Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand
Meenung Neiegkeeten

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand

Haut ass et e Béier, op dee mir eis besonnesch

Elo sollen och d‘Britten nees dierfen e Patt huele goen
Meenung Neiegkeeten

Elo sollen och d‘Britten nees dierfen e Patt huele goen

Virun zimlech genee dräi Méint ass dem briteschen Horesca- an

Route d’Esch – Chantier vum 22. Juli bis de 14. September 2020
Meenung Neiegkeeten

Route d’Esch – Chantier vum 22. Juli bis de 14. September 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt duerch Aarbechten um ëffentleche Versuergungsnetz

Kommentar: Alles eng Fro vu „best practice“

Justizministesch trëfft sech mat den europäeschen Homologen am virtuelle Raum

Kommentar: Alles eng Fro vu „best practice“

Déi kroatesch Presidence vun der EU hat d‘Justizminister aus de europäescher Unioun agelueden, sech am Kontext vun engem informelle Meeting, iwwert déi „gutt Praktiken a Krisenzäiten“ ze ënnerhalen. Am Mëttelpunkt stoungen d‘Erausfuerderungen, déi d‘Infektiounskrankheet Covid19 der Justiz offuerdert.

Et goung nieft de Moossnamen déi d‘Häftlingen an d‘Beamten an de Prisonge betreffen, ëm déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht, der Suspensioun vun de Prozeduren. Ganz wichteg och den Echange zu den exzeptionelle Mesuren, déi am Kontext vum Noutstand hu misse getraff ginn. Gesäit een emol dovunner of, datt mir zu Lëtzebuerg (Prisong ausgeholl) nach net drangsaléiert ginn, esou gesäit et anere Länner, wéinst den agesaten Noutstandsgesetzer eppes differenzéiert aus.

Am Communiqué vum Presseinformatiounsdéngscht (SIP) gëtt d‘Ministesch wéi follegt Zitéiert:

“Ech halen drop ze preziséieren, dat déi Drénglechkeetsmoossname wou vun de Memberlänner, Lëtzebuerg ageschloss, ugeholl goufen, mussen temporär an op dat Noutwennegst begrenzt, verhältnesméisseg sinn a enger reegelméisseger Analys bedierfen. Meenungsfräiheet a Pressefräiheet dierfe vun dëse Mesuren net ageschränkt ginn. De Rechtsstaat an de Schutz vun de Grondrechter, dierfen net op d‘Säit geluecht ginn. Och dierf d‘Solidaritéit tëscht de Memberstaaten net kompromettéiert ginn. Aus dëse Grënn ënnerstëtze mir d‘Initiativ vun der EU-Kommissioun, déi ganz Noutmoossname wéi och hir Uwennung ze superviséieren, fir esou déi fundamental Wäerter vun der europäescher Unioun ze garantéieren an, sollt dat noutwenneg sinn, de Conseil vun den ‚affaires générales‘ anzeschalten”.

Dat sinn 105 Wierder déi absolut keng Ausso enthalen an net emol am Usaz „informativ“ sinn. A well Nofroen den Ament einfach net méiglech ass, wat awer elo keng Beschränkung vun der genannter Pressefräiheet ass, muss ee sech mat der Citatioun zefridde ginn. Also esou zumindest dierft sech dat d‘Justiz- a Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) geduecht hunn. Elo verweigert sech awer d‘Ministesch op d‘Nofro anzegoen, wou eigentlech just wëll gewosst sinn, wéi eng Mesuren zum Schutz vun de Beamten an den Häftlingen an eise Prisonge getraff goufen.

Wat elo déi groussaarteg Solidaritéit ënnert de Memberlänner ugeet, esou wäert d‘Sam Tanson sech hei eng „ironesch Nout“ erlaabt hunn. Zum engen hunn d‘Länner alleguerte ganz androcksvoll den Europäer ze verstoe ginn, datt engem a Krisenzäiten „dat eegent Hiem am nächsten ass“. Si weess zudeem, dat d‘treffe vun den EU-Finanzminister, wou iwwert „Hëllefe fir de Süden“ soll berode ginn, nach iert d‘Verbindung zum virtuelle Raum hiergestallt gëtt, zum scheitere veruerteelt ass.

Dëst „Treffe“ vun de Justizminister kann, wann et ausser dem Statement vum Sam Tanson näischt ze soe gëtt, net wierklech gutt verlaf sinn. Wieren si sech eens a géif et och nëmmen Usazweis esou eppes wéi eng gemeinsam Linn, hätt eis Ministesch datt mat ganz vill Äifer an Engagement zum Ausdrock bruecht. Esou wësse mir datt et stattfonnt huet an d‘Lëtzebuerger d‘Meenungs an d‘Pressefräiheet behalen. Dat ass an Däitschland esou schonn net méi de Fall an a Polen musse Leit déi infizéiert oder a Quarantaine sinn eng Applikatioun installéieren a benotzen. Hei kuck un…

Mam Communiqué, deen esou un déi Lëtzebuerger Medien erausgaangen ass, kann nëmmen een Zil verfollegt ginn: de Leit Sand an d‘Ae streeën, an maache wéi wann alles Beschtens wier. An d‘Press soll dëst Spill ënnerstëtzen. Dobäi ass d‘Lag net eleng aus medezinescher Siicht bedreelech, och politesch a wirtschaftlech stinn eis Erausfuerderunge bevir, déi net méi als Solidargemeinschaft ze léise sinn. Als éischt bezitt ee getrennte Schlofzëmmer an iergendwann léisst ee sech da scheeden…

Foto: D‘Justizministesch Sam Tanson huet ee Méindeg am virtuelle Raum um informellen Treffe vun den europäesche Justizminister deelgeholl. © MJUST

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, EU-Justizminister, Grondrechter, Justizministesch, Meenungsfräiheet, Noutstandsgesetzer, Pressefräiheet, Sam Tanson
Nächsten Artikel Virrechten Artikel