Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schlecht Stëmmung bei der Post
Neiegkeeten

Schlecht Stëmmung bei der Post

Bréifdréier an Schalterpersonal geroden ënner Drock, Clientë kréie ferm an

surprise
GLOW ass frësch, speziell a staark
Neiegkeeten

GLOW ass frësch, speziell a staark

Gorgeous Ladies of Wrestling. Dofir steet GLOW. Den Numm ass

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt
Neiegkeeten

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum

Et gëtt eng „hot“ Rentrée

Et gëtt eng „hot“ Rentrée

Déi politesch Rentrée dierft, streng geholl, net onwiesentlech méi liicht vun der Hand goen, wéi déi vun eise Krapperten a Knetzelen. Dat elo manner wéinst den drasteschen Hygiènesmesuren, déi jo och fir d‘Volleksvertrieder gëllen, wéi dann enger Rei Dossieren, déi den zoustännege Ministere fir d‘Reprise ënnert de Fanger brennen.

En Himmel voller Iwwerraschungen

Esou ass do deen ominéise Militärsatellit „LUXEOSys“ deen de François Bausch iwwert Ëmweeër vum Etienne Schneider verierft kritt huet an un deem hie noutgedrongen elo och muss festhalen. A well dësen Observatiounssatellit zur Verdeedegung vun der Demokratie an de Mënscherechter soll agesat ginn, fält datt dem grénge Politiker och zimmlech liicht, woubäi et do scho Widderstand gëtt.

D‘Kommissioun vun der budgetärer Ausféierung ass nach ëmmer domadder beschäftegt, endlech gewuer ze ginn, firwat dëse Projet deen 2018 gestëmmt ginn ass, elo nach emol 180 Milliounen Euro soll zougestane kréien? D‘Oppositioun, déi sech mat dem ganze Gemauschels ufänkt schwéier ze doen, hat elo ee klengen Tête-à-tête mam Generol Alain Duschène, an dee war Wee weisend.

Esou sinn se gewuer ginn, datt obwuel et eigentlech virgesi war, datt d‘Antennen zur Gestioun vun de Satelittendaten um Härebierg zu Dikrech sollten installéiert ginn, de Generol zu kengem ament an dëse strikt militäresche Projet agebonne gi war. Jo net emol säi Rot schéngt erwënscht gewiescht. Elo ass gewosst, datt dat vun Ufank un um Härebierg guer net méiglech gewiescht wier.

An esou ergëtt et sech dann, datt d‘Gestioun elo vun eise belsche Kosengen op der Basis vu Redu iwwerholl gëtt. Gutt et sollt ee mengen, datt bei Satellitten d‘Spezialiste vun der SES och ee Wuert matschwätzen dierften, mee de GovSat-1 gouf de „Spioune vu Betzder“ jo och net uvertraut. De LUXEOSys jiddefalls gëtt elo duebelt esou deier wéi virgesinn, dat verlaangt eng Erklärung…

Eng grouss Wiss mat ville Falen

Den nächste Volet, deen an der Chamber fir erhéichte Bols dierft Suerg droen, ass dee vun der zu Diddeleng/Beetebuerg an der Industriezon Wolser geplangte Bau vun enger Jughurtsfabrick. Déi Diddelenger sinn derfir an all déi aner – och a besonnesch Beetebuerg – sinn dergéint. Woubäi och de Wirtschaftsminister Franz Fayot an den Aarbechtsminister Dan Kersch, éischter derfir sinn.

Säitens dem Rechnungshaff gëtt sech mat der Vente vun den Terrainen un Fage International S.A. beschäftegt, den Ëmweltministère huet den Aarsch tëscht zwee Still, well d‘Prozedur nach ënnert dem „fréiere Modell“ lancéiert ginn ass, an der zoustänneger Ministesch hei d‘Hänn eppes gebonne sinn. Dat heescht net datt se „muss“ gebaut ginn, mee et gesäit fir den Ament nach alles duerno aus.

Interessant dierft et sinn, wat den Aarbechtsminister an der zoustänneger Kommissioun zu de Pläng vum Maharadscha ze soen huet. Den Inder wëll sech bekanntlech vun iwwerflëssege Ressourcen trennen, wat bedeit, datt 570 Stolaarbechter deemnächst nees méi Zäit fir hir Familljen hunn. An do wier och nach d‘Verfassungsreform, déi nach an dëser Legislaturperiod sollt virgeholl ginn.

Fir eis als Journalisten, dierft vu groussem Interessi sinn, wéi d‘Aarbechten zum Hëllefsregime fir d‘Medie verlafen. Hei steet jo bekanntlech eng déifgräifend Reform un, an déi sougenannt „elektronesch Medien“ hätten hei eppes méi ze gewannen. Woubäi… den Ament ginn och „do“ nëmmen ausgewielten Haiser berécksiichtegt, wann ëm d‘Vergab vum Staatscampagne geet.

Illustratioun: © Ricardo Gomez Angel / unsplash

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Chamber, Fage, Jughurtsfabrick, LUXEOSys, politesch Rentrée, Pressehëllef, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel