Search

You may also like

Et gëtt Saachen dat gleefs de net
Meenung Neiegkeeten

Et gëtt Saachen dat gleefs de net

Kléngt wéi e Witz an a gewësser Form muss een

Fréiere President Giscard d‘Estaing verstuerwen
Meenung Neiegkeeten

Fréiere President Giscard d‘Estaing verstuerwen

Den Zentrumspolitiker war President vu Frankräich vun 1974 bis 1981.

DEUX (Film) – De Passage tëscht a vun der Léift
Meenung Neiegkeeten

DEUX (Film) – De Passage tëscht a vun der Léift

Et muss een net an d’Norm passen. Et muss een

Eng noutwenneg Inkoherenz (Kommentar)

Eng noutwenneg Inkoherenz (Kommentar)

Zanter enger Rei Wochen zéien d‘Infektiounszuelen uechter Europa nees zolidd un a Lëtzebuerg ass bekanntlech keng Insel. Mat iwwer 500 Neiinfektioune pro honnertdausend Awunner leie mir zéng mol iwwert dem vum Robert-Koch-Institut (RKI) genannte Wäert, ab deem et eigentlech nees misst zu engem komplette Lockdown kommen. Streng geholl hätt d‘Regierung längst misse reagéieren.

Elo ass et der Regierung awer en Häerzensuleies d‘Wirtschaft um Rullen ze halen, firwat dann esou eppes wéi de Confinement nëmmen als allerlescht Mesure kann zum droe kommen. Elo gouf dann de Versuch gemaach, un deene Schrauwen ze dréinen, déi engem déi gréisstméiglech Chance bidde fir de Schued a Grenzen ze halen. A fir déi sozial Interaktiounen ze reduzéieren, gëtt et nu emol net masseg Optiounen. Den Horesca- an d‘Kultursecteur suerge bekanntlech net fir eng sozial Distanz.

Richteg – a sécherlech ze bedaueren – awer och de Fait, datt déi meeschte Verstéiss déi bekannt gi vun ebe Cliente begaange ginn. Esou ass en Tëschefall wéi an der Bouneweger Strooss um spéide Samschdegowend, net wierklech eng Reklamm fir de Secteur, woubäi si hei erwisenermoosse guer keng Schold trëfft. Fir d‘Regierung awer ee weidert Element dat bei Mesure muss beduecht ginn.

An esou bréngt eng Minoritéit vu Leit déi sech net ze behuele wëssen, net nëmmen d‘Regierung an Zochzwang, mee ee ganze Secteur an d‘Laberenten. Säit gëschter 15 Auer ass gewosst, datt dës Bier geschielt ass. Gewosst ass awer och, datt et nach vill aner Plazen huet, wou et zu Interaktioune ka kommen: esou op der Schaff, an der Schoul, mee och am ëffentlechen Transport oder beim Akafen. Jo esouguer do wou d‘Leit sech ustelle fir den Test, kënnt et zuweilen zu drolegen Interaktiounen.

Verständlech awer net novollzéibar, déi op de Private Beräich bezunne Restriktiounen. Et mécht wuel Sënn, seng Kontakter eppes anzeschränken, mee ganz novollzéibar ass d‘Begrenzung op zwou Persounen déi dierfen op Besuch kommen esou net. Den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz hat et sengersäits op de Punkt bruecht: All Kontakt ass een ze vill! Do hätt ee kënnen usetzen.

Hei dierfen d‘Kanner weider an der Schoul openaner hänken, am ëffentlechen Transport ass et fir déi Erwuessen net anescht a „kontaktfräi“ Schaffen ass jo wuel éischter d‘Ausnam. Et géif elo och drëms goen, d‘Chrëschtdeeg ze retten, wat awer nëmme méiglech ka sinn, wann d‘Zuelen sech däitlech verbesseren. Op déi elo scho vun der Oppositioun verworf Mesuren dat bewierke kënnen? Et wier ze hoffen, woubäi et natierlech vun all eenzelen Ofhänkt, wat den eigentleche Problem ass.

Illustratioun: © Chandler Cruttenden / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Gesetz, Covid19-Pandemie, Lockdown, Regierung, Restriktiounen
Next post Previous post