Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SREL-Affär: Net ze gleewen… et gëtt ee politesche Volet
International Neiegkeeten

SREL-Affär: Net ze gleewen… et gëtt ee politesche Volet

Wéi de Prozess déi lescht Woch, géint déi ugeklote SREL-Mataarbechter:

Atombommen fir Hiroshima an Nagasaki: 74 Joer ass et hir!
International Neiegkeeten

Atombommen fir Hiroshima an Nagasaki: 74 Joer ass et hir!

Viru méi wéi siwe Joerzéngten huet d’Ära vun den Nuklearbommen

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 5)
International Neiegkeeten

Rotondes Heemliwwerservice: Kultur an Ënnerhalung fir Doheem (Deel 5)

Fir d’Period vum Confinement méi angenehm ze gestalten, schafft d’Ekipp

Eis Nopere kréien eng nei Regierung

Eis Nopere kréien eng nei Regierung

No de Kommunalwahlen huet de Premierminister Edouard Philippe mat alle Regierungsmembere säi Récktrëtt agereecht. Déi huet de President Emmanuel ugeholl an de Covid19-Krisemanager Jean Castex zum neie Premier ernannt.

Den Edouard Philippe, hat d‘Féierung vun der Regierung am Mee 2017 iwwerholl an erfreet sech am Frankräich grousse Beléiftheet. Hien huet sech als Kandidat an der nordfranséischer Hafestad Le Havre an d‘Kommunalwahlen abruecht, wou hien zum Buergermeeschter gewielt gouf. Nodeems de President e Politikwiessel annoncéiert hat, huet de Premier säi Récktrëtt agereecht.

Nom zweeten Tour vun de „Communales“ war den Emmanuel Macron eppes ënner Drock geroden, well bis op Ausnamen, huet kee vu senge Päerd d‘Zil d‘erreecht. D‘Kommunalwahlen, déi wéineg Public an d‘Wahllokaler gezunn hunn, hunn déi politesch Landschaft eppes op d‘Kopp gedréit. Hei konnten d‘Kandidate vun „Europe Ecologie – Les Verts“ (EELV) vill Groussstied erueweren.

Konsequent

Domadder war de Regierungswiessel quasi „aktéiert“ an déi eenzeg Iwwerraschung ass de Choix vum neie Premierminister. De 55 järege Jean Castex hat sech als Coordinateur vum Deconfinement ervirgedoen an muss sech elo ëm d‘Bildung vun enger neier Regierung këmmeren. Den héije Beamten ass net dat wat een als politescht „Schwéiergewiicht“ ka beschreiwen, mee huet Erfarung.

Hie war ënnert dem Nicolas Sarkozy stellvertriedende Chef vun der Präsidialverwaltung an ass och de Buergermeeschter vu Prades, enger Klengstad am franséische Südwesten. Hei ass hie mat gutt 75% vun de Stëmmen zeréckgewielt ginn. Hie gehéiert zur Elite, war Absolvent vun der nationaler Schoul fir Verwaltungswiesen ENA. De Jean Castex gëllt als Effizient a Stressresistent.

Onerwaart

Géint de fréiere Premier Philippe an zwee Minister huet d‘Justiz elo ee Verfaren ageleet, nodeems d‘Staatsanwaltschaft ganzer néng „Reklamatioune“ fir zoulässeg erkläert huet. De Politiker mussen sech dem Virworf vun enger schlechter Krisegestioun stellen. Heibäi geet ëm d‘Noutlag an den ëffentleche Spideeler, wou et virun der sanitärer Kris erhieflech Kierzunge ginn huet.

Nieft dem fréiere Regierungschef, mussen sech och déi fréier Gesondheetsministesch Agnès Buzyn an hire Nofolger den Olivier Véran veräntwerten. D‘Enquête gëtt vum Geriichtshaff vun der Republik (CJR) gefouert. An der Kris waren d‘Spideeler séier un hir Kapassitéitsgrenze gestouss an och an den Altersheemer waren iwwerduerchschnëttlech vill Affer ze bekloen.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Chris Karidis / unsplash

Ähnlech Sujeten Edouard Philippe, Emmanuel Macron, Frankräich, Jean Castex, politesche Wiessel, Remaniement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel