Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Amerika mécht sech de Covid19 zu Notze fir d‘Ajatollahen ze zëssen
International Neiegkeeten Stories

Amerika mécht sech de Covid19 zu Notze fir d‘Ajatollahen ze zëssen

Dat se sech zu Washington, dank de beschte Fuerscher a

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport
International Neiegkeeten Stories

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport

Déi 7. Weltspiller am Militärsport, déi vum 18. Oktober bis

LUXEOSys: E Satellit, e fréiere Minister an d‘Chamber
International Neiegkeeten Stories

LUXEOSys: E Satellit, e fréiere Minister an d‘Chamber

D‘Chamber-Kontrollkommissioun fir de Budget hat den Etienne Schneider agelueden, sech

Eng Tracing-App fir all Inder

Wien d‘Applikatioun „Aarogya Setu“ net fräiwëlleg installéiert a notzt muss mat Aschränkunge liewen

Eng Tracing-App fir all Inder

Keen huet d‘Absicht engem eppes opzezwéngen, dofir huet d‘Regierung vill Geld an d‘Reklamm investéiert. Am Internet, den Zeitungen, am Radio, all Medium ass gutt fir de Bierger d‘Tracing-App „Aarogya Setu“ (Bréck zur Gesondheet) schmackhaft ze maachen.

Positive campaigning“ heescht dës Method, där sech och Bollywood-Staren ugeholl hunn, a sech fir d‘Tracing-App asetzen, si als Schutzengel oder Bodyguard bezeechnen. Reklamm déi an de Ballungsgebidder gutt ukënnt. Wie schafft a vill direkte Kontakt mat Clienten huet – Händler, Taxichauffer oder Liwwerdéngschter beispillsweis – huet se an notzt se. Si ass eben noutwenneg…

AppFir déi meescht ënnert hinnen ass d‘Installatioun vun der Tracing-App eng Aart „Selbstschutz“ a si géife scho gäre wëssen, ob hir Clienten Infizéiert sinn oder och net. Si géifen et begréisse wann all Mënsch dës Applikatioun géif notzen. Aktuell hunn eng 100 Milliounen Inder dës App op hirem Smartphone, eppes manner wéi 10% vun der Gesamtbevëlkerung, an dat geet leider net duer.

Effikass ass d‘App eréischt ab +70%, firwat dann och déi massiv Campagne vun der Regierung lancéiert ginn ass. Et soll awer kee gezwonge ginn d‘Applikatioun ze installéieren, firwat ee méi subtil Moyenen asetzt. Wie beim Staat schafft geet verflicht, an am Privatsecteur sinn et d‘Patronen, déi mat enger Strof rechne mussen, wann hir Employéeën d‘Tracing-App net notzen.

AppOch mam Zuch fueren, ass ouni „Aarogya Setu“ net méi méiglech, wien aus dem Ausland zréck an d‘Heemecht kënnt muss se hunn. Et gëtt zwar kee Gesetz, datt den Inder (a sécherlech och den auslännesche Residenten an/oder Touristen) dës Applikatioun operleet, mee den indesche Premier Narendra Modi, deen och ee grousse Fan vum US-President ass, weess seng Leit ze motivéieren.

Dateschutz war gëschter

Laut dem Narendra Modi hëlleft dës Tracing-App dem Land d‘Verbreedung vum Covid19 ze verhënneren a betount, datt eenzeg dës Technologie et Indien erméiglecht hätt déi potentiell Geforenzonen (Hotspot) auszemaachen an d‘Leit ze warnen, déi mat Infizéierten a Kontakt gewiescht sinn. Wéit sech dës Ausso beleeë léisst? Guer net, soen Experte vun der Uni Oxford.

App

Dat weess och déi indesch Regierung, firwat der Fräiwëllegkeet eppes muss op d‘Spréng gehollef ginn. Mee esou eng App, déi ouni legale Kader de Leit schonn zimmlech däitlech opgezwonge gëtt, geet den indeschen Dateschützer eppes géint de Stréch, an si fäerten datt d‘App méi Schued kann uriichten, wéi datt se Notze bréngt. Si ass intrusiv a kennt keng Privatsphär, a wier also e „Spioun“.

Aus dem „Zentrum fir Internet a Gesellschaft“ heescht et zur Tracing-App: „D‘Corona-App an Indien erfëllt weder de globale Standard vum Dateschutz nach dem Schutz vun der Privatsphär“, esou de Affekot Aayush Rathi. Hien huet erkläert, datt d‘App net nëmme lokal um Handy d‘Noperschaft zu anere Smartphone via Bluetooth registréiert, mee iwwert den Ëmwee vun der Geolokalisatioun auswäert, wou ee sech opgehalen huet. De ganze Beweegungsprofil ass notéiert.

AppFir „Aarogya Setu“ ze notzen, muss den Notzer nieft Alter a Geschlecht, och ugi wou hien sech an de leschte Wochen opgehalen huet, wéi eng Transportmëttel genotzt goufen a villes méi. An engem „fräiwëllegen“ Test mussen si och uginn ob si Féiwer an/oder Otemproblemer hunn, wéi eng Virerkrankungen si hunn, ob si am Gesondheetssecteur schaffen a Kontakt mat Infizéierten haten.

Alles eng Saach vum Vertrauen

Elo ass et och an Indien net esou, wéi et do vill Leit an der Regierung hätt déi eppes vun dëser „Technik“ géife verstoen, firwat sech Lëtzebuerg wëll ee Gesetz ginn, deen am Fall vun enger erzwongener Tracing-App soll fir Datesécherheet suergen. An Indien gi se dat méi pragmatesch un an de Conseiller vun der Regierung, Lalitesh Katragadda, ass ee Google-Manager mat Erfarung.

Hie behaapt sech drop, datt et bei dëser Applikatioun absolut kee Grond zur Suerg gëtt, well d‘Date vun den Notzer sécher opgehuewe sinn. Zudeem géif de Beweegungsprofil exklusiv um Handy vum Notzer gespäichert. D‘Autoritéiten hätte bis ewell nëmmen ee ganz klengen Undeel (eng 7.000) vu Beweegungsprofiller op en zentrale Server gelueden, woubäi et dofir natierlech e gudde Grond gëtt.

AppDës Leit haten sech mam Covid19 infizéiert a mir analyséieren, mat wiem si a Kontakt komm sinn fir méiglech Geforenzonen auszemaachen. Eng 700 dëser Hotspots konnten esou festgestallt an eng 140.000 Notzer gewarnt ginn“, esou de Lalitesh Katragadda. Dat et Schwaachstellen an der App soll ginn, dementéiert de Google-Manager, mee de Quellcode ëffentlech maache geet guer net.

An dann ass et och nach esou, datt et an Indien bis haut keen Dateschutzgesetz gëtt. Hei ass nach ëmmer dee vun de Britte verfaassten „Indian-Telegraph-Actrechtskräfteg. An esou muss een dierfe feststellen, datt een an Indien, wann ee reesen oder säi Job behale wëll, e gehalen ass sech dës Tracing-App ganz fräiwëlleg um Handy ze installéieren. A Google ass jo awer Vertrauenswierdeg

mat indymedia/del/bom/sfo

Ähnlech Sujeten Covid19, Dateschutz, Fräiwëlleg, Google, Indien, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel