Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Chamberwahlen erkläert…
Neiegkeeten

D‘Chamberwahlen erkläert…

Et ass Wahlkampf, an déi politesch Parteien a Beweegunge beméien

Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!
Neiegkeeten

Dës Pro-Cannabis Petitioun huet d’4.500-Ënnerschrëften-Hürd geknackt!

Hei zu Lëtzebuerg ginn zwar duerchaus vill Petitiounen agereecht, mee

Schweden: No de Wahle gëtt et Drock vun de Nationalisten
Neiegkeeten

Schweden: No de Wahle gëtt et Drock vun de Nationalisten

Um Sonndeg hunn d‘Schweden hir Kandidate fir d‘Parlament gewielt. Wann

Eng ganz sportlech Leeschtung

3.500 Leit hunn um Challenge „Mam Vëlo op d‘Schaff“ deelgeholl

Eng ganz sportlech Leeschtung

Leschte Freideg ass d‘Aktioun „Mam Vëlo op d‘Schaff“ (MVOS) ofgeschloss ginn, an de Bilan ka sech weise loossen. D‘Editioun 2019 war op en Neits e volle Succès an et dierf een sécher sinn, datt déi meescht vun de Participanten och 2020 nees wäerte matmaachen.

An d‘Zuelen déi elo vum Verkéiersbond virgeluecht goufen, hunn et a sech: 1.165 Equippe fir 3.482 Cyclisten – déi sech tëscht dem 15. Mee an dem 31. Juli fir op d‘Schaff respektiv an d‘Schoul op de Vëlo gesat hunn – hunn hir Kilometerleeschtung an de System agespeist. Dorausser ergëtt sech, datt iwwert 1 Millioun Kilometer gestruewelt ginn ass, wat eis 200 Tonnen/CO² Emissiounen erspuert.

De Challenge gëtt et elo zanter 2008 an erfreet sech all Joer iwwert de groussen Zousproch. De Rekord huet d‘Aktioun „Mam Vëlo op d‘Schaff“ a sengem Jubiläumsjoer opgestallt. 2018 hunn 3.694 Leit deelgeholl, 1.239.953 Kilometer absolvéiert an esou 276 Tonne CO²-Emissiounen agespuert. An dat bescht: wat wéi hei der Natur gutt deet, ass och der Gesondheet zoudréiglech.

Wien de „Golden Gear Award“ erhält ass net gewosst. Dee Präis geet un déi Entreprise, Institutioun oder Schoul, déi de gréisste Grupp u Leit mobiliséiert krut. All Grupp déi 15 Deeg um Challenge deelgeholl huet, ass qualifizéiert fir un der Auslousung deelzehuelen. An am September gëtt et eng grouss Soirée fir ze feieren, dat am Kader vun der „Woch vun der europäescher Mobilitéit“.

Et goufen natierlech och nees eng helle Wull un Eenzelpräisser ze gewannen. Vum eppes méi luxuriéisen Drotiesel, bis hin zu „sportlechen“ Abonnementer an Akafsbongen. Et war deemno ganz interessant matzemaachen, woubäi déi meescht hei éischter aus Iwwerzeegung matmaachen, wéi datt et hinnen drëms géif goen eng „sportlech Héichleeschtung“ op d‘Strooss ze bréngen.

Foto: All Dag ass e gudden Dag fir mam Vëlo ze fueren

Ähnlech Sujeten Drotiesel, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, Mam Vëlo op d'Schaff, Mobilitéitszentral, Verkéiersbond
Nächsten Artikel Virrechten Artikel