Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul
Meenung

Irak: Kampf ëm d’Alstad vu Mossul

Am Krich géint den Islamesche Staat (IS) féieren déi irakesch

D’Sara an de kanadeschen Dram
Meenung

D’Sara an de kanadeschen Dram

Ee friemt Land, eng aner Kultur, 6000 Kilometer an den

Wat sech 2019 alles ännert…
Meenung

Wat sech 2019 alles ännert…

Dem Land geet et gutt. Keng giel Gileten a Siicht,

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet

E Kommentar

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet

Kaum eng Diskussioun ass esou hëtzeg, wéi déi ëm d’Iwwerliewe vum Lëtzebuergeschem. Egal op een der Usiicht ass, datt dës Sprooch kuerz virum Dout steet oder grad eng gëllen Zäit erlieft, et gëtt mat alle Mëttelen an Emotiounen déi eege Positioun vertratt. Dobäi sinn dës Facebook-Diskussiounen esou nëtzlech wéi e Kondomautomat am Vatikan.

All Kéiers, wann ech esou eng Diskussioun gesinn, erënneren ech mech un dëse klasseschen XKCD-Comic. Mee ganz am Eescht, wat soll erreecht ginn, wann sech der do an de Kommentaren zerklappen. D’Chancen, datt iergendeen seng Meenung ännert sinn esou kosmesch kleng, datt een éischter am Lotto gewënnt. Ouni e Lous kaaft ze hunn.

Et gi vill nëtzlech Méiglechkeete fir sech fir d‘Lëtzebuergescht anzesetzen, egal op wéi enger Säit vun dëser Diskussioun ee grad steet

Wien wierklech eppes fir d’Lëtzebuergescht maache wëll – egal op een elo mengt, déi Sprooch kéint just nach mat engem Feierläscher gerett ginn – dem bidden sech vill Méiglechkeeten. D’Lëtzebuergescht ass jo schliisslech eng Ausbausprooch, et kann een sech also am redigéiere vun Texter verausgaben. Oder mol d’Grammaire léieren, do schéngt jo awer nach vill opzehuele sinn. Et ginn nach vill aner gutt Iddien, ze vill, fir elo hei op ze zielen.

Ee vun de Grënn, firwat e bësschen Aktionismus méi gesond ass, wéi un dëse Streidereien deel ze huelen ass de gëftegen Toun. Et kann näischt Konstruktives dobäi eraus kommen, wann een sech géigesäiteg vernennt. Gäre gëtt gesot, zu Lëtzebuerg géif keng gutt Diskussiounskultur herrschen. Dat stëmmt beim Lëtzebuergeschen Facebook op alle Fall, virun allem wann een sech do esou Meckergruppen ukuckt, wou ëmmer nëmmen iwwert déi béis Auslänner gemeckert gëtt, mee soss kaum eppes opzeweisen ass.

A wien sech do ukuckt, wéi d’Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt, da mengt een den Dante hätt en Zierkel vun der Häll vergiess. Wann dëst déi éischt Gard sollt sinn, déi eis Sprooch soll verteidegen, da gutt Nuecht. Drëms roden ech: Net laang diskutéieren, einfach eppes fir d’Sprooch maachen. Domat ass der Saach egal wéi gedéngt.

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel