Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’EU fuerdert e bessere Recycling fir de Plastik
https://moien.lu/speed-dating-missouri/ what is the definition of radioactive dating in chemistry

https://moien.lu/hook-up-solenoid/

Um Dënschdeg huet d’EU-Kommissioun hir Strategie virgestallt, déi dozou soll

who presents dating in the dark
https://moien.lu/speed-dating-missouri/ what is the definition of radioactive dating in chemistry

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of

Wéi vun der syrescher Arméi um Mëttwoch matgedeelt, sollen sech

surprise
Grouss Antiterror-Übung um Site Esch-Belval (Galerie)
https://moien.lu/speed-dating-missouri/ what is the definition of radioactive dating in chemistry

Grouss Antiterror-Übung um Site Esch-Belval (Galerie)

Am Kader vun engem nationalen Exercice, hunn d‘Rettungsdéngschter an d‘Sécherheetskräften

Iwwert eng Millioun Brite fuerderen en zweete Brexit-Referendum

Iwwert eng Millioun Brite fuerderen en zweete Brexit-Referendum

Zu London hunn d‘Briten – oder zumindest déi ënnert hinnen deenen endlech e Liicht opgaangen ass – an enger Demo vun „historeschem Ausmooss“ en neie Referendum gefuerdert. Si wieren zu iwwer enger Millioun gewiescht, heescht et, während déi sougenannte „Brexiter“ grad emol e puer dausend Militanten zesummekritt hunn. Dat ganzt awer, huet nëmme Symbolcharakter…

Wa weder Police nach Inneministère Zuele virleeën, da muss ee sech un déi vum Organisateur halen an déi sinn „ëmwerfend“. Ënnert dem Numm „People‘s Vote“ ass d‘Manifestatioun organiséiert ginn, an d‘Organisateuren hunn uginn, datt wäit iwwert eng Millioun Bierger sech bedeelegt hunn. Sënn an Zweck vum „Protest“ d‘Bierger vu Groussbritannien iwwert den „Deal“ ofstëmme loossen.

Et waren net nëmme Londoner op der Strooss. Vun iwwerall ware se hir komm, an de Cortège – un deem erstaunlech vill Familljen deelgeholl hunn – war mat villen Europa-Fändelen an ongezielten „Union Jack‘s“ ausstafféiert, zudeem huet et och en däitsche fir de Fuesentsëmzuch dekoréierte Won ginn, deen d‘Premierministesch Theresa May mat enger „Pinocchio-Nues“ duerstellt…

„We the People“

Interessant och déi sëlleche Spréch op de Plakater a Banner. Esou de Krappert dee fir säi Sproch: „Ech si 7 Joer al an demonstréiere fir meng Zukunft“ sécherlech eppes Ënnerstëtzung hat. Mee et gouf och eng däitlech Sprooch geschriwwen, wéi zum Beispill „Déi schäiss Brexit-Show muss en Enn hunn!“. Elo muss een awer drun erënneren, datt si, d‘Briten, dat ganzt erbäigefouert hunn.

Mat derbäi: de Buergermeeschter vu London, Sadiq Khan (Labour), dee via Twitter seng Presenz a Solidaritéit mat de Manifestante betount huet. Ënnert den Notabelen am Cortège, och déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon. Mee dëse „Mouvement“ huet e schlechten Timing, an ännert de facto un der aktueller Situatioun séier wéineg. Et sief, d‘Theresa May géif de Brexit ofsoen.

 

Millioun

Parlament Square London, gëschter den 23. Mäerz. Si erwäche spéit eis britesch Kollegen, mee si sinn erwächt. Gett et nach eng Chance se an der Famill ze behalen oder, ass näischt méi ze maachen? © LbD

E Referendum, géint dee prinzipiell näischt anzewennen ass, léisst sech esou net méi an engem raisonnabelen Delai organiséieren. Wann all d‘Zännrieder géifen anenaner gräifen, brauch et op mannst véier Méint (éischter sechs) fir dësen ze organiséieren. An ugeholl dee géif esou ausgoe wéi sech d‘Organisateuren et wënschen, wieren d‘Brite längst dobaussen, de d‘Scheedung vollzunn…

Eng kleng Notiz

Natierlech ass den Ubléck vun iwwert enger Millioun Briten, déi sech fir e Referendum, an esou fir de verbleif an der EU ausdrécken, erfreelech. Et beweist engersäits, datt Europa net esou schlecht ass wéi se vu senger Géigner duergestallt gëtt. Anersäits erwächen d‘Briten „eppes spéit“. Et wier 2018 gewiescht, wou si hätten op d‘Strooss misse goen, wann se de Brexit verhënnere wollten.

Egal wéi et ausgeet, déi eenzeg realistesch Chance de Knuet awer nach zum platzen ze bréngen, wier dem Theresa May säi politesche Suizid. Si kéint „d‘Kënnegung vun der britescher Regierung zréckzéien“, an géif an der EU bleiwen. Bréissel misst dat unhuelen, well et esou an den Texter virgesinn ass. Dozou kënnt et net, och wann d‘Theresa May keng politesch Zukunft méi huet.

Symbolesch awer ass d‘Maniff vu London ee gutt Signal fir d‘Europawahlen am Mee. D‘Briten hu mat hirer Aktioun zumindest de Beweis erbruecht, datt – och wann an Europa net alles esou leeft wéi ee sech dat wënscht – d‘Unioun iwwert deem „eenzele“ steet, an dëse stäerkt. Dee muss awer säin Deel derzou bäidroen, wa vun der Unioun jidderee soll profitéieren. An dofir soll ee wielen…

mat indymedia/lon

Foto: Géint de Brexit, fir en neie Referendum © Richard Potts (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Brexit, London, Manifestatioun, People‘s Vote, Referendum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel