Search

You may also like

OGBL: 40 Joer jonk an keng Unzeeche vu Midlifecrisis
International Neiegkeeten

OGBL: 40 Joer jonk an keng Unzeeche vu Midlifecrisis

Et war richteg eng lass, gëschter Owend an der „Maison

27, 65 % – Mee Aarmut stéiert si net! (Carte Blanche)
International Neiegkeeten

27, 65 % – Mee Aarmut stéiert si net! (Carte Blanche)

27,65% – Déi Zuele sinn net d’Resultat, déi eng Partei bei

Piraten enttäuscht iwwert Lëtzebuerger EU-Deputéiert
International Neiegkeeten

Piraten enttäuscht iwwert Lëtzebuerger EU-Deputéiert

D‘Pirate sinn enttäuscht vun den zwee Lëtzebuerger EU-Parlamentarier, déi beim

Den Erdogan erkläert mat senger Invasioun dem Assad de Krich

D'Situatioun a Syrien spëtzt sech zou!

Den Erdogan erkläert mat senger Invasioun dem Assad de Krich

Nodeems d‘Kurdemiliz YPG Damaskus ëm Ënnerstëtzung géint den tierkeschen Agresseur gebueden huet, huet Ankara mat militärescher Gewalt gedréit. Dat ass faktesch näischt anescht wéi eng Krichserklärung. E Krich deen, gemooss um internationale Recht, eigentlech scho mat der Invasioun vun der Regioun Afrine, erkläert ass.

D‘Tierkei huet um Méindeg déi Syresch Regierung gewarnt, de Kurden an der nordsyrescher Regioun Afrine zu Hëllef ze kommen. Laut dem tierkeschen Ausseminister Mevlüt Cavusoglu asst déi tierkesch Arméi bereet géint jiddereen ze kämpfen, deen sech op d‘Säit vun der Kurdemiliz YPG stellt.

„Wann de Regimm andréngt fir d‘YPG ze schützen, oder hinne Schutz ze ginn, ka keen eis, d‘Tierkei an déi tierkesch Zaldote, stoppen“, esou den tierkeschen Ausseminister bei engem Besuch am jordaneschen Amman. Eng kloer Bedreeung, déi och net zoufälleg ausgeschwat gëtt: zanter 2011 wëll d‘Tierkei de Stuerz vum syresche President Baschar al-Assad erbäiféieren.

D‘Operatioun “Olivenzweig” geet an den 2. Mount

Déi tierkesch Aggressioun géint d‘Kurdemiliz YPG, an domatter och d‘Invasioun vun der nordsyrescher Regioun Afrine, geet haut a säin zweete Mount. Eng Léisung ass net ersiichtlech. Ankara huet sech an senge Bierger geschwuer, d‘Kurden auszeläschen. Eng Situatioun, déi esou vu Washington net guttgeheescht gëtt.

Un der Säit vun den tierkeschen Truppen fënnt een och syresch Rebellen. Si kämpfen eigentlech géint den Assad-Regime. Si sinn der Tierkei, déi si mat Waffen a Munitioun beliwwert, awer méi wéi nëmmen ee Gefale schëlleg. Déi kurdesch Miliz, déi eng wichteg Roll am Konflikt mam Islamesche Staat (IS) spillt, gëtt vun den USA an Däitschland ënnerstëtzt.

Laut Ankara, leeft d‘Offensiv gutt a wéi virgesinn. Dat, obwuel een 32 Zaldote bei den Ausenanersetzunge verluer huet. Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet um Samschdeg behaapt, datt déi tierkesch Arméi zesumme mat de syresche Rebellen, e Gebitt vun 300 Quadratkilometer ageholl hunn. Dobäi sollen se honnerten „Terroristen“ eliminéiert hunn.

Et ass eng Besatzung déi eenzeg dem Schutz vun der tierkescher Grenz dénge soll, esou Ankara. Gleeft een den Informatiounen vum syresche Mënscherechtsobservatoire (SOHR), dann hunn d‘Tierken d‘Kontroll vu 35 Dierfer iwwerholl. Déi géifen awer fir den gréissten Deel no un der tierkescher Grenz, am Norde vun der Regioun Afrine, leien.

Konfus Informatiounen

D‘SOHR leet dann och aner Affer-Zuele vir: 240 pro-Ankara Kämpfer, ronn 200 Membere vun der Kurdemiliz YPG an op mannst 94 Zivilisten, sollen am Kader vun der tierkescher Aggressioun verstuerwe sinn. Dat gëtt vun der tierkescher Regierung schaarf dementéiert. Besonnesch den Deel deen d‘Ziviliste betrëfft, gëtt als pro-kurdesch Propaganda bezeechent.

„Et muss een en Ënnerscheed tëscht der politescher Rhetorik, respektiv politescher Propaganda, an der Realitéit um Terrain maachen“, ënnersträicht d‘ Doktesch Jana Jabbour, vum CERI/Sciences Po an Auteure vun „La Turquie, l‘invention d‘une diplomatie émergente“ (CNRS 2017). Si ass dann och iwwerzeegt, datt d‘Kurdemiliz gutt géint d‘tierkesch Zaldoten opgestallt ass.

„Mir hu keng Anung wéi laang de Widderstand wäert unhalen“, esou den Abdullah Agar. Hien ass en tierkeschen Analyst, laut deem déi tierkesch Arméi nach net an d‘Stad Afrine „amarschéiert“ ass. De Grond: e ze grousse Risk fir d‘Ziviliste. An och wann Ankara nëmme 15% vum Territoire ageholl hätt, esou hätt déi tierkesch Arméi d‘Moral vun den YPG-Combattanten zerstéiert.

Wien fir de Fridden ass, riskéiert de Prisong

„Trotz de Schwieregkeete vun der Tierkei um Terrain wierklech virunzekommen, héijen d‘Regierung an de President Erdogan den Toun an entwéckelen eng Rhetorik, déi geduecht ass, de Nationalstolz ze animéieren an d‘Vollek ronderëm d‘Muecht ze vereenegen“, esou d‘Jana Jabbour.

An tatsächlech traut sech eenzeg d‘HDP (Demokratesch Vollekspartei), Oppositioun géint dëse Krich ze maachen. All Kritik gëtt dann och an der Tierkei brutal a konsequent bestrooft. 786 Persounen, déi géint de Krich manifestéiert, oder an de sozialen Netzwierker „Propaganda“ gemaach hunn, si laut dem tierkeschen Inneministère verhaft ginn.

Krichserklärung

Tierkesch gestëtzt syresch Rebelle bei der Stad Slawah, keng 10 Kilometer vun der tierkesche Grenz ewech. Si hunn hei Stellung bezu fir d‘Kurdemiliz YPG „a Schach“ ze halen. Ankara huet Damaskus gewarnt, sech hei anzemëschen, woubäi de syresche Regimm awer och grad géint dës Rebelle virgeet, an dowéimnst net ofgeneigt ass de Kurden eng Hand unzepaken. © Omar Haj Kadour/AFP

Op diplomateschem Niveau, sinn d‘Spannungen tëscht Ankara a Washington immens. D‘Tierkei, déi sech duerch d‘Fräiloossung vum Welt-Journalist Deniz Yücel erhofft, vun Däitschland politesch ënnerstëtzt ze ginn, bedreet ewell ganz oppen d‘Amerikaner. Si verlaange vun den USA net manner, wéi sech aus Manbij ze verfuussen. Do verfollegen se zesumme mat der YPG déi lescht IS-Kämpfer.

Bei der Visite vum US-Staatssekretär Rex Tillerson zu Ankara (15./16. Februar) gouf et Gespréicher an Entrevue mam Erdogan an dem Cavusoglu ginn huet. Si sollten eigentlech fir Rou tëscht de „NATO-Partner“ suergen. Mam Statement „mir hunn eis drop gëeenegt, eng Léisung fir de strategesche Standuert Manbij ze fannen“, ass erkennbar, datt sech d‘US-Arméi net wäert zréckzéien.

Russland huet och Interessen

Moskau ass e Partner vu Syrien, an huet an dëser Regioun och e Wuert matzeschwätzen. De Russen ass also och dru geleeën, datt et zu engem Ofkommes tëscht der Kurdemiliz YPG an de Regierungstreie Kräfte kënnt. Et géif zumindest dem Regimm vum Baschar al-Assad erméiglechen, nees d‘Kontroll iwwert seng nërdlech Grenz ze iwwerhuelen.

D‘Bezéiung tëscht der syrescher Regierung an de Kurden am Norde vum Land ass ambivalent. Am Biergerkrich hu se wou et nëmme gaangen ass Zesummestéiss verhënnert. A si hunn esouguer zäitweis zesumme géint Extremistegruppe gekämpft. Et ass allerdéngs och richteg, datt béid „Parteien“ eng ënnerschiddlech Virstellung iwwert d‘Zukunft vu Syrien hunn.

D‘Kurdemiliz gesäit seng „Partenariater“ pragmatesch. „Mir kënne mat all Säit zesummeschaffen, déi eis eng hëllefend Hand reecht am Liicht vun de barbaresche Verbriechen an dem internationale Schweigen dozou“, esou de Jia Kurd, ee vun de Leader vun der Kurdemiliz, ugesicht der tierkescher Invasioun. An et ass och richteg, datt déi syresch Arméi, d‘Kurden sech fräi beweege léisst.

Ankara a Moskau hunn sech och iwwert d‘Situatioun ënnerhalen, déi mat der Operatioun Olivenzweig ervirgeruff ginn ass. Den Erdogan soll mam Putin telefonéiert hunn, wou d‘Russen iwwert de leschte „Stand“ informéiert gi sinn. Sollt awer elo Damaskus tatsächlech mat de Kurden zu engem Accord kommen, stengen sech d‘Tierkei a Russland géinteniwwer.

An hei ass et d‘Tierkei, déi de Sprengstoff liwwert. Während den Assad mam Putin, d‘YPG mat den USA an der syrescher Regierung, d‘Tierkei mat an awer géint de NATO-Partner agéiert, ouni ze vergiessen, datt den IS zwar um Buedem net awer zerstéiert ass, hei eng onméiglech Situatioun besteet. A vun de UNO ass séier wéineg ze héieren…

mat AFP an Indymedia

Foto: Eng kurdesch Fra danzt mam Fändel vun der kurdescher Natioun bei enger Maniff an der Stad Jandairis, direkt bei der tierkescher Grenz a knapp 18 Kilometer vun Afrine ewech. Hei hunn syresch Kurden, Araber a Syrer géint de Krich an d‘Aggressioun vun Ankara demonstréiert. © Delil Souleiman/AFP

Related topics Ankara, Baschar al-Assad, Damaskus, Kurdemiliz YPG, Moskau, Recep Tayyip Erdogan, Rex Tillerson, USA, Vladimir Putin
Next post Previous post