Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: National handelen, amplaz op Bréissel waarden
blow off valve hookup Neiegkeeten

lubbock texas hook up

De Mëttwoch huet eisen Ausseminister, de Jean Asselborn déi Aussen-

https://moien.lu/triton-dating-service/
blow off valve hookup Neiegkeeten

Autobunn A7 – Mat 131 km/h duerch d’Baustell!

Wéi d’Police elo matgedeelt huet konnt et gëschter Owend engem

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech
blow off valve hookup Neiegkeeten

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech

De Volleyball-Marathon vun der FLVB huet sech iwwer véier Deeg

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung

D’Protester vun de Jonken weisen hir éischt Wierkung

Eisen Energieminister Claude Turmes huet gëschter zu Bréissel um Energierot deelgeholl. Bei dësem Evenement waren eng Rei Ministeren invitéiert ginn, fir eng Diskussioun zur strategescher Visioun fir eng neutral Ekonomie fir de Klima, och „Une planète propre pour tour“ genannt, ze féieren.

Fir de Lëtzebuerger Energieminister Claude Turmes steet Folgendes fest: „Wa mir vun 2050 schwätzen, sollte mir realistesch bleiwen: et ass d’Zukunft, d’Fortliewe vun eise Kanner an den zukünftege Generatioune vun deene mir schwätzen. An dat gëtt eis eng ganz besonnesch Responsabilitéit. Speziell wann een déi zing dausende Jonker op de Stroossen vun eise Stied manifestéiere gesäit a froe fir ze handelen, net fir eis, mee fir si, fir hire Planéit, fir hir Zukunft. Et sinn 1,5°C Äerderwiermung, vun deenen si schwätzen. Et ass eng Welt mat Null Kuelestoff 2050, déi si vun eis verlaangen.“

Europäesch Solidaritéit bei der nuklearer Energie

De Minister bedauert, datt 6 vun 8 proposéierten Zeenarioe vun der Europäescher Kommissioun den Niveau un Éiergäiz net erfëllen. Dobäi huet hien erkläert, datt déi zwou lescht Propositiounen hiren Deel zur nuklearer Energie bäidroen, andeems ronn 60 nei Atomkraaftwierker an Europa gebaut sollte ginn, woubäi dat op kee Fall den nationale Pläng vun de concernéierte Länner entsprécht.

An dësem Kader huet de Claude Turmes d’Europäesch Kommissioun ëm méi Transparenz an dësem Beräich gebieden. Dobäi huet hien och drun erënnert, datt déi europäesch Solidaritéit a Saachen Energie bedeit, datt keng nei nuklear Zentralen an eisen Nopeschlänner installéiert ginn. Jonk Europäer wiere bestëmmt net iwwerzeegt vun esou enger geféierlecher Energie, der Gestioun vum Ofbau an dem radioaktiven Offall.

100% erneierbar – ee realisteschen Zeenario fir Europa

Och aus dësem Grond huet Lëtzebuerg zum Ënnerschreiwen vun „like minded“ opgeruff, wouduerch déi Europäesch Kommissioun un engem Zeenario vun 100% erneierbarer Energie bis 2050 schaffe soll. Bis ewell hunn schonn Länner, wéi Éisträich, Litauen, Irland, Portugal a Spuenien hir Ënnerschrëft ginn. „Mir wëssen säit haut, datt et sech heibäi ëm een technologesch an ekonomesch realisteschen Zeenario handelt, woubäi an Europa och de Wuesstem an d’Astellungen méi, wéi an all anerem Secteur ugedriwwe ginn“, sou de Minister.

Heivir ginn konsequent finanziell Ustrengunge gefuerdert. Den Energieminister erkläert dobäi, datt d’Finanzéierung de Schlëssel zum Ganzen ass, woubäi sech déi massiv Investissementer spéider duerch eng drastesch Senkung vun de Käschten ausbezuele géifen. Och d’Europäesch Kommissioun bestätegt, datt d’Käschte sech positiv auswierken wäerten, beispillsweis op d’Gesondheet. Momentan gëtt d’EU all Joer ronn 350 Milliarden Euro fir fossil Energie aus.

D’Konsommatioun, de Kaméidi an d’Ëmweltbelaaschtung reduzéieren

De Rot huet bei dësem Treffen och d’Propositioun fir een Reglement zur Beschrëftung vu Pneuen opginn. Esou soll de Verbraucher méi genau Informatiounen zur Effektivitéit vum Kraaftstoff, der Sécherheet an dem Kaméidi vun de Pneuen kréien, ier en se keeft. Och esou kann een d’Emissiounen, sou wéi de Kaméidi op de Stroosse reduzéieren an zur Sécherheet op den europäesche Stroosse bäidroen.

Den Energieminister mëscht heibäi drop opmierksam, dat d’Technologie bei de Pneuen Innovatiounen erliewe muss. Datt si zur Konsommatioun vum Kraaftstoff beim Auto bäidroen, wir net ofzestreiden. An awer misst een hei och op den Ausstouss vu Mikro-Plastik oppassen. Esou sollen déi nei Technologien dësen Nieweneffekt reduzéieren, wann net esouguer ganz eliminéieren.

Eng besser Beschrëftung wäert laut dem Minister net alles änneren, mee esou kritt de Konsument de Choix, wéi een Typ vu Pneu e kaafe wëll.

Opmaacherbild: © EU

Ähnlech Sujeten Atomkraaft, Claude Turmes, Emissioun, Energieminister, Mikroplastik, nuklear Energie, Pneu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel