Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et gëtt Fréijoer: d‘Ponts & Chaussées maache grouss Botz
Neiegkeeten

Et gëtt Fréijoer: d‘Ponts & Chaussées maache grouss Botz

All sechs Méint muss no eisen Tunnelle gekuckt ginn, an

Cannabis: Nopere wéinst zukünfteger Legaliséierung besuergt
Neiegkeeten

Cannabis: Nopere wéinst zukünfteger Legaliséierung besuergt

Datt zu Lëtzebuerg, bannent de nächsten zwee Joer de Cannabiskonsum

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“
Neiegkeeten

50 Joer „SOS Kannerduerf Lëtzebuerg“

Et war am Joer 1968, wou d‘Straussfeier vun den éischten

Eng Sozial Visioun fir Europa

Eng Sozial Visioun fir Europa

Viru kuerzem hat den „SPD-Europa-Ortsverein Luxemburg“ an d‘LSAP-Fraktioun zu enger Podiumsdiskussioun mam Thema „Europa an d‘Sozialdemokratie: gemeinsam gestäerkt an d‘Zukunft“ agelueden. Als Riedner sinn ugetrueden den SPD Europadeputéierte Jo Leinen, an den aussen- an europapolitesche LSAP-Spriecher an der Chamber, Marc Angel.

Déi ugeschwaten Theme waren esou villfälteg wéi d‘Erausfuerderunge mat deenen esouwuel d‘EU wéi och d‘Sozialdemokratie an Europa aktuell konfrontéiert sinn.

An dësem Kontext huet de Jo Leinen drop higewisen, datt sech d‘Skepsis géintiwwer der EU an den Zoulaf fir populistesch an nationalistesch Parteien op zwee Haaptfacteuren zeréckféiere loossen: dat sinn d‘Onsécherheet an d‘Ongerechtegkeet. Dofir missten d‘EU, a ganz besonnesch d‘Sozialisten an d‘Sozialdemokraten an Europa, konkret Äntwerten a Léisungsvirschléi op den Dësch leeën.

Visioun

© Claude Tremont/LSAP

Et muss fir méi sozial Gerechtegkeet gesuergt ginn, an d‘EU als Schutzmuecht a Sécherheetsanker gestäerkt ginn. Als Beispill huet de Jo Leinen d‘Propositioune vun der EU genannt, Internetkonzerner méi staark ze besteieren. „De Kampf vun der Steiergerechtegkeet muss zum Thema am EU-Wahlkampf 2019 ginn“, esou den SPD-Europadeputéierten.

Wäerter verdeedegen a mat Liewe fëllen

De Marc Angel huet sengersäits drun erënnert, datt déi europäesch Unioun an d‘Sozialdemokratie vill Gemeinsamkeeten hunn. Si stinn an fir Wäerter wéi: Fridden, Sécherheet, Wuelstand, Solidaritéit, Chancëgläichheet, Toleranz, Fortschrëtt an Nohaltegkeet. Dës Wäerter ze verdeedegen a mat Liewen ze fëllen, dat wier d‘Aufgab vun de Sozialdemokraten an Europa.

Fir den engagéierte LSAP-Deputéierten ass et an dësem Sënn dann awer och wichteg, datt sech d‘Sozialiste méi selbstbewosst mat hiren Erfolleger no bausse weisen.

„Mir verkafen eis Iddien net genuch“, esou de Marc Angel deen op d‘Jugend-Garantie fir d‘Bekämpfung vun der Jugend-Aarbechtslosegkeet verwisen huet. Déi wier maassgeeblech op d‘Initiativ vun de sozialdemokratesche Regierungen zeréckzeféieren. Hei muss dann och, besser mat de Bierger kommunizéiert ginn.

Déi ronn 40 Gäscht aus dem Saarland a Lëtzebuerg hunn sech gutt un der Diskussioun bedeelegt, an esou konnten och ee puer Fuerderungen an de Raum gestallt ginn. Esou beispillsweis e méi staarkt antriede fir d‘Verwierklechung vun der Sozialunioun, mee och Moossnamen déi eng europäesch Identitéit fërderen, wéi zum Beispill en EU-Auswäis. Et wier da grad esou wichteg, och der Jugend déi europäesch Iddi ze vermëttelen.

Ähnlech Sujeten Europa, LSAP-Fraktioun, Sozialunioun, SPD-Europa-Ortsverein Luxemburg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel