Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Opgepasst: Virun Héichwaasser gëtt gewarnt !
International Neiegkeeten

Opgepasst: Virun Héichwaasser gëtt gewarnt !

Ugesicht den aktuelle Wiederkonditiounen, muss uechtert d‘Land mat Héichwaasser an

What the Fakt – Beim Jan Saudek ass den Numm Programm!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Beim Jan Saudek ass den Numm Programm!

Och fir eis war dëse Fotograf, den haut säi 84.

Verbuet vum Eewee-Plastik: Ee positiivt Enn ass a Siicht!
International Neiegkeeten

Verbuet vum Eewee-Plastik: Ee positiivt Enn ass a Siicht!

An noer Zukunft solle sämtlech Eewee-Plastikartikel an der gesamter Europäescher

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss

Den Doud vum Tony de Brum, onermiddleche Militant géint de Klimawandel, trëfft d‘Communautéit schwéier. De Mann dee besonnesch an den Accorde vu Paräis 2015 implizéiert war, ass am Alter vun 72 Joer verscheet.

Et war den Tony de Brum, deen déi international Communautéit op d‘Lous vun de klengen Inselen am Pazifik opmierksam gemaach huet. Inselen déi grad emol esou aus dem Waasser luussen, an schonns elo schwéier mam Klimawandel ze kämpfen hunn. De Mieresspigel klëmmt an e sëlleche Mënsche riskéiere méi wéi nëmmen hiert Doheem ze verléieren.

Wéi d‘Regierung vun de Marshall Inselen – eng vun den Insel-Natiounen am Pazifik déi direkt concernéiert ass – matgedeelt huet, ass den Tony en Dënschdeg an der Haaptstad Majuro un de Folge vun engem Kriibs gestuerwen.

D‘Presidentin Hilda Heine ass besonnesch traureg an erënnert: „Hie war ee Ris vun der Geschicht, eng Legend, de Wiechter vun eise gedeelter Zukunft“. An iwwer 30 Joer Carrière, hat de Mann un de Verhandlungen zu Onofhängegkeet vun den USA deelgeholl. Hie war och op verschidde Ministerposten täteg, vun der Gesondheet bis hin zum Ausseministère.

E Kand vun de 50er Joren, war den Tony de Brum och en Zeie vun den amerikaneschen Atomtester. Versich déi d‘USA an de Marshall Inselen duerchgefouert hunn, ouni Récksiicht op d‘Leit an hir Ëmwelt. Esou koum et, datt hie säi Liewe laang gekämpft huet, fir datt d‘Leit déi un de Folgen ze leiden haten, zu hirem Recht konnte kommen.

Den Tony de Brum war och ee vun de Moteure vun der „Koalitioun fir gréisser Ambitiounen“. En Zesummeschloss vun enge ronn honnert Länner. Déi haten sech zu Paräis agesat fir d‘Objektiver vun de Klimaverhandlungen zu Paräis no uewen ze korrigéieren.

„Ech weigere mech heem ze fueren ouni en Accord, deen et mer erlaabt menge Kanner an d‘Aen ze kucken an hinnen ze soen: ‚De Papp ass nees doheem, ech hunn iech ee gudden Accord matbruecht‘.

An Zäite wou de President vun enger vun de gréisste Wirtschaftsmuechten de Klimawandel fir eng Erfindung, wann net vun de Russen, dann awer wéinstens vun de Chinesen hält, huet eis eng ganz emblematesch Persoun verlooss. E gudde Grond dem Tony de Brum ze Gedenken a säi Kampf weiderzeféieren.

mat AFP

Foto: Archivbild vum Tony de Brum aus dem August 2013. E Mann dee net déi eegen Interessen, méi déi vun der Mënschheet verdeedegt huet (© Greg Wood/AFP)

Ähnlech Sujeten Klimawandel, Marshall Inselen, Pazifik, Tony de Brum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel