Search

You may also like

Uschlag op d‘US-Ambassade zu Tunis
Neiegkeeten

Uschlag op d‘US-Ambassade zu Tunis

Bei engem Uschlag op déi amerikanesch Ambassade zu Tunis (Tunesien)

Juristesch Néierlag fir den US-President
Neiegkeeten

Juristesch Néierlag fir den US-President

Bannent wéinegen Deeg, ass et fir zweet, datt den ieweschte

Mindestloun: E wichtege Schrëtt fir e méi soziaalt Europa
Neiegkeeten

Mindestloun: E wichtege Schrëtt fir e méi soziaalt Europa

Ënnert der Fiederféierung vum Lëtzebuerger EU-Kommissär Nicolas Schmit huet d’EU-Kommissioun

Eng Motioun fir den Dateschutz!

Eng Tracing-App ass ouni den Accord vun der Chamber net dran, si verstéisst géint Perséinlechkeetsrechter

Eng Motioun fir den Dateschutz!

De Volet „Tracing-App“ op fräiwëlleg oder gezwongen, ass – dat gouf ausféierlech widderholl – ass dem Premier- a Kommunikatiounsminister Xavier Bettel (DP) net geheier. Seng Ausso bei der éischter Chamberssëtzung am Cercle op der Plëss, datt ee sech net enger europäescher Initiativ géif verspären, hat zwou Motioune mat sech bruecht, mee just déi vun de Pirate gouf zréckbehalen.

Um Dënschdegmueren hatt eng Reunioun mam Premier an der Justizministesch ginn, bei där et em d‘Motioun vum Deputéierte Sven Clement gaangen ass, déi jo net ofgestëmmt mee an déi dofir Zoustänneg Chamberskommissioun iwwerwise ginn ass. An dësem Kontext huet den Deputéierte Sven Clement dann elo wësse gelooss, datt ee sech am Prinzip eens, datt eng App net néideg ass.

Hie stellt allerdéngs och kloer, datt dës Motioun als Verhandlungsmandat ze verstoen ass, well eng Tracing-App op europäeschem Niveau kann dat net ausschléissen. Et ass méiglech, datt et gewësse Länner ka ginn, déi esou eng Applikatioun unuerdnen, fir nees méi grenziwwerschreidend Reesen a firwat och net Vakanze méiglech ze maachen. Esou ganz vum Dësch, ass d‘Tracing-App also net.

Se richteg virbereeden

En Dënschdeg soll de Xavier Bettel dann awer verséchert hunn, datt hie mat der Regierung (an der Chamber) déi noutwenneg Dispositioune wëll ergräifen, fir op all Eventualitéiten op EU-Niveau gerëscht ze sinn. Dozou huet den Deputéiert gesot, datt eng vun den Ängschten déi de Ministerrot zu Bréissel huet, déi ass datt sech déi national Parlamenter hire Wënsch a Virschléi widdersetzen.

Mat engem klore Mandat, hätt de Premierminister dann och ee wäitreechend a virun allem een zolidd Argument an der Hand. Fir den engagéierte Pirat, deen zudeem ee vun den éischter wéinegen „Experten“ ënnert den an der Regierung déi an der Chamber siegéierende Politiker ass, heescht elo den „Text vum Konsens“ aus der Tastatur schloen, fir eng Majoritéit hannert d‘Motioun ze kréien.

Dat dierft en Challenge sinn, deen och säin Optimismus op dierft op d‘Prouf stellen. Woubäi, esou wéi de Sven Clement et gesäit, dëser konsensfäeger Motioun de Mëttelfanger ze weise géif villen Aussoen an Engagementer déi et an der Chamber dozou ginn huet, net gerecht ginn. Deenen awer muss een, dat ass bei Motioune bal ëmmer de Fall, eppes Hunneg ronderëm de Mond schmieren.

Sécherheetsbarrièren opstellen

Fir datt dann awer d‘Chamber kann den Domm drop halen, mussen déi Deputéiert méiglechst parteiiwwergräifend dofir suergen datt et esou eppes wéi Sécherheetsbarrière gëtt, de Fall gesat, Lëtzebuerg wier iwwert dem Ëmwee vun der EU-Kommissioun genéidegt, awer eng Tracing-App oder soss een digitalen Tracing-Tool anzeféieren. Dat läit am Kompetenzberäich vun der Justiz.

Dat heescht datt d‘Justizministesch Sam Tanson hir Truppe muss mobiliséieren, déi elo sollen ee legale Kader ausschaffen, fir all Abus – am Kontext mat der Datespäicherung an Auswäertung – auszeschléissen. Et also net eleng en Challenge fir de Sven Clement, hei sinn elo och héich Beamten an der Flicht, d‘Land an de Bierger hir Perséinlechkeetsrechter ëmfänglech ze schützen.

Schonn déi nächst Woch soll déi ofgeännert Motioun dann der Chamber zum Vott virgeluecht ginn. Gëtt se ugeholl, dann hätt sech Lëtzebuerg zumindest als éischt – a wuel och als eenzegt Land an der Unioun – kloer Richtlinne fir en eventuellen Asaz vun den neien Technologie ginn. Esou wéi dat vun de Piraten initiéiert ginn ass, sollt een awer dierfen unhuelen, datt een um gudde Wee ass.

Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Motioun, Piraten, Sven Clement, Tracing-App
Next post Previous post