Search

You may also like

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel
Neiegkeeten

TDF: Italien am Gléck, de Froome a Giel

Mat der Arrivée vun der 5. Etapp huet sech d‘Hierarchie

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!
Neiegkeeten

déi Lénk: Steiergerechtegkeet, an zwar elo!

Enger Etüd no, déi am Optrag vun der grénger Fraktioun

Inzeenéiert Empörung amplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt
Neiegkeeten

Inzeenéiert Empörung amplaz Mataarbecht am Sënn vum Fortschrëtt

Am Ufank vun der ëffentlecher Sitzung huet d’CSV de Mëtteg

Eng charakterlos Stad?

Verschwannen traditionell Geschäfter?

Eng charakterlos Stad?

D’Traditiounsgeschäft Kass-Jentgen mécht dëst Joer hir Dieren zou. An dësem Kontext wonnert sech d’Piratepartei, wéi d’Stad Lëtzebuerg seng Eenzegaartegkeet behale kann, wann ëmmer méi Traditiounshaiser verschwannen.

„Wëlle mir e Klon vun all anerer klenger a grousser Stad ginn an net méi ënnerscheedbar bleiwen oder wëlle mir eng Stad mat eegenem Charakter, mat eegene klenge Geschäfter amplaz vu multinationale Chainen […]”, esou de Sven Clement, President vun de Piraten, an enger Pressematdeelung vun der Piratepartei.

Ouni Konzept

Dobäi loossen d’Pirate kee gutt Hoer un der Politik vun der DP, déi säit 1970 an der Stad un der Muecht wir. Esou werfen se der DP eng Konzeptlosegkeet fir. “Wat eis Stad brauch, ass e Konzept wéi sech de Stadkär weider entwéckele soll, mat Protektioune fir kleng a mëttelstänneg Geschäfter, déi net op Käschte vun engem internationale Mammenhaus kënnen dauerhaft Perte maachen”, esou de Sven Clement weider.

Et ass bei wäitem net déi éischte Kéier, datt Kritik bei desem Thema héich kënnt. Am Mee gouf et eng gréisser Diskussioun ronderëm d‘Zukunft vun der Librairie Alinea. Zwar gouf des Kris emgaangen, mee et war e weideren Hiweis doropper, datt d‘Situatioun an der Stad net onkritesch ze betruechten ass. D’Stad Lëtzebuerg huet och schonn eng Etude maache gelooss, woubäi do d’Konklusiounen eréischt bei der Rentrée Politique wäerte kommen.

Related topics DP, Lëtzebuerg, Lëtzebuerg Stad, Piratepartei
Next post Previous post