Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Wäibau zu Lëtzebuerg: kee Grond do sech verréckt maachen ze loossen
Money Neiegkeeten

Wäibau zu Lëtzebuerg: kee Grond do sech verréckt maachen ze loossen

Vill waren der ageluede ginn, sech dem Frëndschaftspatt am Wäibauinstitut

coollove
24 Stonne Vëlo Wëntger: Net wierklech eng Course, mee ee grousse Challenge
Money Neiegkeeten

24 Stonne Vëlo Wëntger: Net wierklech eng Course, mee ee grousse Challenge

D‘Jubliäumseditioun vun engem vun de bedeitende Sportsevenementer zu Lëtzebuerg war,

dislikesurprise
Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?
Money Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert

money

De Wirtschaftsministère attestéiert sech eng couragéiert a visionär Politik

De Wirtschaftsministère attestéiert sech eng couragéiert a visionär Politik

Den Etienne Schneider (LSAP) an d‘Francine Closener (LSAP) waren um Freideg gutt gelaunt, an hunn sech bei der Presentatioun vum Bilan vum Wirtschaftsministère, op déi grouss Erfolleger vun hirer Politik gestäipt.

Et ass onbestridden, datt wéi déi nei Koalitiounsregierung am Dezember 2013 un d‘Muecht komm ass, déi wirtschaftlech Perspektiven net déi bescht waren. A mat deenen Zuelen déi virleien, kann de Wirtschaftsminister tatsächlech behaapten, datt et der Wirtschaft laang net méi esou gutt ergaangen ass wéi dat aktuell de Fall ass.

Mat 4% Wuesstem an engem Chômagetaux vu 5,5%, kënnen se net wierklech alles falsch gemaach hunn. An dësen Erfolleg soll hinnen dann och kee schlecht rieden. D‘Integratioun vum Mëttelstand an dem Tourismus an de Wirtschaftsministère, war e richtege Schratt. E Schratt deen d‘CSV sengerzäit net wollt maachen, well een engem Minister net esouvill Muecht wollt ginn.

Zesumme mat der Staatssekretärin Francine Closener, huet den Etienne Schneider de Mëttelstand op de gläichen Niveau wéi déi grouss Entreprise gesat, a sech fir eng Diversifizéierung agesat. Zil war et Kompetenzen ze entwéckelen, an iwwert den Tellerrand ze kucken. Déi nei Technologie vun der Informatioun an der Kommunikatioun (TIK) hunn sech zum erfollegräiche Secteur entwéckelt.

Och an der Fuerschung (Medezin, Biotechnologien), der Kreeslafwirtschaft oder bei der sich no enger Notzung vun de Weltraumressourcen, wier een um beschte Wee eng Pionéierroll anzehuelen. Dat an de „nation branding“ solle verdäitlechen, datt een eng aner Wirtschafts- a Wuesstemspolitik ugaangen ass, a verstäerkt op Entreprise mat héijer Plus-value setzt.

Fir sech am Ausland besser vermaarten ze kënnen, kréie lëtzebuergesch Entreprise ënnert d‘Äerm gegraff. E Rôle dee „Luxinnovation“ zoukënnt, an deem zousätzlecht Personal zougestane gouf, fir déi kleng a mëttelstänneg Betriber bei hirer Prospektioun ze begleeden.

Industrie ass wichteg

De Wirtschaftsminister weist drop hin, datt „Industrie“ och zu Lëtzebuerg e wirtschaftlecht Standbeen ass, datt een net dierf vernoléissegen. Hei géife kloer Ziler verfollegt, an zesumme mat Luxinnovation, der Handwierkerkummer an der Handelskummer hätt ee sech eng Strategie ginn, mat där der Industrie dee Wee an d‘Zukunft bereet gëtt.

An déi industriell Produkter déi zu Lëtzebuerg hiergestallt ginn, wieren op der Welt ganz beléift, well se héichwäerteg sinn. Dat deem esou ass, wier awer och den Investissementer geschëlt, déi d‘Regierung an d‘Industrie, d‘Fuerschung an d‘Innovatioun gestach huet.

Déi aktuell stäerkt vum Land sinn deemno: Innovatioun – Flexibilitéit – Schnellegkeet. Dozou gehéieren den Auto ouni Chauffeur an den „héich performante Computer“ (HPC), den europäesche Superrechner. Gutt alles ass nach net perfekt, an besonnesch beim Handel muss eppes geschéien.

Während, laut dem Francine Closener, 80% vun de Leit hir Saachen am Internet kafen, bidde grad emol 10% vun de Lëtzebuerger Commercen, hir Wueren Digital un. Et feelt deemno un enger gudder e-Shopping Offer. Fir deem ze begéinen ass de Site LetzShop.lu an d‘Liewe gehuewe ginn. Hei hunn dann och schonn eng 180 Geschäfter hiren Interessi ugemellt.

Domatter hannerloossen de Wirtschaftsminister an d‘Staatssekretärin hire Nofolger en opgeraumte Büro an eng gutt Ausgaangslag. Woubäi se eigentlech gären do wéilte weidermaachen, wou se elo mussen ophalen. Mee Politik ass kee Wonschconcert an d‘Zukunft gëtt eréischt no de Wahlen am Oktober entscheet.

Foto: E Freideg hunn de Wirtschaftsminister Etienne Schneider an d‘Staatssekretärin Francine Closener de Wirtschaftsbilan vun der Legislaturperiod 2013/18 virgestallt. © sip/MECO

Ähnlech Sujeten Etienne Schneider, Francine Closener, LetzShop.lu, Luxinnovatioun, Wirtschaftsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    14

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    2

  • Love

    0