Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D‘TNS Ilres mécht eng Ëmfro zum Cannabis a kee kritt et mat
Meenung Neiegkeeten

Editorial: D‘TNS Ilres mécht eng Ëmfro zum Cannabis a kee kritt et mat

De „Sondage-Institut“ TNS Ilres huet am Mäerz e Sondage gemaach,

Gréng Luucht fir autonom Gefierer
Meenung Neiegkeeten

Gréng Luucht fir autonom Gefierer

Leschte Freideg huet d‘Regierung en „Appell säin Interessi ze manifestéieren“,

Ibiza-Video: War et en Affekot?
Meenung Neiegkeeten

Ibiza-Video: War et en Affekot?

Wien – An der Affaire ëm e „schmuddelege“ Video, wou

Eng Ried an der Isolatiounskummer

Eng Ried an der Isolatiounskummer

Säit Joeren scho gëtt sech déi lokal an international ICT-Szen zu Lëtzebuerg um Kierchbierg de Rendez-Vous. ICT, Internet and Communication Technologies, gëtt vun der Regierung, ob elo déi aktuell oder déi vu virdrun, scho länger als neit Standbeen vum Groussherzogtum betruecht. An et fënnt ee genuch Entreprisen do, déi ëm Opmirksamkeet kämpfen. Un engem Stand gëtt Fussball gespillt, en aneren lackelt mat engem Virtual Reality-Helm, an e weideren luet zu enger Rascht a sengem futuristesch wierkenden Nap-Kapselen vir. Dat kléngt skurril, ass awer op mannst innovativ.

En Optrëtt vum Premier Minister däerf do och net feelen. De Xavier Bëttel liwwert e Speech, dee voller Enthusiasmus ass. E Speech, dee Lëtzebuerg als en oppent Land duerstellt. En erwähnt de Londoner Vertrag, deen sech muer jährt, an dorunner, datt dunn decidéiert ginn ass, fir d‘Maueren vun der Festungsstad Lëtzebuerg ofzebauen. Dobäi ass en am ganzen Speech ontechnesch. „I don‘t give tech talks“, seet e gläich am Ufank.

An awer gëtt iwwer Technik geschwat. Doriwwer, datt all Kand zu Lëtzebuerg op mannst basal Coden léiere soll. Fir seng Tools kënnen unzepassen an ze integréieren, sou d‘Logik vum Premier. D‘Edukatioun war en Aspekt, deen en net midd ginn ass ze betounen: D‘Kanner musse léieren, Problemer kreativ unzegoen. Mir misste weider multilingual an oppe bleiwen. Schliisslech wier d‘Halschend vun der Populatioun net Lëtzebuergescher Nationalitéit.

An dat wier eis Stäerkt.

A wéi den Applaus um Ënn vum Speech kënnt, muss een sech scho wonneren, op en dann net an enger Isolatiounskummer schaalt. Et war e Speech, deen net un d‘Populatioun vu Lëtzebuerg, mee no baussen hi geriicht war. Keen Ament gouf dorobber verschwent, datt d‘Sproochesituatioun komplex wier, an et dowéinst Reiwereie gëtt. Kee Wuert iwwert de Referendum. Nëmmen e kuerze Verweis op d‘Néierlag vum Le Pen a Frankräich.

Dofir dann awer vill Raum fir de Weltraum. „Our country is much bigger in space, than on Earth.“ Dat üblecht Narrativ gëtt duerchgespillt: RTL, SES a lo ICT. Finanzplaz, e Niewesaz. E Witz iwwert de Verloscht vu London als EU-Finanzplaz muss duergoen.

An dorobber, datt de Medien- a Kommunikatiounsminister net wäit lafe misst, fir mam Premier ze schwätzen, doriwwer ass en houfreg. Am Sall gëtt gelaacht, och wann d‘Pointe réischt bei der zweeter Kéier gezünd huet, wéi déi Uwiesend realiséieren, datt de Xavier Bëttel béides ass. Dofir huet da muenchereen net gemierkt, datt et zu Lëtzebuerg ëmmer nach ze vill administrativ Stolperstäng an Etappe ginn, fir e Start-up ze grënnen.

Déi stounge baussen an de Couloiren, wou d‘Mass vun de Besicher fir déi 30 Minutte wou de Premier geschwat huet, wesentlech méi dënn gi war.

Ähnlech Sujeten ICT, ICT Spring, Internet, Lëtzebuerg, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel