Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Mat Blutt-Spende fir d’Liewen!
https://moien.lu/who-is-eminem-dating-now-2018/ Stories

egypt dating scams

De 14. Juni dréit sech weltwäit ëm d’Spenden vum Blutt.

best application dating app
https://moien.lu/who-is-eminem-dating-now-2018/ Stories

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?
https://moien.lu/who-is-eminem-dating-now-2018/ Stories

Ass den Opnamexame fir d‘Policeschoul ze schwéier?

Nodeems de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) leschte

Eng gutt gemengte Motioun krut den Dicks gebéit

De gratis ëffentlechen Transport miss och de Service „Adapto“ ëmfaassen, esou d‘CSV-Meenung

Eng gutt gemengte Motioun krut den Dicks gebéit

Den CSV-Deputéierte Marco Schank hat um Krautmaart eng Motioun abruecht, an där d‘Propose enthale war, de speziellen Transportservice „Adapto“wéi den allgemengen ëffentlechen Transport sollt behandelt, also och misst de Leit gratis ugebuede ginn. Den Ament kascht eng Fahrt pauschal fënnef Euro, egal wouhinner d‘Rees geet…

Et ass elo der CSV hier zweet Ronn op der Oppositiounsbänk, an esou einfach wéi an der leschter Legislaturperiod wëllen et d‘Chrëschtdemokraten der Regierung dës Kéier net maachen. Si sinn richteg aktiv an de sozialen Netzwierker a fannen d‘Sujeten, déi d‘Strategie vun enger konstruktiver Oppositiounsaarbecht ënnersträicht. Esou bei der Verfassungsreform an der Biolandwirtschaft.

Motioun

Net alles kënnt gutt bei dësem Publikum un, a wéi d‘CSV hir Kommunikatiounsoffensiv am Kader vun der Regierungsentscheedung, d‘Gratuitéit am ëffentlechen Transport integral ëmzesetzen, lancéiert huet, haten si an dat oft genannten Harespelsnascht gestach. (Op de Moien 10 Auer war de Post op Facebook 105 mol kommentéiert ginn).

An dësem Post behaapten d‘CSV sech drop, datt d‘Regierung sech géif géint de gratis Transport fir Mënsche mat spezifesche Besoine géif stäipen. „Blo-Rout-Gréng refuséiert de Leit mat Handicap de gratis Transport “Adapto”. D’CSV bedauert dat. Mär halen un eiser Fuerderung fest a froen de gratis ëffentlechen Transport och fir déi handicapéiert Leit. Dat ass déi falsch Plaz fir ze spueren“.

Wéi kënnt et zu esou enger Ausso?

Ma dat Ganzt huet säin initialen Depart en Dënschdeg an der Chamber geholl. Do hat de Marco Schank eng Motioun deponéiert, a zu dëser gouf dann et och an der ëffentlecher Sëtzung eng Diskussioun. An der Motioun huet den Norddeputéierte gefrot de Service „Adapto“ dee Persoune mat spezifesche Besoine virbehalen ass, grad wéi déi aner Servicer 2020 gratis unzebidden.

Eng Fuerderung un a fir sech, am Kontext vun der sozialer Kohäsioun an dem Fait datt laut eiser Verfassung all Mënsch muss gläich behandelt ginn, där een net wierklech eppes entgéint ze setze sollt hunn. Elo verhält et sech leider esou, datt „Adapto“ am Wuertlaut keen ëffentlechen Transport, mee ganz kloer en „Taxi-Service“ ass, an et dofir gutt Argumenter gëtt, eng Bedeelegung ze froen.

MotiounAktuell bezilt de Client e Forfait an Héicht vu 5 Euro fir en einfachen „Aller“ an 8 Euro fir den „Aller-Retour“. Dat ass net der Däiwel vill Geld, firwat et wichteg drop hinzeweisen, datt och dëse Service vun der Staatskeess subventionéiert gëtt. Et ass also net ëmmer alles esou einfach wéi et sech op den éischte Bléck ugesäit. Zudeem ass net gewosst, wéi et mat dësem Service weidergeet.

Reforméieren oder komplett ëmgestallten?

Déi Deputéiert Josée Lorsché (déi gréng) huet an hirer Interventioun drun erënnert, datt d‘Majoritéit virgeschloen hat dës Motioun an der zoustänneger Kommissioun am Fong ze beroden. Dat géif och Sënn maachen, well esouwäit de leschte Stand vun der Informatioun: dee ganze System soll nach emol gepréift an iwwerschafft ginn. Dat hätt dem Mobilitéitsminister François Bausch gutt gefall.

Mee et geet och drëms seng Oppositiounsaarbecht no baussen ze representéieren, an esou war ee sech bei der CSV duerchaus am kloren, datt d‘Motioun den Dicks géif gebéit kréien, dat sech awer nees politesch beschtens verwäerte léisst, wat jo och a gewësser Mooss esou de Fall ass. Ob et der Saach u sech entgéint kënnt, bleift oppen. Et suergt jiddefalls schonn emol fir Gespréich am Land.

Motioun

Dobäi hat de Minister François Bausch der Iddi vum Marco Schank keng Ofso entgéint bruecht, mee bemierkt, datt esou ee Konzept gutt wëll iwwerluecht sinn. Dat konnt de Norddeputéierten esou net gëlle loossen an Argumentéiert: „Wann eng valid Persoun an de Kino wëll, hëlt si de Bus a ka gratis hin an hir fueren. E Behënnerte muss dofir bezuelen an dat ass diskriminéierend“.

Firwat net a Rou matenaner diskutéieren?

Huele mir en Ament eppes méi aus, an erënneren drun, datt wéi de François Bausch de Ministère 2013 iwwerholl huet, gouf am ganze Land genee een (an Zuelen „1“) Gefier dat entspriechend ausstafféiert war. Haut sinn et der ronn 250 déi duerch d‘Land fueren an de Leit, fir déi se och geduecht sinn, immens Servicer leescht a virun allem nees en Zougang zur Mobilitéit bitt.

De Ministère investéiert aktuell ronn 12 Milliounen Euro an dëse Service. Datt et fir esou ee Service (et gëtt een Doheem ofgeholl an do ofgesat wou een hi wëll) eppes wéi eng Bedeelegung gëtt, déi zudeem minimal ass, dierft net de Problem u sech sinn. Woubäi och gefaart gëtt, datt wann den „Adapto“ sollt gratis ginn, een der Demande net méi géif nokommen. Och dat ass méiglech.

Motioun

Wann een elo dat Ganzt eppes aus der Distanz a mat Rou betruecht, da kann een de Fazit zéien, datt de Sujet wierklech enger déifgräifender Reflexioun bedierf. Et wier sécherlech net vu Muttwëll, an Härtefäll, also wann d‘Akommes wierklech geréng ass, d‘Eegebedeelegung ze iwwerdenken. Et sollt een allerdéngs berécksiichtegen, datt de valide Bierger deen den Taxi rifft, dësen och bezilt.

Foto: Adapto, e Service dee wichteg an noutwenneg ass. D‘CSV geséich et gären, wa mat der Aféierung vum gratis ëffentlechen Transport, och dëse Service géif an d‘Gratuitéit agebonne ginn. Den zoustännege Minister huet gutt Argumenter déi dergéint schwätzen, mee et géif sech den Ament souwisou mat enger „Revisioun vum System“ beschäftegt ginn. © Sales Lentz

Ähnlech Sujeten ADAPTO, CSV, François Bausch, Gratis Ëffentlechen Transport, Marco Schank
Nächsten Artikel Virrechten Artikel