Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chrëschtmaart zu Steesel: De Verwinnprogramm fir all Sënner
Neiegkeeten

Chrëschtmaart zu Steesel: De Verwinnprogramm fir all Sënner

Kuerz no Niklosdag invitéiert d’Gemeng Steesel op säi Chrëschtmaart am

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen
Neiegkeeten

UNESCO Molconcours – D’Jugend zeechent de Weltierwen

Um Freideg, de 7. Juni 2019 ass an der Stater

Vereedegung vun 33 fräiwëllegen Zaldoten zu Dikrech
Neiegkeeten

Vereedegung vun 33 fräiwëllegen Zaldoten zu Dikrech

Bei der 36. Vereedegungszeremonie um 20. Mee 2020 sinn, am

Sozialwahlen 2019: Eng Gewerkschaft iwwertrëfft sech selwer

Den OGBL geet mat 5.120 Kandidaten an d‘Sozialwahlen

Sozialwahlen 2019: Eng Gewerkschaft iwwertrëfft sech selwer

Et kann een de Houfert vun der gréisster Lëtzebuerger Gewerkschaft verstoen. Mat net manner wéi 5.120 Kandidate fir d‘Sozialwahle vun dësem Mount, hu si sech selwer iwwertraff an en neie Rekord fir d‘Wahle vun de Personaldelegéierten opgestallt.

Déi elo alleguerten op dëser Plaz virzestellen, géif de redaktionnelle Kader komplett sprengen, mee et gëtt jo de Site www.elsoc.lu wou ee se sech am Detail ukucke kann. D‘Informatioune sinn a véier Sproochen: däitsch, franséisch, englesch a portugisesch disponibel. Interessanterweis schéngt op dat lëtzebuergescht net esouvill Wäert geluecht ze ginn, mee dat ass sécherlech e strategesche Choix.

Flott dann awer d‘Navigatioun. Wien sech „säi Kandidat“ wëll eppes méi genee ukucken, brauch dofir nëmmen an d‘Rubrik „Personaldelegéiert“ ze goen. Hei an der Rubrik „Entreprisen“ ass eng Sichmaschinn agebaut, déi engem Accès zu den Entreprisen an Organisatioune gëtt, an deenen den OGBL Kandidaten opgestallt huet. Déi komplett Lëscht sollt a kierzt zur Verfügung stoen.

Fir vill Mënschen, déi sech net esou wierklech entscheede kënnen, oder nach ni u Sozialwahlen deel geholl hunn, gëtt et um Site eng kleng Hëllef. Mat „Wahl-Simulator“ kann een zumindest eng Iddi kréien, wien am beschte gëeegent ass, fir een ze representéieren. Zousätzlech ass hei um Site och de ganze Wahlprogramm anzegesinn.

Ähnlech Sujeten Kandidaten, OGBL, Personaldelegatioun, Salariatskummer, Sozialwahlen 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel