CGDIS: Feier op der Place Guillaume II!
Wéi de CGDIS matdeelt sinn de Mëtteg um 16:20 Auer
Wéi de CGDIS matdeelt sinn de Mëtteg um 16:20 Auer
Bei engem Amoklaf am thailänneschen Nordosten huet en Ënneroffizéier vun
De 17. September hat den Deputé-Maire vun Esch-Uelzecht, Georges Mischo (CSV) dem Henri Kox eng drénglech parlamentaresch Fro (2675) zougestallt, wou hie vum Policeminister wësse wollt, op et richteg ass, datt d‘Fourrière vun der Police zu Esch op Decisioun vum 14. August elo tatsächlech zougemaach ginn ass, a wéi eng Alternativen de Minister an dësem Kontext ubitt.
A senger Äntwert huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet bestätegt, datt d‘Police de 14. August d‘Fourrière an der Gebléishal aus Sécherheetsgrënn opginn huet. D‘Gebléishal wier souwisou eng provisoresch Léisung gewiescht. Mee d‘Police wéi d‘Verwaltung vun den ëffentleche Gebaier hunn einfach keng aner Plaz fonnt, zumindest nach net fir elo direkt. Et géif awer weider gesicht.
Et wier sécher oft a laang doriwwer nogeduecht ginn, beim Kreesverkéier Raemerech d‘Fourrière laangfristeg ze installéieren, mee dat konnt net realiséiert ginn. Zudeem muss esou eng Fourrière zimmlech vill berécksiichtegen: si muss grouss, ofgeséchert, iwwerwaacht an och nach no genuch beim concernéierte Service ugesidelt sinn. A si soll de ganze Südoste vum Land zerwéieren…
Datt sech do op kommunalem Plang séier wéineg Léisungen ubidden erkläert sech vum selwen, a fir den Ament ass een nach op der Sich. Esou stinn der Police aktuell just d‘Fourrière vum Findel a Kolmer-Bierg zur Verfügung. Weise mir nach drop hin, datt fir säi Gefier nees „fräi“ ze kréien, oft ee puer honnert Euro fälleg ginn. Do ass et scho praktesch wann de Büro no bäi geleeën ass.
Illustratioun: © Jaromir Kavan / unsplash