Search

You may also like

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa
Neiegkeeten

E Buergermeeschter a säi Mea-Culpa

De Buergermeeschter (a gréngen Deputéierten) vun Déifferdeng gëtt vun den

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien
Neiegkeeten

USA begleeden de Regimewiessel a Groussbritannien

Dem Donald Trump ass u Groussbritannien vill geleeën, schonn eleng

Frankräich huet gewielt:
Neiegkeeten

Frankräich huet gewielt:

an der zweeter Ronn: Le Pen versus Macron Fir d’Observateuren

Eng Lektioun fir de Juncker

Eng Lektioun fir de Juncker

De britesche Brexit-Minister David Davis huet ee Freideg gemengt, datt de President vun der europäescher Kommissioun Jean-Claude Juncker „.. net nach eng Kéier wäert probéieren, sech an d‘britesch Walen anzemëschen.“ nodeems London d‘läscht Woch den Toun géintiwwer Bréissel gehuewen hat.

An engem Gespréich mam Daily Telegraph ass den David Davis op eng méi mouvementéiert Sequenz tëscht London a Bréissel zeréckkomm, déi derzou gefouert hat, wou Premierministesch Theresa May nawell zolidd mat den europäeschen Instanzen an d‘Geriicht gaangen ass. Si huet do verschidde Leit beschëllegt sech an d‘Parlamentswahlen vum 8. Juni am „Empire“ anzemëschen, nodeems an diverse Medien Artikele publizéiert gi waren an deene zum Ausdrock bruecht ginn ass, datt de Jean-Claude Juncker behaapt hätt d‘Theresa May géif an enger aner Galaxie liewen, am Bezuch op hir Fuerderunge am Kader vun de Verhandlungen.

Lektioun kapéiert

Fir ganz éierlech s ze sinn, ech denken datt hien (de Juncker) d‘Lektioun elo kapéiert huet“, sot den David Davis, a weider: „Hie wäert et sech nach eng Kéier erlabe sech an déi britesch Walen anzemëschen.“ De Brexit-Minister estiméiert dann och, datt et wuel ee puer Leit bei de Kommissioun muss ginn déi wëssentlech Informatioune un d‘Presse weidergeleet hunn fir der Premierministesch ze schueden an esou och seng Positioun bei de Verhandlungen ze schwächen. Verhandlunge, déi direkt no de Walen sollen an Ugrëff geholl ginn.

Si wëssen, datt eng Stëmm fir d‘Theresa May seng Positioun bei de Verhandlunge dierft stäerken“ seet den Davis. Zu Bréissel gesäit den Negociateur vun der EU, Michel Barnier, dat eppes méi geloosse a rifft London op d‘Verhandlunge ouni Aggressivitéit unzegoen. „Wa mir am géigesäitege Respekt verhandelen an oppe sinn fir Léisunge ze fannen, da besteet kee Grond, datt Europa net un enger gudder Relatioun mat Groussbritannien sollt festhale.

Datt et allerdéngs och ëm en décke Pak Suen geet, besonnesch wat d‘Fuerderunge un Groussbritannien betrëfft, bleift onbestridden. Verständlech also och, datt London alles wäert drusetze fir d‘Rechnung kleng ze halen. Muss ee wëssen dat hei awer eng Zomme vun no un de 60 Milliarden Euro am Raum steet. Déi fënnt sech och zu London net einfach emol esou an der Portokees.

Related topics Brexit, England, EU, London
Next post Previous post