Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!
International Neiegkeeten

world best dating site for free

De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu

dating adhd woman
International Neiegkeeten

RGTR: Ännerungen ab dem 15. September 2019

De Bus-Reseau vum RGTR wäert ab dem 15. September eng

Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff

Am Abrëll hat d‘Stad Lëtzebuerg de Service vum Locatiounsvëlo nei

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin

Si stoung de Bierger net zur Wahl, mee fir d‘EU-Parlament ass dat beschtefalls en Detail...

Europa huet eng EU-Kommissiounspresidentin

Et steet zanter gëschter Owend fest: d‘EU-Kommissioun gëtt fir d‘éischt a senger Geschicht vun enger Fra geleet, déi zu kengem Ament Kandidat fir en europäescht Mandat war. Si schéngt dann awer mat hirer Ried am Nomëtteg iwwerzeegt ze hunn, woubäi et zimlech knapp ausgaangen ass.

An hirer Ried am Europaparlament, hatt déi däitsch Verdeedegungsministesch, Ursula von der Leyen, déi Deputéiert zur Eenheet opgeruff an den Zesummenhalt eropbeschwuer. Wat si den Deputéierten an de Fraktiounen zougesot huet, gouf nach emol widderholl. Interessant, si huet Europa d‘Klimaneutralitéit bis 2050, an eng Zäregas Reduktioun vu 55% bis 2030 versprach.

EU-Kommissiounspresidentin

„Eis dréngendst Aufgab ass et eise Planéit gesond ze halen“, esou d‘Ursula von der Leyen. Datt de Planéit längst net méi gesond ass, an et virun allem ëmmer Däitschland war, datt op EU-Niveau bei den Emissiounen – haaptsächlech wéinst dem Drock vun der Automobilindustrie – ëmmer op der Brems gestanen huet, kann déi nei EU-Kommissiounspresidentin natierlech net wëssen…

EU-Kommissiounspresidentin

Als éischt Fra un der Spëtzt vun Europa, wëll si sech fir déi vollstänneg Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra asetzen, déi grouss Internetkonzerner besteieren an fir de Sozialdemokraten hir Stëmm ze kréien, huet si eng europäesch Chômageindemnitéit an Aussiicht gestallt. D‘Grenzschutzagentur „Frontex“ soll ausgebaut an d‘Kommissioun soll elo endlech en europäescht Asylrecht virleeën.

Zougeständnesser

Well de Konsens wichteg an Eestëmmegkeet tromp ass, huet d‘Ursula von der Leyen och eng Rei Zougeständnesser gemaach. Den Italiener beispillsweis, versprécht si eng „flexibel Gestaltung vum europäesche Stabilitéits- a Wuesstemspakt. Wat genee dorënner ze verstoen ass, a wat si sech vun den Italiener als Géigeleeschtung erwaart, dat war gëschter net méi an Erfarung ze bréngen.

EU-Kommissiounspresidentin

Och géintiwwer de Liberalen (Renew Europe) an der grénger Allianz (EFA) schéngt si sech gutt „verkaf“ ze hunn. Déi Liberal an d‘Sozialdemokraten haten nach Sëtzungen am Nomëtteg. Déi ware mam Choix vun der Kandidatin ufangs net esou zefridden, mee no hire respektive Sëtzungen hat een den Androck, datt d‘Ofstëmmung méi oder wéineger nach just Formsaach kéint sinn.

Bedenke gouf et awer nach. Vill vun den Deputéierten haten et och gëschter nach net verquësst, dat déi däitsch Politikerin, déi ni Absichte fir en europäescht Mandat gewisen hat, op kenger Wahllëscht gestanen huet an als Ministerin och net grad eng gutt „Zensur“ virleeë kann, iwwert hir Käpp ewech vun de Staats- a Regierungscheffen als eenzeg Optioun vrun d‘Nues gestallt ginn ass.

Denkbar knapp

Datt d‘Wahl geheim war kann ee guttheeschen och wann et der Analys net entgéint kënnt. Esou ass entgéint aneren Ofstëmmungen net dokumentéiert wien wéi gestëmmt huet. Déi gréng an déi lénk, grad wéi déi rietsradikal „Identitéit an Demokratie“ (ID), hate wuel am Virfeld annoncéiert sech géint d‘Kandidatin ze stellen, mee wéi si sech um Enn tatsächlech entscheet hunn ass net gewosst.

EU-Kommissiounspresidentin

Fir e liicht Kribbelen hunn d‘Sozialdemokraten (S&D) gesuergt. Déi däitsch Deputéiert haten sech däitlech géint d‘Ministesch aus hirer Koalitiounsregierung entscheet an dat zolidd argumentéiert. Et war awer och gewosst, datt vun den 150 Deputéierten, zweedrëttel fir d‘Mamm vu 7 Kanner géife stëmmen. Et sollt „opgoen“: mat 383 Stëmmen (374 war déi absolut Majoritéit) war et awer knapp.

EU-Kommissiounspresidentin

An och wann d‘Ursula von der Leyen elo e Stéck EU-Geschicht matgeschriwwen huet, sollt si elo awer domadder rechne vun den Deputéierte beim Wuert geholl ze ginn. Wa si den 1. November hiert Mandat untrëtt, sollt si sech net eng einfach Legislaturperiod astellen. Polnesch Deputéiert hu verständlech gemaach, datt ouni d‘Stëmme vun der PiS, d‘Mandat net zustane komm wier.

Dankbarkeet

Wann sech déi däitsch Politikerin aus dem konservative Lager nach viru gutt engem Mount selwer nach net virstelle konnt, datt si déi zukünfteg EU-Kommissiounspresidentin géif ginn, esou fillt si sech dann elo awer geéiert. Hire Message: „Meng Botschaft un iech all ass: loosst ons konstruktiv zesummeschaffen. (…) Onst Zil muss ee gëeent, ee staarkt Europa sinn“. Mee ass si d‘Fra dofir?

EU-Kommissiounspresidentin

De Jean-Claude Juncker an d‘Ursula von der Leyen kennen sech an et dierf een dem kauzege Lëtzebuerger gleewen, wann hien sech iwwert seng Nofolgerin erfreet. Ob allerdéngs d‘Schëllere vun der däitscher Politikerin – déi ëmmerhin zweet Wiel ass – déi Laascht droe kënnen a wéi si de Konsens am Europaparlament wëll hikréien, dat muss sech nach erweisen. © Büro vum EU-Kommissiounspresident

Zum Wahlresultat – dat mat 9 Stëmmen iwwer Minimum, denkbar knapp ausgefall ass – seet déi nei EU-Kommissiounspresidentin: „An der Demokratie ass d‘Majoritéit d‘Majoritéit. Et ass gelongen eng proeuropäesch Majoritéit opzestellen“. Esou geet politesch Rhetorik. Virun e puer Wochen, no der Nominatioun, wier eng Majoritéit – esou wéi si et duerstellt – schlicht ondenkbar gewiescht.

EU-Kommissiounspresidentin

Mee si huet se elo, d‘Verantwortung. Op si och d‘Vertrauen huet? Dat hänkt ganz dovunner of mat wéi engem Brëll ee sech dat ganzt ukuckt. Am Parlament dierft et mam Vertrauen net wäit hir sinn. Esou all déi, déi hir zwar eng Stëmm fir de Virsëtz ginn hunn, dofir awer eng ganz Rei Fuerderunge stellen, déi mat Klimakris, sozialer Gerechtegkeet a Geschlechtergläichheet net ze vereene sinn.

Gléckwënsch

Als éischten – dee Privileg war him vergënnt – huet den ausscheedende President vun der EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker, dem Ursula von der Leyen via Twitter (an dräi Sproochen) gratuléiert: „Endlech steet déi éischt Fra un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun. De Job ass eng Erausfuerderung. Ech si sécher datt dir eng groussaarteg Presidentin gitt. Wëllkomm doheem“.

EU-Kommissiounspresidentin

Och de franséische President, Emmanuel Macron, huet Twitter beméit: „Haut huet Europa säi Gesiicht. Et ass d‘Gesiicht vum Engagement, dem Éiergäiz an dem Fortschrëtt. Mir kënnen houfreg op Europa sinn“. D‘Bundeskanzlerin Angela Merkel huet der „Parteischwëster“ hir Ënnerstëtzung zougesot: „Och wann ech eng trei Ministesch verléieren, gewannen ech eng Partnerin zu Bréissel“.

EU-KommissiounspresidentinDem Ursula von der Leyen hir Parteicheffin, Annegret Kramp-Karrenbauer (CDU), huet vun engem fir Europa historeschen Dag geschwat. Esou wier si net nëmmen déi éischt däitsch Politikerin déi a méi wéi 50 Joer Europa déi un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun steet, si wier virun allen déi éischt Fra. Si wier déi politesch Mëtt a predestinéiert d‘Eenheet vun Europa sécherzestellen.

Foto: Ursula von der Leyen, dir sidd EU-Kommissiounspresidentin! „Nee?“ Dach… © Der Lichtspieler

Ähnlech Sujeten Demokratie, EU-Kommissioun, EU-Kommissiounspresidentin, Europaparlament, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel