Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fabrik Electronique – dëse Freideg an der Kulturfabrik!
International Neiegkeeten

Fabrik Electronique – dëse Freideg an der Kulturfabrik!

ENG – Noc-Turn, TIPTIL a CCSA si stolz Iech Fabrik

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff
International Neiegkeeten

Premier ernimmt Personalchef fir den Haff

Eise Premierminister läit net am Sträit mam Haff, mee kann

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!
International Neiegkeeten

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!

Duerch Halloween, Allerhellgen an de verlängerte Weekend hat d’Police déi

Eng dezentraliséiert Reprise

Den neie Wee an Däitschland: Bundeslänner solle selwer entscheede wéi si mat de Lackerungen ëmginn

Eng dezentraliséiert Reprise

No ville Gespréicher mat de Ministerpresidente vun de Bundeslänner, déi am Virfeld schonn deels ugekënnegt haten war gewosst, datt ee sech de Rot vun der Bundeskanzlerin wuel géif unhéieren, mee eigentlech eege Virstellungen huet, well d‘Situatioun jo ënnerschiddlech ass. Elo huet d‘Angela Merkel dësen nogelauschtert an decidéiert, dat si dëser Verantwortung gewuess sinn. Déi meescht si begeeschtert.

Méi Verantwortung fir d‘Bundeslänner: wann et drëms geet festzeleeën, wéi eng Lackerungen sech entspriechend der Situatioun an de Länner ubidden, esou sollen dat d‘Ministerpresidenten elo an eegener Verantwortung entscheede kënnen. D‘Entscheedung ass besonnesch vum Ministerpresident vun Niedersachsen, Stephan Weil, begréisst ginn. De Krisemodus hätt sech bewäert an et wier een elo net méi am „absolute Krisemechanissem“, esou de Sozialist, deen seng nei Fräiheet genéisst.

Hien huet d‘Entrevue mam Angela Merkel als eng gescheit Weiderentwécklung bezeechent an hieft ervir, datt et awer nach ëmmer Grondsätz gëtt, déi fir ganz Däitschland Gültegkeet hunn. De Kampf géint d‘Covid19-Pandemie ass zudeem nach net gewonnen, firwat sech d‘Länner op dräi Saile verstännegt hunn, déi iwwerall mussen ugewannt ginn: 1) Maskeflicht; 2) Kontaktbeschränkung an 3) Sécherheetsofstand. Fir de Recht kann all Bundesland fir sech entscheede wéi et weider geet.

Den Daniel Günther (CDU), Ministerpresident vu Schlesesch-Holstein, begréisst et, datt Berlin sech elo duerchgerongen huet, an de Bundeslänner nees méi Entscheedungsspillraum zougesteet. Et hat gutt Grënn gi firwat een am Ufank wäert drop geluecht huet, Moossnamen am Konsens ze treffen, mee ugesiichts den ënnerschiddleche Situatiounen – net all Bundesland ass am gläiche Mooss vun der Covid10-Pandemie betraff – sollen d‘Bundeslänner elo selwer gesinn, wat fir si machbar ass.

Ee vun de Ministerpresidenten, dee schonn am Virfeld ze verstoe ginn hat, datt hie ganz eegen op säi Bundesland zougeschnidde Mesure um Dësch leien huet, dat ass den Armin Laschet (CDU), Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, dee schonn zanter 14 Deeg senge Bierger méi Fräiheet zougestoe wëll a sech och fir eng Reprise vun der Bundesliga – ënner schaarfe Virschrëften – asetzt. Fir d‘Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz, Malu Dreyer (SPD) ass d‘Reprise et ee gutt Signal.

Si ass iwwerzeegt, datt Däitschland dës éischt Phas vun der Pandemie besser wéi vill aner Länner an der europäescher Unioun gemeeschtert huet, an een sech elo nees eppes méi zoutrauen dierft. Et misst een awer och ëmmer ofweien. De Risiko vun Neiinfektioune muss an Aklang mat de Mesure bruecht ginn, déi de wirtschaftlechen a gesellschaftleche Schued sollen ofwennen. Dat heescht awer och, dat ee seriéise Monitoring gemaach gëtt an et méiglech ass, nees mussen ze verschäerfen.

Wesentlech méi entspaant geet dat de Ministerpresident vun Hessen, Volker Bouffier (CDU) un an annoncéiert, datt a sengem Bundesland Versammlunge mat bis zu 100 Persounen (als Grondlag) nees wäerten erlaabt ginn, am Eenzelfall dierften et der och gäre méi sinn. Dat misst een dann un de Raimlechkeete festmaachen. Detailer dozou sollen nach bis Enn der Woch verëffentlecht ginn. Och hien ass ganz zefridden, nees d‘Entscheedungsgewalt ze hunn. Et misst ee jo och op d‘Leit héieren.

Et gëtt natierlech och Kritik

Mam Konsens geet d‘Verantwortung zréck un d‘Bundeslänner, an déi mussen, fir de Fall datt et zu enger Zounam vun den Neiinfektioune sollt kommen, da selwer préiwe wéi eng Moossnamen nees mussen agefouert ginn. Fir sécherzestellen, datt net nees alles aus dem Rudder leeft, gëtt et dann och eng Aart Noutplang: wann et a Landkreesser oder Stied banne siwen Deeg zu méi wéi 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner kënnt, muss nees e konsequente Confinement ëmgesat ginn.

Wat op den éischte Bléck net onvernënfteg kléngt, schliisslech kann een de Leit net iwwer Mooss alles a säi Géigendeel zoumudden, esou gëtt et awer och Ministerpresidenten, déi e „Patchwork“ ofleenen. Och si hunn ee gutt Argument: ënnerschiddlech Handhabunge suerge fir Veronsécherung. „Hei gëtt den Androck vermëttelt, datt ee Wettlaf tëscht de Länner gëtt“, esou de Ministerpresident vu Brandenburg, Dietmar Woidke (SPD). Him wier léiwer et géif hei méi eenheetlech Mesuren.

Hie verweist op de Fait, datt et dat eenheetlecht Handele war, dat zu de Lackerunge gefouert huet a gëtt ze bedenken: „Mir sinn drop ugewisen, ons ënnertenaner ofzestëmmen, a virun allem sollte mir eis Decisiounen op der Grondlag vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser huelen“. Leider sinn dës „Erkenntnisser“ vun der Wëssenschaft oft eppes widderspréchlech. Wëssenschaftler sinn sech jo elo och net „eens“, hei ginn d‘Interpretatiounen deels diametral ausenaner, wat awer normal ass…

Am Bundestag huet d‘Oppositioun wéineg Versteesdemech fir déi nei ageschloe Richtung vu Bund a Länner. De Fraktiounschef vun den déi Grünen, Anton Hofreiter, heescht et: „Ech hunn d‘Suerg, datt eis d‘Situatioun aus der Bunn leeft“. Hie schéngt net iwwerzeegt, datt et hei zum gewënschte verantwortlechen Handele kënnt. Dat huet och vill mat Profiléierungsconcours, deem sech gewësse Ministerpresidenten zougewennt hunn. Laschet a Söder hunn jo wëlles Bundeskanzler ze ginn.

De Fraktiounschef vun déi Linke, Dietmar Bartsch, deen sech nom „Auto-Sommet“ eigentlech och ee „Kanner-Sommet“ gewënscht hätt, well him d‘Vereenbarungen am Kontext vun der Reprise vun de Crèche net ausféierlech genuch sinn, ass net erfreet. Datt et zu engem „Konsens“ soll komm sinn – ouni dës Schrëtt am Virfeld am Bundestag mat den Deputéierte beroden ze hunn – wier éischter op de Fait zréckzeféieren, datt gewësse Ministerpresident souwisou hien eegene Wee goe wollten.

Och bei den „Experten“ hält sech d‘Begeeschterung vun dëser „Cliente-Politik“ a Grenzen. Déi meescht ënnert de Medeziner a Wëssenschaftler befierchten, datt hei d‘Jalone fir eng zweet, nach méi an der Behandlung opwenneg Well komme wäert. Déi pessimistescht ënnert hinne fäerten, datt sech d‘Leit, wann et nees zu regionale Verschäerfunge komme sollt, dergéint wiere kéinten a sech op de Prinzip vun der Gläichbehandlung géife beruffen. Zudeem wier dat ganzt onverständlech…

mat indymedia/ber

Foto: D‘Bundeskanzlerin huet de Nerveseeën aus de Bundeslänner d‘Verantwortung iwwerdroen. Elo hänkt et vun der Vernonft – oder Onvernonft – of, wéi sech d‘Situatioun wäert entwéckelen. Wann alles gutt geet, kéint ee sech um däitsche Modell orientéieren, esou d‘Ministerpresidenten. Wann et nees zur Kris komme soll, och, mengen d‘Experten. © Anthony Rosset / unsplash

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Bundeslänner, Coronavirus, Covid19, Däitschland, Verantwortung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel