Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CON-VINCE: Et geet ëm eis Gesondheet an ëm den Dateschutz
Meenung Neiegkeeten

CON-VINCE: Et geet ëm eis Gesondheet an ëm den Dateschutz

Bei allem Versteesdemech fir all Mesuren géint d’Corona-Epidemie hei am

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt
Meenung Neiegkeeten

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt

D‘Konferenz fënnt statt den 28. Februar um 19 Auer am

The 100 – Déi aner Dystopie
Meenung Neiegkeeten

The 100 – Déi aner Dystopie

Science Fiction presentéiert sech a ville Formen: et liest een

Editorial: Eng Tracing-App als hellege Gral

Editorial: Eng Tracing-App als hellege Gral

D‘Covid19-Pandemie, léisst sech a sengem exponentiellen Ausbreedungsdrang net ophalen, dat dierft sech mëttlerweil jiddereen agepräägt hunn. D‘Politik ass wéi ëmmer „iwwerfuerdert“ an d‘Mënsche fuerderen, datt een dach eppes misst ënnerhuelen. De Confinement, een u sech ganz probat Mëttel, ass wirtschaftlech net duerchzehalen, also brauch et aner Léisungen.

Zumindest bis en Impfstoff fonnt ginn ass an dat wäert sech kaum viru Mëtt 2021 maache loossen, wann iwwerhaapt. Eng Léisung d‘Infektiounskrankheet anzedämmen, sollt, esou zumindest d‘Siicht vu ganz helle Käpp, déi genee wéi d‘Politiker „nëmme guddes am Sënn“ hunn. Also vermeintlech zumindest, well zanter Woche geet rieds vun enger Tracing-App, déi als hellege Gral verkläert gëtt.

Wann een emol dovunner ofgesäit, datt all Land och am Fall vun enger Tracing-App seng eegen Zëppche kacht, firwat et dann och nach näischt op europäeschem Niveau gëtt, esou dierf een hei net iwwersinn, datt elo op en Neits Leit gëtt, déi erwisenermoosse guer keng Ahnung hunn vun deem wat se soen, dofir awer wësse wei eng Muecht et ka bedeiten, esou eng Applikatioun anzeféieren.

An nach behaapten sech d‘Politiker (mat Ausnamen) deenen esou eng Tracing-App virläit op de „fräiwëllegen“ Asaz vun esou eng Spioun, dee mir an eise gescheiten Telefone sollen installéieren. AM de Kampf géint de Covid1, soll een näischt onversicht loossen, esou d‘Argumenter, déi och vu ville Mënsche gedeelt gëtt. Vill sinn anscheinend och bereet temporär op Mënscherechter ze päifen.

Zu Lëtzebuerg huet de Premierminister an der Chamber, der Tëlee an dem Radio de Leit am Land gesot, datt him esou eng App net geheier ass. Opgefuerdert zu Bréissel kloer ze maachen, datt mir als Lëtzebuerg keng esou eng App wäerten aféieren, huet de Xavier Bettel seng Positioun dann awer relativiséiert a gemengt, datt wann déi aner et géife wëllen, da kéinte mir eis dem net verwieren.

Dat ass politesch fir: „Mi sinn net frou, datt sech d‘Unioun esou entscheet huet, mee als Deel vun der grousse Famill, musse mir dëse Wee gemeinsam goen“. Zudeem gëtt an der IT-Natioun ganz vehement un esou enger App, déi selbstverständlech 100% sécher a virun allem anonym soll sinn, gefuerscht, esou wéi anerwäerts och. D‘Tracing-App, egal wéi se ausgesäit wäert also kommen.

Wann se awer nëmme fräiwëlleg genotzt gëtt, ass dat ganzt éischter „ongenee“ den Notzen net an deem Ausmooss méiglech, wéi wa jiddereen, dës Applikatioun notzt. Dofir gëtt jo och säit geraumer Zäit vun der „wichteger Datenerhiewung“ geschwat. A si wäerten ee Wee fannen, ouni dat mir eis zur Wier setzen an ouni dat si Schold hätten, fir eis alleguerten dës App per Gesetz opzezwéngen.

De Problem: Digitaliséierung bezeechent d‘Ëmwandlung vun analoge Wäerter a vu Maschinne liesbar digital Formater. Esou gi méi a méi bis well onsiichtbar, héich komplex Virgäng aus dem „eeschte Liewen“ mëttels technescher Sensoren dateméisseg erfaasst a virun allem liesbar gemaach. Informatiounen déi fir d‘Steierung an d‘Gestaltung vum mënschleche Verhale relevant sinn.

Eng Léisung fir d‘Pandemie ass et net, zudeem schénge just Politiker net verstanen ze hunn, datt den Asaz vu Standuertdaten aus der mobiller Telefonie ongenee ass. Mee si verfollege jo och ganz aner Ziler, firwat et dem Xavier Bettel zimlech egal ka sinn, datt dës Donnéeën net nëmme weise, dat mir eis nieft enaner, mee och iwwert oder ënnert enaner ophalen, ouni Kontakt ze hunn.

Wat de Sujet „Anonymiséierung“ betrëfft, esou ass et eng Ligen, datt déi pseudo-anonym „Codes“ eis Privatsphär géife schützen. Schliisslech muss et persounebezunn Date ginn, wann ee Persounen ermëttele wëll, déi engem Infektiounsrisiko ausgesat sinn. An da wësse mir spéitstens zanter de „geheime Fichiere“ bei Justiz a Police, datt Dateschutz a Privatsphär keng politesch Lobby hunn.

Illustratioun: Eng Tracing-App op fräiwëlleger Basis? Dat léisst sech net ëmsetzen, firwat et scho ganz séier – dank EU – zu Erklärunge wäert kommen, firwat mir eis dat „temporär“ mussen undoen. An et gëtt genuch Leit déi „näischt ze verstoppen“ hunn, déi esou eng Moossnam tatkräfteg géifen ënnerstëtzen. © William Iven / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Dateschutz, Fräiwëlleg, Gesetz, Privatsphär, Stigmatiséierung, Tracing-App
Nächsten Artikel Virrechten Artikel