Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Mike Pence bezichtegt Peking sech an d‘US-Politik anzemëschen
indian dating in oman

De Mike Pence bezichtegt Peking sech an d‘US-Politik anzemëschen

Peking géif sech an d‘US-Politik amëschen, dat mam erkläerten Zil

mualaf dating
indian dating in oman

Aktioun Bambësch fir Ouschteren

Säit elo méi wéi véier Joerzéngten, bitt d‘Stad Lëtzebuerg de

Am Kampf géint Fake News feelt et u Kohärenz a Koordinatioun
indian dating in oman

Am Kampf géint Fake News feelt et u Kohärenz a Koordinatioun

Den Internet a sozial Medien huelen an eisem deeglechem Liewen

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?

Et ass u sech kee Geheimnis, zumindest wat d‘EU betrëfft, datt ee sëlleche Gesetzer vu Lobbygruppen – wann se net direkt vun der Industrie virgeluecht ginn – geschriwwe ginn an uschléissend zur Ofstëmmung an d‘Parlament kommen.

Dës zimlech droleg Aart a Weis, d‘Ofhängegkeet vun ënnerschiddleche Wirtschaftssecteuren ënner Beweis ze stellen, trëfft awer anscheinend net nëmmen op EU-Politiker zou. Esou ass den David Wagner, Deputéierte vun déi lénk op en Artikel am Land gestouss, deen engem ze denke gëtt.

An der Ausgab vum 28. Juli huet e fréiere Generaldirekter vun der Iwwerwaachungs-Kommissioun vum Finanzsecteur op d‘Fro vum Land-Journalist zur Finanz-Legislatioun geäntwert: „Wat ech wierklech net gutt fannen, ass datt de Finanzministère Gesetzprojete vun Affekoten-Etüden oder Audit-Firme schreiwe léisst. An de leschte Joren huet sech dës Praxis leider verbreet“.

Dat ass bosseg a verleit net derzou, der Politik Vertrauen ze schenken. Et ass virun allem glafwierdeg, well dës Method wéi gesot bei der EU scho laang praktizéiert gëtt. Organisatioune wéi Lobby-Control an Transparency International maache regelméisseg op déi Praxis opmierksam.

Mat der „copy-paste“ Method awer mécht sech et de Ministère net méi liicht am Bezuch op eng gerecht Gesetzgebung. Nee hei gi carrement Gesetzer un d‘Besoinen a Fuerderunge vun enger spezifescher Branche ugepasst. Se sinn deemno kaum am Sënn vum Bierger oder dem Land. Et ass zudeem eng Method déi d‘Regierung lächerlech mécht.

Datt et der elo gëtt, déi um Comptoir liichtfankeg behaapten, datt et bei engem DP-Politiker wéi dem Pierre Gramegna normal wier, ugesicht der Cliente-Politik, déi se verfollegt, esou se handelen, muss een dann awer relativiséieren. Sécher ass, datt deen et net dierft einfach sinn dem David Wagner seng Froen ze beäntwerten. Sécher ass leider och, datt hien net domadder ugefaangen huet.

Vill méi muss als bedréckend empfonnt ginn, datt déi Method vun der „schreif mir ee Gesetz“ sech mat grousser Wahrscheinlechkeet net op de Finanzministère beschränkt. Wa mir dann och gäre wëlle gleewen, datt een bei ganz komplexe Sujeten op Berodung ugewisen ass, datt ee Gesetz fir eng Wirtschaftsbranche net zwéngend géint d‘Interesse vum Land geriicht ass, esou kann een eis awer net gleewen doen, datt esou ee Gesetz am Sënn vum Bierger geschriwwe gëtt.

Hei stellt sech da fir mech och d‘Fro, a wéi enger Mesure de Regierungsrot, dee jo zu alle Gesetzer en Avis ofgëtt, hei involvéiert ass. Sécher d‘Membere Regierungsrot kënnen elo kee Gesetz verhënneren, sollten awer schonn en A drop hunn, vu wiem e Gesetz geschriwwe gouf, zu deem se en Avis ofginn.

Op d‘Äntwert vum Pierre Gramegna zu de Froe vum David Wagner sinn ech trotzdeem gespaant. En huet jo net wierklech eng Wiel. Entweder e seet de fréiere Generaldirekter wier ee Ligener oder e leet d‘Kaarten op den Dësch. Wéi seet en esou schéin: „affaire à suivre…“

Ähnlech Sujeten déi lénk, EU, Lëtzebuerg, Lobbyismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel