer/Summer 2019
Neiegkeeten

Regionalmagasinn n° 20 Editioun Fréijoer/Summer 2019

De Schwéierpunkt vun dëser Ausgab läit um Thema Waasser. Kleng

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat
Neiegkeeten

Hollywood-Mogul am Mëssbrauchsskandal schëlleg geschwat

Den Harvey Weinstein ass zu New York vum ieweschte Geriicht

Karting Ladies Cup: Zoe Knebler séchert sech eng Plaz um Podium
Neiegkeeten

Karting Ladies Cup: Zoe Knebler séchert sech eng Plaz um Podium

Et war nees ee vun deene „wichtegen“ Datumer am Rennkalenner

Energie- a Klimaplang: De „Mouvement“ huet en Avis

Energie- a Klimaplang: De „Mouvement“ huet en Avis

Den „Nationalen integréierte Plang fir Energie a Klima“: e Projet mat ambitiéisen Ziler, mee ouni Präzisiounen zu den Instrumenter déi agefouert musse ginn an ouni d‘Thematiséierung vun der kruzialer Wuesstems-Fro!

De 7. Februar huet d‘Regierung den „Nationalen integréierte Plang fir Energie a Klima“ (PNEC) ugeholl. Aktuell a konform mat der europäescher Legislatioun, gëtt elo eng ëffentlech Consultatioun (bis den 29. Mäerz) gemaach, wat et all Bierger erméiglecht, d‘Dokument vum Projet anzegesinn a seng Objektiounen oder Suggestiounen dozou anzereechen.

No dëser, vun der EU imposéierter ëffentlecher Consultatioun a potentiellen Amendementer zum Gesetzprojet, gëtt de PNEC un d‘Kommissioun weidergeleet, déi dësen dann uschléissend a säin Evaluatiounsbericht vun der globaler EU-Strategie bis 2030 afléisse léist.

De Mouvement Ecologique (MeCo) begréisst déi ambitiéis vun der Regierung festgeluechten Ziler hisichtlech der Reduktioun vun den Zäregaser, esou wéi och den Ausbau vun den erneierbaren Energien an der Stäerkung vun der energetescher Effizienz. Ziler déi esou schwaarz op wäiss am genannte Projet enthale sinn. Doriwwer eraus, enthält de Projet eng gewëssen Unzuel u Strategien, Mesuren an Instrumenter, déi duerchaus d‘Zoustëmmung vum Mouvement hunn an déi, am Prinzip, zu Verbesserungen an den dräi genannte Beräicher féiere sollten.

Alles gutt oder?

Net wierklech. De Mouvement Ecologique huet et scho widderholl an der Vergaangenheet ënnerstrach: dëse Projet presentéiert nach ëmmer riseg Lücken. Feeler déi an de leschte Méint net behuewe goufen, an der Folleg vun der Presentatioun vum éischten Avant-Projet.

Hei gëtt als éischt d‘Exklusioun vun der Wuesstems-Fro monéiert. Unhand vun de virgeluechten Texter, ass net ersiichtlech, a wéi engem Mooss d‘Zounam vun den Aarbechtsplazen, déi jo vu ville Quellen esou presentéiert gëtt, a vun enger Verduebelung vun der Bevëlkerung ausgeet, dat viraussiichtlech an den nächsten 30 Joer.

An do stellt sech fir de Mouvement dann och d‘Fro: „Baséiert de Plang op fundéierte Parameter a korrekte wéi zouverlässege Previsiounen? An doriwwer eraus, consideréiert de Plang och dee sougenannten „Rebound-Effet“. Am Kader vun der Elaboratioun vum ONEC, sollt d‘Thematiséierung vum Wuesstem eng absolut Noutwennegkeet an zudeem onëmgänglech sinn.

A weider…

Dat sinn dann awer och nach d‘Lücken net all. De Mouvement bedauert, datt et keng Priorisatioun vun den ugekënnegte Moossname gëtt, déi potentiell Effeten net opgelëscht ginn (Aspuere vum CO², Effizienzgewënn, asw.), keng verantwortlech Acteure fir d‘Ëmsetze vum Plang genannt ginn an et kee kloren a verflichtende Kalenner gëtt. Zudeem wier villes esou onprezis formuléiert, dat déi wierklech Aarbecht onerleedegt bleift.

Laut der Regierung awer, sollt een den Nationalen integréierte Plang fir Energie a Klima als „strategesch Roadmap“ gesinn. Dat géif an de Konsequenz bedeiten, datt déi ofschléissend Konkretiséierung sech eréischt an der Transpositiounsphas géif erginn.

Fir datt dëse Projet dann awer sengen Ziler ka gerecht ginn, an eng reell Richtlinn fir d‘Regierung kann duerstellen, braucht elo direkt folgend Initiativen:

  • et ass essentiell den Inhalt vum Gesetzprojet zum Klimaschutz ze verbesseren an de Schwaachpunkten ze begéinen, well dat wat den Ament um Dësch läit net Ziilféierend ass. Nëmmen ee Gesetz dat engagéiert an imposéiert kann e wierksame Kader fir de Klimaschutz bidden;
  • et muss zudeem an ouni laang ze waarden, chiffréiert Previsioune virgeluecht ginn, déi d‘Emissioune beziffere wann déi aktuell Tendenz vum Wuesstem bäibehale gëtt. Falls noutwenneg muss de Plang an der Konsequenz ugepasst an den Dogma vum Wuesstem a Fro gestallt ginn;
  • eng éierlech Analys imposéiert sech, dat mat Objektiv erauszefannen, firwat oder wourunner zanter Jore bekannte Moossname gescheitert sinn;
  • déi nohalteg Steierreform – hei besonnesch am Kontext vun der CO²-Besteierung – ass dat zentraalt Instrument a punkto Klimaschutz. De Mouvement fuerdert vun der Regierung d‘Virlag vun enger Strategie zur CO²-Besteierung, an dat mat prezise Berechnungsmodeller, wéi och de grondsätzlechen Dispositiounen am Bezuch op déi begleedent sozial Moossnamen.

De PNEC enthält kloer Hiweiser déi sech op ënnerschiddlech Zäit-Horizonter bezéien an déi respektiv Objektiver déi bei den CO²-Emissioune berécksiichtegt, dat bei méi erneierbarer Energie an enger besser Energieeffizienz. Dat alles ass lueflech. Déi nächst Echeance ass also 2020: bis Enn vum Joer wëll d‘Regierung d‘Emissioun vun Zäregaser ëm 9% reduzéieren, den nationale Besoin un Energie ëm 8% erofsetzen an d‘Entwécklung vun den erneierbaren Energien ëm 11,8% erhéijen. (Dat bezunn op d‘Referenzjoer 2015).

De Mouvement weist drop hinn, datt sech d‘Regierung wäert u senger Fäegkeet, d‘Ziler ze respektéieren an ze realiséieren, musse moosse loossen.

Illustratioun: © MeCo

Related topics Energie- a Klimaplang, MECO, Mouvement Ecologique
Next post Previous post