Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo
International Neiegkeeten

Reunioun „Circular Economy 2.0“ zu Espoo

Op Invitatioun vum finlänneschen Homolog Kimmo Tilikainen huet d’Carole Dieschbourg,

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!
International Neiegkeeten

Adventsmaart am Konviktsgaart – Chrëschtdag ka kommen!

Um 1. Dezember 2018 ass et nees esou wäit! Am

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…
International Neiegkeeten

Oppene Bréif: Stellt iech ee Moment vir…

Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,

Energierot zu Bréissel – Lëtzebuerg weist sech éiergäizeg

Energierot zu Bréissel – Lëtzebuerg weist sech éiergäizeg

Den Energieminister Claude Turmes huet en Dënschdeg um Energierot zu Bréissel deelgeholl. Heibäi huet hien drun erënnert, datt mat enger Reduktioun un Emissiounen tëscht 50 a 55 % bis zum Joer 2030 eist Land, nieft Schweden, eent vun den éiergäizegsten Ziler an der EU verfollegt. Donieft soll Lëtzebuerg seng Energie tëscht 40 a 44% besser notze, wat beispillsweis duerch déi nei „null-Energie“-Gebaier an d’Renovatioun vun existente Wunnraim méiglech gemaach soll ginn.

Fir bis 2030 déi ugestrieft 23 bis 25% un erneierbaren Energien ze notzen huet de Minister grenziwwerschreident Offeren a gemeinsam Pläng, déi virun allem regional solle sinn, ervir gehuewen. An dësem Kader huet de Claude Turmes de Projet genannt, bei deem am nërdleche Mier Wandrieder bis 2050 op mannst 400 GW produzéiere sollen. Generell soll déi schnell Entwécklung vun esou Wandrieder gefërdert ginn, esou wéi et a leschter Zäit a Frankräich, Irland a Schottland de Fall war.

Wat d’Mobilitéit ugeet, ass de Minister kloer der Meenung, datt den Diesel progressiv reduzéiert an duerch d’Promotioun vun der Elektromobilitéit ersat muss ginn. Den 21. an 22. Oktober organiséiert hien, zesumme mat sengem Homolog François Bausch, eng Konferenz vun den Energie- an Transportminister aus Däitschland, Frankräich, Benelux, der Schwäiz an Éisträich. Duerch konstruktiv Diskussioune soll dës Regioun an Europa de Spëtzereider am Secteur ginn.

Och zur nuklearer Energie hat de Claude Turmes säi Standpunkt ze vertrieden. Géif een eng nuklear Zentral bauen, esou géif dat 5 Mol méi Zäit an duerchaus méi Sue kaschten, wéi all aner erneierbar Energiesource. Zur Zäit vum Klimanoutstand kann dës net als Energie vun der Zukunft gesi ginn.

Ähnlech Sujeten Claude Turmes, Éiergäiz, Erneierbar Energien, François Bausch, Klimanoutstand, Klimawandel, Lëtzebuerg, Null Emissiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel