Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années
Neiegkeeten Stories

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années

No senge Memoiren Luxemburg im Wandel der Zeiten aus dem

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg
Neiegkeeten Stories

Tornado am Süden – Krisesëtzung um Méindeg

No enger drëtter Visitt vun der Inneministesch Taina Bofferding an

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box
Neiegkeeten Stories

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box

Et ass fir déi betraffen net lëschteg, mee eigentlech ass

Huet d‘Ministesch dem Parteikolleg eng Faveur accordéiert?

Am Dossier „Traversini“ kritt d‘Carole Dieschbourg d‘CSV net vu senge gudden Absichten iwwerzeegt

Huet d‘Ministesch dem Parteikolleg eng Faveur accordéiert?

Et war eng laang Sëtzung déi sech d‘Ëmweltkommissioun gëschter geleescht huet an esouguer dat sollt zäitlech net duergoen, fir déi Uwiesend dovunner ze iwwerzeegen, datt am Ëmgang mat der nodréiglecher Geneemegung fir e „Gaardenhaischen“, um Ministère alles entspriechend de Reegele behandelt ginn ass. D‘Carole Dieschbourg muss wuel nach emol „untrieden“ a sech rechtfäerdegen.

Dës „Affäre“ déi vum Gemengeconseiller Gary Diderich (déi lénk) an d‘rulle bruecht gouf, fänkt dann och un zolidd Auswierkungen ze kréien. Eng éischt Stellungnam fir de Ministère am Kontext vun der Autorisatioun, hat de Conseiller Mike Wagner ugebueden. E Méindeg huet d‘Ministesch sech och dësem Positionnement ugeschloss, wat der Oppositioun esou net ausféierlech genuch ass.

Gëschter war d‘Carole Dieschbourg den „Haaptinvité“ vun der Ëmweltkommissioun an et muss ee festhalen, datt d‘Ministesch déi politesch Vertrieder an der Kommissioun net dovunner konnt iwwerzeegen, datt an dësem – zumindest fir deen Deel wou säi Ministère inkriminéiert gëtt – Fall alles rechtens ass. Et ass jo richteg, datt et heibäi ëm d‘Interpretatioun vun engem Gesetz geet.

Zudeem schéngt et „ënnerschiddlech Positiounen“ bei der CSV ze ginn. Hei stéisst Lokal- op Landespolitik an de Deputéierte vun déi lénk, David Wagner, stellt fest datt „wann d‘CSV-Sektioun vun Déifferdeng sech esou Streng wéi d‘Fraktioun an der Chamber gewisen hätt, wier alles kloer. Mee d‘CSV zu Déifferdeng hält un der Koalitioun mat déi gréng fest an dat ass Problematesch“.

Iwwerbewäertung vun der Kredibilitéit

Fir den David Wagner ass dat vun der CSV lancéiert Ongemaach wéineg bis guer net kredibel, an esou och net ausräichend fir e Récktrëtt ze fuerderen. A während an der Kommissioun e Wuert deem aneren d‘Hand reecht, hu sech déi politesch Vertrieder am Foyer „kleng gehalen“ an éischter net op déi zougeruff Froe vun de Medie reagéiert. Eenzeg de François Benoy huet et gewot…

Hien huet da sengersäits och nach emol betount an ënnerstrach, datt alles säitens de Servicer esou gemaach gouf, wéi dat vun de Prozedure virgesinn ass. „An dësem Dossier kann absolut keng Ried dovunner sinn, datt de Roberto Traversini iergendeng Faveur accordéiert kritt hätt“, esou d‘Ausso. Elo erschéngt dat awer grad esou plausibel wéi zweiwelhaft, an d Gemidder ginn ausenaner…

Eigentlech ass een och bei de Piraten éischter der Meenung, datt am Ëmweltministère net gefuddelt ginn ass, an den Deputéierte Marc Goergen war virun der Sëtzung zimlech sécher, datt et eng kuerz géif. Dat war dann awer net de Fall, an de Pirat huet no der Sëtzung missen agestoen, datt no dëser Sëtzung méi Zweiwel opkomm sinn, wéi hien der virun der Kommissiounssëtzung hat.

An de Marc Goergen bedauert (wéi mir och) datt et vun dëser Sëtzung keng Opname gëtt. Hien hätt sech duerchaus kënne virstellen, datt een dës Diskussioun ëffentlech gefouert hätt, an d‘Leit esou mat eegene Oueren héieren hätt wat gesot gouf. Nëmmen esou wier et méiglech sech eng fundéiert Meenung ze maachen. Den Ament awer muss sech de Wieler op Medien an Rumeure stëtzen…

Eng Sëtzung dreet déi aner ze verstoppen

Bei de Pirate gëtt elo awer begréisst, datt et nach weider Sëtzunge gëtt. De Marc Goergen hätt gäre Gewëssheet, datt dee vun der CSV „supposéierte Favoritismus“ kee Bestand huet. An hien ass do net eleng. Et dierft um Krautmaart an u ville Comptoiren uechtert Land e groussen Interêt ginn, hei Sécherheet ze hunn, egal a wéi eng Richtung deen eenzelen tendéiert. Mee einfach ass dat net.

Et kann een net emol méi dem ale Kregéiler vun der ADR, Fernand Kartheiser, rose sinn, wann och hien sech als „net iwwerzeegt“ presentéiert. An den ADR-Deputéierten trëfft ee sensibele Punkt, well et heibäi och a besonnesch ëm „d‘Éierlechkeet an der politescher Landschaft geet“. Dofir huet hien och Recht ze behaapten, datt et Zweiwel un der Gläichbehandlung am Ëmweltministère gëtt.

De Fernand Kartheiser ass dann och Kategoresch: „Et muss een d‘Leit dovunner iwwerzeegt kréien datt et an der Lëtzebuerger Politik kee Favoritismus gëtt“. Hie verlaangt dann och vum Carole Dieschbourg d‘Virlag vun Dossieren unhand deenen ersiichtlech ass, datt jiddereen am Land op déi selwecht Aart a Weis „behandelt“ gëtt. Hie schéngt Zweiwel ze hunn datt et esou Dossiere gëtt.

Wann een dofir Versteesdemech huet, esou muss et awer erlaabt sinn drun ze erënneren, datt wann déi Deputéiert duerchaus d‘Geleeënheet hunn – duerch d‘Proximitéit zu den Dossieren – sech en ëmfaassend Bild ze maachen, dem Bierger dat am allgemenge verwiert bleift. Dësem seng Zweiwel auszeraumen, dat dierft komplizéiert ginn, wou d‘Argumenter nach géint de Ministère schwätzen.

En zouverlässegen Alliéierten

Gutt fir d‘Carole Dieschbourg: De Georges Engel (LSAP) – Député-Maire vu Suessem – dee jo deemnächst den Alex Bodry als Fraktiounschef um Krautmaart ofléist, ass ee vun de ferventen an engagéierte Verdeedeger vun der Ministesch. Hie hält sengersäits och fest, datt et nu emol méiglech ass e Gesetz ze interpretéieren an d‘Ministesch sech dem Avis vu senge Servicer ugeschloss huet.

An de Sozialist mécht eng ganz interessant Remark: „Wann et also méiglech ass e Gesetzestext ze interpretéieren, sollt een sech do net besënnen an dës Texter iwwerschaffen. Wa se méi kloer sollte sinn muss een dat och esou maachen“. De Vollstännegkeet halber, dierf een net ënnerschloen, datt och hie bis heihinner ëmmer ee ganz frëndschaftlech Verhältnis zum Roberto Traversini hat.

Fir d‘Martine Hansen, Fraktiounscheffin vun der CSV, ass Transparenz gebueden. Si stellt däitlech fest, datt den Artikel 7.1 vum Gesetz vum 18. Juli 2018 net ugewannt ginn ass, dësen awer genannt gëtt fir d‘Decisioun vun der Ministesch ze rechtfäerdegen. Eigentlech well d‘CSV hunn, datt statt eng „Renovéierung“ nodréiglech ze geneemegen, hei den Uerder „ofzerappen“ hätt misse kommen.

Elo ass de Mëssel nach ëmmer net ofschléissend gekläert, an et freet sech ob esou eppes dann och iwwerhaapt méiglech ass. Generell ass et jo esou – an dat muss jo net schlecht sinn – datt sech déi meescht um Krautmaart scho laang kennen a parteiiwwergräifend befrënnt sinn. Et kéint een, wann een dovunner ausgeet, dann och zimlech all Dossier a punkto „Autorisatioun“ a Fro stellen.

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Chamber, Déifferdeng, Ëmweltkommissioun, Gaardenhaischen, Gary Diderich, Prënzebierg, Roberto Traversini, Zon Natura 2000
Nächsten Artikel Virrechten Artikel