Search

You may also like

surprise
Soll Lëtzebuerg een eenzege Wahlbezierk kréien?
International Neiegkeeten

Soll Lëtzebuerg een eenzege Wahlbezierk kréien?

Et ass eng Diskussioun, déi ëmmer erëm opkënnt: Soll Lëtzebuerg

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert
International Neiegkeeten

What the Fakt: Virun 200 Joer gouf d’Grenz tëscht Kanada an den USA definéiert

Um 20. Oktober 1818 eenegen sech d’USA a Groussbritannien mam

Och de Mäerz verzeechent positiv Entwécklungen um Aarbechtsmarché
International Neiegkeeten

Och de Mäerz verzeechent positiv Entwécklungen um Aarbechtsmarché

Op e Joer gekuckt waren 411 Persoune manner ouni Aarbecht,

De brasilianesche President huet eng liicht Gripp

Et ass amtlech: de Jair Bolsonaro, deen de Covid19 ëmmer als „liicht Gripp“ bezeechent huet, ass „positiv getest“ ginn. Et schéngt him awer un näischt ze feelen…

De brasilianesche President huet eng liicht Gripp

No engem Test am Militärspidol zu Brasilia, huet de faschistesche President vu Brasilien bestätegt, datt hien sech mam Coronavirus Covid19 infizéiert huet. Ganz esou fräiwëlleg war den Test net, mee nodeems hien an de leschten Deeg Symptomer opgewisen huet – Féiwer a Glidderschmäerzen – war et dem Diktaturnostalgiker wuel awer net méi egal, an hien huet medezinesche Rot gebraucht.

E Méindeg hat hien – entgéint sengen eegene Prinzipien – en Gesiichtsmask un an huet engem Fan geroden sech vun him ewechzehalen. Datt Brasilien nieft den USA zu engem vun de Brennpunkte vun der Covid19-Pandemie ginn ass, huet allerdéngs och eppes mat sengem Beholl ze dinn. Esou hunn sech 1,6 Millioune Brasilianer infizéiert, 65.000 Leit sinn (offiziell) un de Folge verstuerwen.

GrippWann allerdéngs gewosst ass, datt a Brasilien nëmme wéineg getest gëtt, an een och bei der Ursaach vum Ofliewen net esou genee hikuckt, dierft d‘Donkelziffer wesentlech méi héich sinn. Dat léist sech zudeem och un de Massegriewer festmaachen. Bis heihinner huet de Jair Bolsonaro dann och ëmmer d‘Infektiounskrankheet erofgespillt a sech mat Hänn a Féiss géint Moossname gewiert.

Seng eenzeg Suerg war d‘Wirtschaft um lafen ze halen, wat sécherlech och eng Motivatioun war, sech stänneg mat sengen Unhänger ze treffen, Hänn ze rëselen, Selfien ze maachen an och soss op „Tuchfühlung“ mam Vollek ze goen. Iwwert de Weekend war de brasilianesche President ënnert de Leit, natierlech ouni Mask. Och de 4. Juli huet hien ouni Mask an der US-Ambassade geféiert.

GrippWell et stänneg Sträit ëm d‘Krisegestioun ginn huet, haten zwee Gesondheetsminister et virgezunn ze demissionéieren, wéi sech matschëlleg ze maachen. De Jair Bolsonaro hat säi „Veto“ géint eng Maskeflicht a geschlossene Raim (Kierchen, Schoulen a Geschäfter) genotzt. Mee Gouverneuren a Buergermeeschter hunn op eege Fauscht hir Mesuren duerchgesat, firwat de Chef veriergert war.

Elo also ass et amtlech, hien huet sech de Virus agefaangen. Mee et ass näischt wat d‘Welt elo sollt beonrouegen. Wéi gesot, eigentlech ass et just eng liicht Gripp an dofir Versammlungen oder soss Treffen ofzesoen, sech eventuell selwer ze isoléieren an esou säin Ëmfeld schützen, dat wier jo wuel zimmlech iwwerdriwwen…

mat indymedia/ccs

Illustratioun: © Rafaela Biazi / unsplash

Related topics Brasilien, Coronavirus, Covid19, Jair Bolsonaro, liicht Gripp
Next post Previous post