Search

You may also like

Heftege Reen fuerdert éischt Affer
Neiegkeeten

Heftege Reen fuerdert éischt Affer

Ronderëm d‘Mëttelmier huet d‘Natur seng ganz Gewalt agesat a fierchterleche

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn
Neiegkeeten

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn

Et war de fréieren Iechternacher Buergermeeschter, Jos Scheuer (LSAP), deen

Esch Uelzecht: En Dag an der Natur
Neiegkeeten

Esch Uelzecht: En Dag an der Natur

De Sonndeg 30. Juni ass zu Esch Uelzecht am Ellergronn

Energie- a Klimaplang: De Bierger soll matschwätzen

Energie- a Klimaplang: De Bierger soll matschwätzen

Am Kontext vum Regierungsrot um Freideg, ass d‘Roadmap an Zesummenhang mam Energie- a Klimaplang validéiert ginn. Wann déi grouss Linnen zanter Dezember bekannt sinn, esou war et gëschter d‘Annonce vun engem „Moossnameprogramm zur Vereinfachung vun der energetescher an ekologescher Transitioun“, déi d‘Ronn gemaach huet.

En Dokument dat eppes méi ausféierlech ass an zur Finalisatioun vun den nationalen Energie- a Klimapläng, déi jo der EU-Kommissioun musse virgeluecht ginn, bäidroe sollt. Well d‘Regierung awer schonn zolidd um Comptoir wéi och an de sozialen Netzwierker „drangsaléiert“ gëtt, sollen d‘Bierger sech dierfen amëschen. Vum 12. Februar bis 29 Mäerz gëtt et eng Bierger-Consultatioun.

D‘Regierung preziséiert an dësem Kontext, datt béid Pläng vun enger ganzer Rëtsch Moossname begleet ginn, déi am Begrëff sinn als: Gesetz, Reglement oder Programm ugeholl ze ginn. Zil ass et déi ageleeten energetesch Transitioun ze beschleunegen. Dat mat der Verbesserung vun der energetescher Effizienz, d‘Promotioun vun den erneierbaren Energien an der nohalteger Mobilitéit.

Gëschter ass dann och d‘Karbontax bestätegt ginn. Ab 2021 gëtt pro Tonn CO² e Beitrag an Héicht vun 20 Euro ofverlaangt. Beim Diesel sinn dat eng 5 Cent pro Liter (Tendenz steigend). 2022 an 2023 soll dës Tax dann nach emol ëm 5 Euro/Tonn ugehuewe ginn. Fir dat ganzt sozial verdréiglech ze halen, soll et zu Kompensatioune kommen, déi an der Steierreform 2021 festgehale solle ginn.

Datt sech eppes am Kontext vum Klimawandel doe muss, dat schéngt mëttlerweil bei deene meeschte Leit ukomm ze sinn, elo geet et dann drëms dëse (gesellschaftleche) Wandel méiglechst esou unzegoen, datt sech jidderee bedeelege kann. Mat der grousser ëffentlecher Consultatioun kann dat méiglech ginn, och wann d‘Erkenntnisser dorausser net verflichtend sinn.

Geséchert schéngt schonn emol, datt d‘Gewerkschaften déi „sozial Komponent“ vun dëser wuel noutwenneger Transitioun ganz genee am A behale wäerten. Hei muss d‘Regierung dann och gutt uecht dinn, datt no den ominéise Steierkaddoe a sonstege Privilegie fir d‘Wirtschaft net nees alles um Bockel vun der sougenannter Mëttelschicht ausgedroe gëtt. Sécher ass dat awer net…

Foto: Gruppefoto vum Regierungsrot © Claude Piscitelli/SIP

Related topics Consultatioun, Energetesch Transitioun, Energie- a Klimaplang, Regierungsrot
Next post Previous post