Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären
speed dating cognac

Naturmusée presentéiert „Nuit“ – méi wéi Fliedermais a Stären

D’Nuecht ass fir eis all nach ëmmer een däischtere Mysterium.

learning disabled dating
live chat dating meet friends apk
speed dating cognac

married but not dating

Déi westlech Sahara, fréier spuenesch Kolonie, gëtt zum groussen Deel

Endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss!
speed dating cognac

Endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss!

Et dierf opgeotemt ginn: déi 356 Migrante vun der Ocean

Sécher nëmmen eng Fritte, mee eng vum Francis

Sécher nëmmen eng Fritte, mee eng vum Francis

Et gi Geschichten déi nëmmen d‘Liewe schreiwe kann, an et gi Leit, déi se och ze erziele wëssen. Esou huet eis den Ëmwee zu enger Tankstell bal direkt zu enger Frittebud gefouert. Gutt verstoppt hu mer eis geduecht, mee wéi et esou mam Virwëtz ass, hu mer eis déi Saach dann emol vun eppes méi no ugekuckt.

D‘Fritterie beim Francis, ass hannert der TOTAL-Tankstell direkt un der Ausfaart Luerenzweiler op der A7 geleeën. Flott ugeluecht, mat engem Haische fir déi wou net an der Keelt stoen, an engem groussen Iwwerdaach, fir déi Deeg wou et d‘Sonn nëmmen an „Stécker“ gëtt. Hannert der Théik, jee no Wochendag, ganz léif Dammen déi engem kee Wonsch ausschloen, oder de Chef mat senger Madamm.

Näischt wat et net gëtt

D‘Auswiel ass grouss, vum Wupp zu der Mettwurscht, eng Krockette vum Gefligel oder och mat Kéis, natierlech dierf – well dem Francis seng Frittebud ass eng echt Belsch – och déi renomméiert „Frikandell“ net feelen. D‘Fritte selwer, sinn de Glanz, all Belsch géif een de Näid am Gesiicht kënnen ofliesen. Grousszügeg geschnidden, Goldeg frittéiert, do kritt een direkt Loscht op Méi.

Zu enger gudder Fritte gehéiert eng Zooss, an och do huet de Francis eppes ze bidden. D‘Klassiker wéi Mayonnaise an Ketchup, mee och de Moschter, dierfen natierlech net feelen. Wou et dann awer geet säi Goût op d‘Prouf ze stellen, datt sinn déi… soe mer méi besonnesch.

Gutt Andalouse, Americaine, Tartare oder Barbecue si bekannt. Interessant dogéint Arumba, Diabla a Samourai, vu „këddeleg séiss“ bis „tréine pikant“, beim Francis fënnt ee säi Gléck. A wien op Curry-Wurscht steet, dee kënnt dann och éischter net laanscht seng waarm Zosen. Dat ass och esou eppes wat een eigentlech bal nëmme wësse  ka wann een en Insider ass.

Du wëlls e Burger, du kriss e Burger

E Wupp, eng Frikadell oder d‘Poulets-Knippchen sinn der ze banal, dogéint gëtt et e Mëttel: De Burger “made by Francis”. Och hei ganz kloer eng helle Wull un Auswiel, wann een dat bei ganzer 12 ënnerschiddleche Burger dann och esou dierf betounen. Hei selbstverständlech och d‘Klassiker: Hamburger, Cheeseburger, Fishburger… Ass scho bal „old school“ also werfe mir e Bléck op déi „Ausserierdesch“.

Francis

D‘Luisa an de Francis, si hu Courage bewisen an hir eege Frittebud no belschem Virbild opgemaach. Zwee häerzensgutt Mënschen, bei deenen een als Client ganz gutt opgehuewen ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Do wier de Bickyburger, deen nieft der Kornischong och nach mat enger Zwiwwel dohier kënnt. Oder de Baconburger, dee, wéi de Numm et scho verréit, och nach mat engem schmantege Stéck Speck zerwéiert, engem einfach nëmme Freed mécht. Dee kann een nach mat karamelliséierten Zwiwwelen an Ananas verfeineren, dann heescht en awer Cubaburger. Kee Bock op Fleesch? Beim Francis kritt een och ee ganz leckere Vegiburger. Nach ëmmer keng Gloscht op e Burger?

Dann ditt gutt uecht: de Francis ka wuel net zauberen, mee wéi een „de“ Burger mécht do weess hie Bescheed. De Chorizoburger mat senger Zooss „Diabla“, näischt fir Leit déi Waarm duschen. Oder vläicht awer léiwer de Westernburger? Also eis ass de Mond dann um Enn och nach beim Orvalburger opstoe bliwwen. Gutt beluecht mat Kéis aus der renomméierter Abtei wou och de Béier hir kënnt… einfach nëmmen… mee dee musst der elo selwer probéiere goen.

Wéi kënnt een zu enger „Frittebud“?

Gegrënnt ginn ass d‘Fritterie beim Francis am Abrëll 2016, no engem gutt iwwerluechte Schratt, der Zukunft mat engem Laachen am Gesiicht géinteniwwer ze trieden. Iwwerhaapt huet de Besëtzer Francis Mertens eng gutt Siicht op d‘Saachen, also och op dat wat een Zukunft dierf nennen.

De Francis, dee mat 16 Joer genuch vun der Schoul gesinn hat, a wahrscheinlech och héieren huet, wollt d‘Welt mat eegenen Ae gesinn. Am beschten, esou wäert hien sech geduecht hunn, gesäit een d‘Welt mat engem Schëff, an esou ass de Francis Matrous ginn. Hien huet sech an d‘Belsch Marinn anzéie gelooss, wou hien zum Ënneroffizéier „signaleur-codeur“ ausgebilt ginn ass.

No fënnef Joer Déngscht a schwéier verléift, war et Zäit sech ze entscheeden. Vun der Marinn op de Bau. Do war hien als Steemetzer beim Monni gutt beschäftegt, a seng éischt Fra huet hien och all Dag gesinn. Hie war sech fir keng Aarbecht ze schued, wat ze maache war ass gemaach ginn.

An Tëschenzäit war hie vun der belscher Küst ëmmer méi no u Lëtzebuerg erukomm, a wéi et esou kënnt huet de Francis op eemol beim Rinnen „ganz do owen“ eng schaff gehat. Et sollt ee kuerzen Tëschestopp ginn, well hien, dank senge ville Sprooche vun enger Import/Export Entreprise zu Sankt Vith eng Offer gemaach krut déi net ze refuséiere war.

De Francis am Büro?

Well eise Francis keng domm Louder ass, an sech och nach duerchzesetze versteet, ass hie kuerzerhand am Büro agesat ginn. Et sollt och net laang dauere bis hien d‘Verantwortung fir Holland, Flandern a Lëtzebuerg iwwerdroe kritt huet. An iert e sech ëmgesinn huet, waren schonn nees fënnef Joer ëm.

An engem Beruff wou ee Leit kenneléiert déi een och nach wäertschätzen, kann et engem geschéien, datt ee weider „Offere“ kritt. Et ass komm wéi et huet misse kommen, op emol war de Francis an der Finanzwelt ukomm. Beim Credit Européen hu se Leit gesicht déi eng drop hunn, an datt ass beim Francis de Fall. Hei huet hien an der „Equipe Volante“ ugefaangen.

Schnell hu se festgestallt, datt aus deem Mann eppes méi ze maachen ass, an op en éischten Abrëll ass hien op de Siège komm. Do huet hie schnell seng „fest“ Plaz fonnt an krut den Optrag sech ëm d‘Gestioun vum Verméige vun de Privatclienten ze këmmeren. Als Gestionnaire da Verantwortlech fir d‘Agence vun Ettelbréck an nom „Regruppement“ huet seng Cheffin hie gefrot op en net Intressi hätt mat hir e Lëtzebuerger „Desk“ opzemaachen.

Et huet ee sech missen nei erfannen

Et ass, wéi soll ee soen… „gelaf“. Ze gutt ass et gelaf, et war op eemol méi „Schaffes“ wéi Privatliewen. De Francis hat ënnerwee säin Häerz nei verginn an am Februar 2014 huet hien der ING „Merci“ gesot. Gutt bis dohinner war jo och schonn e bësschen eppes geschitt, an wéi et sollt weider goen, war eigentlech ze erwaarden.

Francis

Net einfach nëmmen eng Glace! Dat ass d‘Glace vum Luisa. Besser kann een et kaum maachen, industriell jiddefalls net. © Martine de Lagardère/moien.lu

Hien hat Zäit senges Liewes oft mat Frënn a Kollege d‘Iddi vun der Frittebud erwäänt. Firwat sollt hien dat elo net ëmsetzen? Mam Luisa huet de Francis säi Projet beschwat. Ëmmerhi gëtt et villes ze bedenken. Do ass d‘Investitioun, de Choix vun der Plaz a wat ebe soss un esou enger Entreprise alles drun hänkt.

Am Fréijoer konnt et du lass goen an dem Francis seng Fra, d‘Luisa huet och mat iwwerluecht. Kubanesch Wuerzelen, dann och 20 Joer zu Bologna gelieft, an enger gudder Glace war d‘Madamm och net verschloss, esou koum zum „Plat“ och nach den Dessert. D‘Luisa huet seng eege Mark kreéiert, d‘Maschinnen si kaf ginn a wien déi nach net probéiert huet, deem ass bei Gott net ze hëllefen.

Foto: D‘Fritterie beim Francis, eng echt Belsch Frittebud, mat ganz kompetente Leit fir déi de Client nach e „Kinnek“ ass (et dierf och eng Kinnigin sinn). Et muss ee kee Gurmang sinn, well hongereg ass beim Francis nach keen Heem gefuer. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Fast Food, Friterie beim Francis, Gastronomie, Luerenzweiler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel