Nohaltegkeet a Palestina: Eng aner Resistenz
Um Dënschdeg war am Haus vun der Natur eng Konferenz
E Sonndeg huet den US-Sonnerbeoptraagte fir Syrien, James Jeffrey, Däitschland
Um Dënschdeg hunn den Donald Trump an den Emmanuel Macron
Wat ee Gléck! Wat eng Chance! Dat et zu Lëtzebuerg, wéi a villen anere Länner eng Pandemie huet, soss hätt de Premier 40 Minutte vu senger Ried zur Lag vun der Natioun net gewosst wat hien den Deputéierte sollt zielen!
Seng Ried war eppes wéi eng Seibecken, wou dat Soziaalt derduerch „geseibeckt“ gouf. Et kann och sinn datt de Riedner an engem anere Land lieft an just den Dag vu senger Ried op Lëtzebuerg kënnt. Hien huet an senger Ried vill geriet, mee iergendwéi koumen d‘Mënschen ze kuerz.
Ech froe mech, wéi vill aner eeler Leit och, wéi ass d‘Lag vun de vulnerabele Leit, déi eleng liewen? Deene wou hier Renten hannen a vir net méi duerginn. Wéi ass et mat der Steierreform, wou bis elo Witfraen an Witmänner méi Steieren an engem Mount musse bezuelen, wéi den Trump an engem Joer!
Rente vun de Leit déi Privat geschafft hunn, ginn ëmmer méi zu Hongerrenten. Et kann elo awer net Jidderee beim Staat, der Gemeng oder engem Syndikat schaffen. Et mussen och Leit ginn, déi den Dréck vun eiser Gesellschaft ewech maachen.
Land gëtt ëmmer méi vu Autokrate regéiert! Wien ass fir d‘Regierung d‘Vollek? An Poste gi besat, wéi an enger Kosengswirtschaft! Et ass ebe wichteg, déi richteg Parteikaart ze hunn…
Eng Carte Blanche vum Jean Bodry
Illustratioun: © Matt Botsford / unsplash