Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 22. September: Dag vum Timber zu Käl-Téiteng
Neiegkeeten

Den 22. September: Dag vum Timber zu Käl-Téiteng

2018 fënnt den Dag vum Timber an der Schongfabrick zu

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer
Neiegkeeten

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer

Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech

Dammefussball: Den SC Beetebuerg bleift och um 14 Spilldag ongeschloen
Neiegkeeten

Dammefussball: Den SC Beetebuerg bleift och um 14 Spilldag ongeschloen

Beim Spëtzematch am Dammefussball, haten d‘Damme vum SC Beetebuerg, de

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp

D‘CSV setzt bei den Europawahlen op eng jonk Equipp

Nodeems de Frank Engel als President vun der CSV net méi fir e Mandat am Europaparlament zur Verfügung steet, de Georges Bach sech net méi opstellt an d‘Viviane Reding nees national Politik mécht, hat sech déi chrëschtlech sozial Vollekspartei enger Erausfuerderung ze stellen.

Wéi a mat wiem kann een als CSV, déi fir Lëtzebuerg an Europa beschte Kandidaten opstellen? Ma ganz einfach: Wann ee souwisou am Begrëff ass sech erneieren ze wëllen, da kann et net schueden enger jonker Equipp d‘Chance fir e Mandat am Europaparlament ze bidden. Eng Konditioun: et muss ee wierklech Europapolitik maache wëllen. Dat ass eng couragéiert awer gutt Entscheedung.

Den Altersduerchschnëtt vun der Equipp bedréit 41 Joer. Datt ass richteg jonk, an de CSV-President Frank Engel – nach EU-Deputéierten – beweist mat dëse Kandidaten, datt d‘Erneierung déi hien der Partei versprach huet, och tatsächlech stattfënnt. Mat der Presentatioun vun dëse Kandidaten, huet d‘Gespekuléiers en Enn. Den Nationalcomité, huet d‘Lëscht mat 94 vun 103 Stëmmen ugeholl.

Jonk, dynamesch an europäesch

Interessant: et sinn net eleng méi „jonk“, mee virun allem „nei“ Gesiichter déi d‘CSV an d‘Rennen ëm d‘Mandater fir d‘Europaparlament schéckt. Et gëtt bewosst op déi politesch Schwéiergewiichter verzicht, dofir op Kompetenz an Engagement gesat. Esou féieren den Europadeputéierten an Nofolger vum Viviane Reding, Christian Hansen, an d‘Stater Schäffin, Isabel Wiseler, d‘Lëscht un.

Vervollstännegt gëtt d‘Equipp vum Buergermeeschter vu Rouspert-Mompech, Romain Osweiler; dem Schäffe vun der Gemeng Mäerzeg, Stefano d‘Agostino; der Gemengeconseillère vu Maacher, Liane Felten; an der CSJ-Kandidatin, Martine Kemp. Si ass zugläich mat 24 Joer dat „jéngst“ am Bond, an ass vun der CSV-Jugendsektioun virgeschloe ginn. Mee geet dat elo duer?

D‘CSV huet den Ament dräi Mandater am Europaparlament, a geséich et mat engem gudden A géif et nach e Mandat weider. Op a wéi dat sech mat enger neier Equipp bewierkstellege léisst, wou jo awer d‘Kandidaten „éischter op lokalem Niveau bekannt sinn“, léisst sech net mat Bestëmmtheet soen, ëmmerhin hunn och déi aner Parteien zu Lëtzebuerg Ambitiounen a gutt Kandidaten.

Europa ass besser wéi säi Ruff

Trotzdeem dierf een hei eng Lanz fir dem Frank Engel seng „Europalëscht“ briechen. De Christian Hansen huet ewell eppes Erfarung, an am Parteipresident hunn se alleguerten e „Mentor“ deen d‘Strukture gutt kennt, fir net ze soen „weess wéi den hues leeft“. Mee dat wichtegst ass a bleift d‘Engagement fir Europa, mat senge Wäerter a senge Bierger. A genee dat vereent dës Equipp.

De Frank Engel hat e Samschdeg zu Hesper, awer nach eng Rei weider Iwwerraschungen am Gepäck. Esou wëll hien e Wahlkampf féieren, dee sech op déi positiv Akzenter vun „Europa“ konzentréiert, an d‘Virdeeler vun der Unioun ervirsträichen. Datt soll d‘Problemer net vertuschen, déi gëtt et leider och, mee déi europäesch Unioun ass e Garant fir Fridden an Demokratie.

E Fridden an eng Demokratie, déi vun e puer ongehuwwelte Gestalte méi wéi nëmmen a Fro gestalt gëtt. Dat ze erhalen, an Europa e Stéck wäit méi sozial ze maachen, ass den Optrag och vun den CSV-Kandidaten. Elo muss d‘Equipp et nach de Wieler iwwerzeegt kréien, datt si net nëmme mat gudden Absichte Kandidéieren, mee och gewëllt sinn d‘Institutioun Europa ze stäerken.

Foto: © CSV

Ähnlech Sujeten Christian Hansen, CSV, Europawahlen 2019, Isabel Wiseler-Lima, Liane Felten, Martine Kemp, Romain Osweiler, Stefano d‘Agostino
Nächsten Artikel Virrechten Artikel