Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bio a Vegan – De Funk-Bricher verbënnt Ideologien
celebs dating 2017

Bio a Vegan – De Funk-Bricher verbënnt Ideologien

Et muss een et deene Käerjenger loossen, si hunn et

who is dating melissa mccarthy
celebs dating 2017

relative dating relies heavily on the principles of

De 26ten Mäerz huet d’EU Parlament fir déi geplangte Copyrightreform

BD-Festival Contern: „E schéine Jubiläum!“
celebs dating 2017

BD-Festival Contern: „E schéine Jubiläum!“

Längst eng Traditioun an net méi aus dem Kulturkalenner ze

Eng illustréiert Kritik fir e Budget

Um Krautmaart ass trotz Staatstrauer iwwert de Staatshaushalt debattéiert ginn

Eng illustréiert Kritik fir e Budget

Den Dout vum Groussherzog Jean huet de politesche Kalenner vun der Chamber beaflosst, an esou ass de Budget 2019, dee scho wéinst de Chamberwahlen am Oktober mat Verspéidung ze kämpfen hat, nach emol ëm 24 Stonne verréckelt ginn. Gëschter wéi gesot den Debat, haut dann de Vott.

Elo haten sech vill Membere vun der Koalitioun, an net zulescht de Chamberpresident Fernand Etgen (DP) erhofft, datt opgrond dem Stierffall, den Debat mat entspriechender „Retenue“ géif gefouert ginn. Deem, esouvill dierf ee festhalen, ass nëmmen deels Rechnung gedroe ginn. Et steet dann och scho fest, datt de Budget nëmme mat de Stëmme vun der Koalitioun wäert ugeholl ginn.

Virgestallt ginn ass de Budget vum Rapporteur André Bauler (DP), a resuméiert kann ee festhalen, datt de Budget d‘Grondlag muss duerstellen, fir d‘Land méi „gerecht“ ze maachen, a gläichzäiteg sécherstellt, datt Lëtzebuerg e wirtschaftlech attraktiivt Land bleift. De Staatshaushalt soll déi sozial Kohäsioun begleeden an d‘Gesellschaft „nohalteg“ stäerken. Esou zumindest de Rapporteur…

Intervenéiert hunn och de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP) an de Wirtschaftsminister, Etienne Schneider (LSAP). Si hunn d‘Staatsfinanzen an de schéinste Faarwe presentéiert, wat ugesiichts der aktueller Konjunktur net déi schwieregst Aufgab vum Dag war. Iwwerzeege konnt d‘Regierung elo d‘Oppositioun net, woubäi dat eigentlech d‘Regel ass, an zum politesche Kontext esou passt.

Vun Hamsterrieder an Aarmut trotz Aarbecht

Wann een aleedend drop hiweise kann, datt vun der Oppositioun den iwwerdriwwenen Optimismus an de Mangel un Transparenz ervirgehuewe gi sinn, esou sinn eng ganz Rei Virwërf an de Raum gestallt ginn, déi zumindest Deeler vun der Regierung sollten an Erklärungsnout bréngen. An dat ass net eleng de feelende politesche Visioune geschëlt, mee och dem Ëmgang mat der EU-Politik.

D‘Fraktiounscheffin vun der CSV, Martine Hansen, bréngt et dann och op de Punkt, a stellt fest, datt sech ëmmer méi Mënschen am „Hamsterrad“ erëmfannen. Et géifen ëmmer méi Mënschen duerch hirer Hänn Aarbecht „iwwerliewen“ wéi datt si „dovunner Liewen“ kéinten. Esou stellt een déi sozial Stabilitéit vum Land a Fro, an dat an Zäite vun enger quasi „Vollbeschäftegung“.

An dat mam Wuesstem ass esou eng Saach. Wann de BIP (Bruttoinlandprodukt) weider klamme soll muss et méi Hamsterrieder ginn, firwat ee säitens der Piratepartei feststellt: „D‘Regierungspolitik gëtt zu laaschte vun de kommende Generatioune gefouert“, esou den Deputéierte Sven Clement, dee mentionnéiert, datt et awer nach gelongen ass, jidderengem e Kaddo zouzegestoen.

De Faktor Mënsch…

Vum Martine Hansen gëtt et dann nach d‘Feststellung, datt d‘Liewensqualitéit vun de Mënschen net an den iwwer 1.000 Säite vum Budget erauszeliesen ass. Wien sech net wuel fillt, dréit net méi zur wirtschaftlecher Entwécklung vum Land bäi. Esou betruecht, ass d‘Schlussfolgerung vun der CSV, datt de Budget op wackelege Féiss steet, net emol mat den Hoer erbäigezunn.

Fir den David Wagner (déi lénk) läit ugesiichts deem virgeluechte Budget, de Verdacht no, datt dës Regierung sech nees op eng „Austeritéitspolitik“ zoubeweegt. Eng Regierung déi grad emol 50% vun hirem Haushalt fir „Soziales“ opewannt, dofir awer den Entreprisen – hei virun allem de groussen auslännesche Konzerner – „entgéint kënnt“, féiert bewosst Ongläichheeten erbäi.

Et wier net normal, esou déi lénk, datt d‘Menagen zu Lëtzebuerg fir 55% vun de Recette vum Staat verantwortlech wieren. D‘Entreprise droe grad emol mat 33% derzou bäi. Krass wier et da musse festzestellen, datt trotz alle Kaddoen a Virdeeler, déi „privat Investissementer“ sech a grenzen halen, entgéint de blimmelege Verspriechen, déi d‘Finanz- a Wirtschaftsminister esou verbreet hunn.

Nach e bëssi Gestreits an dann zum Vott

Haut de Moien ass et dann nach d‘Interventioun vun der ADR, déi eis Opmierksamkeet wäert beusprochen. Uschléissend dierft de Finanzminister Pierre Gramegna sech mat den Awänn an Aussoe vun der Oppositioun beschäftegen, an dësen entspriechend Ried an Äntwert ginn.

Hei sollt et dann och eventuell zur Erklärung kommen, wat et mam previsionnelen Defizit an Héicht vu 650 Milliounen Euro op sech huet, déi op d‘Zentralverwaltung entfalen. Falls net, ännert et och näischt um Fakt, datt de Budget mat de Stëmme vun der Majoritéit wäert ugeholl ginn. Et schéngt dann och, zumindest wann ee sech ëmhéiert, dobausse kaum een ze interesséieren.

Foto: Alexa / Pixabay

Ähnlech Sujeten Budget 2019, Chamber, Debat, Defizit, Krautmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel