Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weltsommet fir d‘Impfung
International Neiegkeeten

Weltsommet fir d‘Impfung

Um haidegen Donneschdeg organiséiert d‘EU-Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der Weltgesondheetsorganisatioun

What the Fakt – Iwwert de katastrophale Start vum Disneyland…
International Neiegkeeten

What the Fakt – Iwwert de katastrophale Start vum Disneyland…

Eigentlech hätt dem Walt Disney säi Fräizäitpark Disneyland a Kalifornien

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!
International Neiegkeeten

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech –

Eng Ekotax fir all d‘Territoiren

Eng Ekotax fir all d‘Territoiren

Vill Stëmmen erhiewen sech, well et der zukünfteger europäesch Kollektivitéit vum Elsass soll erlaabt ginn, op sengem Stroossennetz eng Ekotax anzeféieren. Déi soll der Elsässer Kollektivitéit déi benéidegt Finanzmëttel zur Verbesserung vum Reseau an dem bau vun neien Infrastrukturen erméiglechen.

De „Pôle Métropolitain Européen du Sillon Lorrain“ hat schonn am Juli 2015 eestëmmeg eng Positioun ugeholl, dat mat der Prezisioun datt nëmmen eng Approche, déi kuerzfristeg den Transitverkéier an de Grëff kritt, a laangfristeg d‘Realisatioun vun enger Offer fir alternativ Mobilitéit – an där all d‘Forme vum Transport an enger origineller Dynamik vu gemeinschaftlecher Entwécklung mat Lëtzebuerg – an der Lag ass eng Léisung fir d‘Iwwerlaaschtung vun engem vun de wichtegsten Nord-Süd Korridore an Europa erbäizeféieren.

Dës Maîtrise vum Transit-Flux hätt kënnen zäitno ëmgesat ginn, an dat zu gerénge Käschten, wann een d‘Portaler – déi am Kader vum Projet Ecomouv opgestallt goufen, an dee vun der Regierung 2014 fale gelooss gouf – genotzt hätt.

An der Stonn, wou de „Pôle Métropolitain Européen du Sillon Lorrain“ an d‘Regioun „Grand Est“ derbäi sinn e ronnen Dësch vun der Mobilitéit ze initiéieren, kéint déi eesäiteg Aféierung vun enger Ekotax um Elsässer Territoire derzou féieren, datt sech de Verkéier weider op d‘A31 verlagert. Dat géif dës elo schonn iwwerlaaschten Infrastruktur an d‘Knéien zwéngen. De wirtschaftlechen Impakt op Loutrengen a Lëtzebuerg wier erdréckend.

Déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht, e Kärstéck vun der europäescher Konstruktioun, ass eng staark Dynamik fir all d‘Regioune vum Grand Est. Eng Dynamik déi sech all Dag duerch d‘Mobilitéit an den Transport vun de Frontalieren -dorënner iwwer 100.000 Loutrenger – illustréiere léisst.

Mat der Aféierung vun enger Ekotax duerch déi zukünfteg „Collectivité Europénne d‘Alsace“, ouni Concertatioun, gëtt net nëmmen d‘Entwécklung vu Loutrengen an der Regioun Grand Est a Fro gestallt, mee och d‘Entwécklung vu senge grenziwwerschreidende Partner, an do an éischter Linn Lëtzebuerg.

D‘Verbesserung vum Stroossennetz um Elsässer Territoire kann esou net envisagéiert ginn, ouni datt d‘Thematik vun der Mobilitéit, notamment op der Achs Lëtzebuerg – Dijon, a ganz besonnesch d‘Situatioun op der A31, berécksiichtegt gëtt.

Ech erënneren drun, datt de Staat an d‘Regioun Grand Est d‘Gläichstellung vun den Territoiren ze garantéieren hunn, wat eng europäesch Grondlag ass. D‘Aféiere vun enger Ekotax fir déi zukünfteg „Collectivité Europénne d‘Alsace“muss kënnen opgehuewen oder och fir déi véier Departementer vun der fréierer „Lorraine“ agefouert ginn.

Matgedeelt vum Pierre Cuny, President vum „Pôle Métropolitain Européen du Sillon Lorrain“ a Buergermeeschter vun Diddenuewen, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser.

Foto: E gewinnte Bild vun der A31 mueres a Diddenuewen – Lëtzebuerg. Sollt der europäescher Kollektivitéit vum Elsass erlaabt ginn eesäiteg eng Ekotax anzeféieren, kéim zu et zu enger weiderer Iwwerlaaschtung vun dëser Verkéiersachs. (Archiv)

Note: Eis Kollege vu „viàMirabelle“ haten dozou am Februar 2018 schonn ee ganz gudde Beitrag realiseiert.

Ähnlech Sujeten A31, Collectivité Europénne d‘Alsace, Diddenuewen, Ekotax, Pierre Cuny, Pôle Métropolitain Européen du Sillon Lorrain
Nächsten Artikel Virrechten Artikel