Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwäiz: Volleksentscheed géint Baulandbegrenzung
Neiegkeeten

Schwäiz: Volleksentscheed géint Baulandbegrenzung

Bei grousse gesellschaftlechen Entscheedungen, ginn an der Schwäiz d‘Bierger ëm

money
EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm
Neiegkeeten

EU a Griicheland fannen en Accord beim leschten Entworf vum Hëllefsprogramm

Déi europäesch Institutiounen a Griicheland sinn zu engem techneschen Accord

E grousst amerikanescht Volleksfest
Neiegkeeten

E grousst amerikanescht Volleksfest

D‘Sonn zu Stadbriedemes war e Samschdeg nëmmen plazeweis ze gesinn.

Eng op d‘Zukunft ausgeriichte FEDIL

Nicolas Buck: „Wann et Sënn mécht, dann ënnerstëtze mir dës Regierung!“

Eng op d‘Zukunft ausgeriichte FEDIL

De 24. Januar huet d‘FEDIL – de Verband vun den Industriellen zu Lëtzebuerg – op sengem Empfang zu Neijoerschdag um Kierchbierg e Réckbléck op dat vergaangent Joer gewot, mee besonnesch d‘Erausfuerderunge fir déi lëtzebuergesch Industrie ënnert d‘Lupp geholl.

A sengem Réckbléck ass de FEDIL-President, Nicolas Buck, op déi sëlleche wirtschaftlech Erfolleger vum Land, zanter den 80er Joren agaangen. D‘Roll vun der Finanzplaz an déi allgemeng Globaliséierung sinn heibäi net vergiess ginn. An datt dat alles esou wonnerbar leeft, dat wier dem Fait geschëlt, datt d‘Relatioun tëscht dem ëffentlechen a private Secteur esou gutt ass.

Entrepreneuren, a hei besonnesch déi „Industriell“ hätten dat grousst Gléck sech op effikass an kollaboratiounsbereet Beamte verloossen ze kënnen. Wann ee weiderhin esou gutt zesummeschafft, sollt et och méiglech sinn, sech an de kommende Joren op all déi technologesch an digital Erausfuerderungen anzestellen. En Defi dee längst zu Lëtzebuerg ukomm ass…

Keng Loscht op Polemik

Wann et richteg ass, datt grad dat industriellt Patronat alles wéi net begeeschtert dovunner ass, dat den Elterecongé reforméiert ginn ass, et zousätzleche Congé an esouguer e neie Feierdag gëtt, de Mindestloun gehéicht an elo och nach sollen Zäitspuerkonten agefouert ginn, esou ass de Nicolas Buck keen „nodroende Mënsch“ a versprécht d‘Regierung ze ënnerstëtze wann et Sënn mécht.

D‘Politiker an der éischter Rei hunn dat „bäileefeg“ notéiert, während de FEDIL-President gemengt huet: „De Problem ass net den zousätzlechen Dag Congé a de Feierdag. De Problem ass d‘Zounam vun de Rechter déi een dem Salariat zougesteet, en déi den Entreprise Kappzerbrieches bereeden, wëll et geet haaptsächlech ëm d‘Flichte vun de Patronen. Wéi soll een do kompetitiv sinn?“.

Et wieren awer net déi kuerzfristeg Problemer déi him géifen um Häerz leien, villméi konzentréiert sech de Nicolas Buck op déi Erausfuerderungen déi laangfristeg de Lëtzebuerger Industriellen duerkommen. Et muss een sech ëmmer méi séier upassen, stänneg innovéieren an investéieren. Datt dat och fir d‘Salariat vun der Industrie de Fall ass, huet de FEDIL-President ënnerschloen…

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, Erausfuerderung, Fedil, Koalitiounsaccord, Nicolas Buck
Nächsten Artikel Virrechten Artikel