„De Mann, deen ëmmer laacht“ vum Joseph Kayser
Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung,
Firwat ass e Mënsch esou, wéi en ass? Genen, Erzéiung,
Et ass ewell fir d‘Zweet an dësem nach jonke Joer
E grousse Projet fir grouss Ambitiounen! Um Méindeg huet de Stater Schäfferot zesumme mam Sportminister Romain Schneider den éischte Spuedestéch fir de neien nationale Stadion gemaach. E Stadion deen entspriechend den Norme FIFA/UEFA (Kategorie 4) an IRB (International Rugby Board) gebaut gëtt.
Op engem Terrain tëscht der Cloche d‘Or a Kockelscheier ass et dann och kee klénge Stadion, deen hei opgeriicht gëtt. E soll 9.385 Zuschauer Plaz bidden, déi all iwwerdaacht sinn. Och un déi „wichteg“ Leit (VIP) ass am Projet geduecht ginn. Déi kréie gesënnert Raimlechkeeten ageriicht. Am Stadion gëtt et nieft de Stänn fir Gedrénks an Iessen och nach Businessclub mat enger Kichen.
Fir d‘Medie sinn och separat Raimlechkeete virgesinn. Natierlech ginn d‘Vestiairen un déi haideg Ufuerderungen ugepasst a mat allem, wat gebraucht gëtt ausstafféiert. Déi meescht funktionell Raimlechkeete sinn an engem Gebai am Stadion ënnerbruecht. D‘Gebai mat dräi Etage gëtt zu der Säit vum Boulevard Kockelscheier gebaut. De Stadion selwer, a Form vun enger Raut, kritt eng Façade aus metalleschen Elementer, déi duerch eng variabel Beliichtung an Zeen gesat ka ginn.
D‘Käschte fir de Stadion ginn op eppes kléngs iwwert 60 Milliounen Euro estiméiert. D‘Subventioun vum Sportsministère läit bei 70%, ass awer plafonnéiert op 40 Milliounen Euro. De Parking vum Stadion, deen als multifunktionell Plaz geduecht ass, soll dann nach emol ronn 800.000 Euro kaschten. Wann alles wéi virgesi realiséiert ka ginn, soll de Stadion am Oktober 2019 kënnen ageweit ginn.
Foto: © Charles Soubry/Fotothéik VdL