Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

London gesäit en amerikaneschen Enthusiasmus fir e Fräihandelsaccord
Neiegkeeten

London gesäit en amerikaneschen Enthusiasmus fir e Fräihandelsaccord

Wann een dem neie briteschen Ausseminister Jeremy Hunt gutt nogelauschtert

Den Ali Khamenei setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an
Neiegkeeten

Den Ali Khamenei setzt sech resolut fir eng Relatioun mat der Welt an

De reliéise Leader vum Iran, Ali Khamenei setzt sech resolut

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!
Neiegkeeten

Hënt gëtt nees un der Auer gedréint!

Stress puer oder Seegen? Dat „Gedréits“ un der Auer spléckt

Huet jiddereen e Recht op en Hausdéier? Dës Petitioun fuerdert et an!

Huet jiddereen e Recht op en Hausdéier? Dës Petitioun fuerdert et an!

Mat senger Petitioun vum 22. Dezember, fuerdert de Leonardo da Silva d‘Recht fir all Mënsch sech en Hausdéier ze halen. A wann et gewosst ass, datt d‘Hausdéier, op Hond oder Kaz, eng ganz wichteg Plaz an eiser Gesellschaft huet, esou hunn et d‘Proprietär net gären, wann een als Locataire mat esou engem Déier ugereest kënnt.

An et ass tatsächlech schwiereg zu Lëtzebuerg eppes ze lounen ze fannen, wann een esou en Hausdéier huet. Fir de Petitionnaire en Zoustand deen net dierf sinn, a mat senger Petitioun wëll hien e Gesetz hikréien, dat et de Proprietären ënnerseet esou eng Konditioun an de Vertrag anzesetzen. Et sollt also erlaabt sinn an alle Residencen zu Lëtzebuerg en Hausdéier ze halen.

Fir de Petitionnaire ass et allerdéngs genee esou selbstverständlech, datt den Déierebesëtzer och muss Konditiounen anhalen. Dat mannst ass, datt d‘Déier weder d‘Bud auserneenhëlt nach de Noperen d‘Liewe versaut. Mee allgemeng sollt all Mënsch e Recht op säin Hausdéier hunn, an dat wier mat de Verträg déi engem haut virgeluecht ginn, net méi méiglech.

Bei deenen anere geet et…

Kuckt ee sech bei eisen Noperen ëm, esou huet een a Frankräich dat verbréift Recht, een oder méi Hausdéieren ze halen, esou laang, wéi déi friddlech Notzung vun der Wunneng doduerch net a Fro gestallt ass. De Besëtzer vum Hausdéier bleift eleng Verantwortlech fir den eventuelle Schued, oder anormal Stéierungen déi duerch d‘Hausdéier ervirgeruff kënne ginn.

A Frankräich ass et dem Proprietäre allerdéngs méiglech „geféierlech“ Hausdéieren – wéi beispillsweis e Kampfhond – ze verbidden. Esou ass et dann och vun den Autoritéite festgeluecht ginn. An Däitschland ass et eppes méi komplizéiert. Do kann d‘Gréisst vum Hausdéier eng Roll spillen, grondsätzlech sinn awer kleng Deieren erlaabt.

Zréck op Lëtzebuerg: de Petitionnaire erënnert a senger Motivatioun drun, datt all Déier e Recht op en Ënnerdaach, eng gutt Behandlung an en Doheem huet. Am gläiche Sënn awer fuerdert de Leonardo da Silva, datt all Mënsch e Recht op säin Hausdéier soll hunn. Op et ass fir net esou eleng ze sinn, oder wéi et och de Fall ka sinn, aus gesondheetleche Grënn.

Fir méi Liewensqualitéit

Wou ee sech ka wonneren, dat ass bei der Behaaptung, datt wann et méi liicht wier sech en Hausdéier ze halen, da géifen der manner ausgesat. D‘Leit géifen also hir Hausdéieren aussetzen, well se déi net dierfte mat an d‘Haus huelen. Heizou gëtt leider keng konkret Donnéeën déi dës Ausso kéinte bestätegen, mee et dierfte wuel och esou Fäll ginn.

Et gëtt weider argumentéiert, datt en Hausdéier zu méi Liewensqualitéit ka féieren. De Verbuet en Hausdéier ze halen verstéisst ausserdeem an engem gewësse Sënn géint d‘Recht op Privatsphären an d‘Recht op fräi Entwécklung, esou den Text. Och solle sech Hausdéieren besonnesch positiv op dat mentaalt Wuelbefannen auswierken. Iwwerhaapt soll esou en Déier vill gutt Eegenschafte beim Mënsch ervirhuelen. De Petitionnaire gesäit dann och kee Problem, datt de Proprietäre fir d‘Hausdéier eng moderat zousätzlech Kautioun ze erhiewen.

Ähnlech Sujeten Hausdéier, Petitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel