Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!
https://moien.lu/by-dating-show/

D’Postapokalyps ass och bei Netflix in!

Fir de Mount vum Mee baut Netflix säi Film-Ugebuet mat

dating 9 months
https://moien.lu/by-dating-show/

Italien: Inneminister Salvini spréngt aus der Këscht

14 Deeg laang huet d‘Rettungsschëff vun der däitscher Organisatioun Sea-Watch

2018 start gutt fir den Aarbechtsmarché
https://moien.lu/by-dating-show/

2018 start gutt fir den Aarbechtsmarché

Den Aarbechtslosentaux fält am Januar op  5,6%. Am Verglach zum

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

1.500 Leit zu Lëtzebuerg sinn net medezinesch ofgeséchert!

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege Leit bekannt ass an déi leider och guer net am Koalitiounsprogramm ugeschwat ginn ass. Ronn 1500 Mënsche sinn am Grand-Duché net krankeverséchert, ee Problem, deen hautdesdaags bal onvirstellbar ass.

Ufanks der Woch ass eng Pressekonferenz vun den Doktere vun der Welt, sou wéi aneren Associatiounen am Gesondheetsberäich organiséiert ginn. Eraus koumen erschreckend Zuelen, déi kengem esou richteg bewosst sinn. Lëtzebuerg huet d’Moyene fir all Persoun primär Gesondheetsfleeg ze leeschten, an awer huet eist Land nach keng Couverture Sanitaire Universelle (CSU) agefouert, wat awer bei de meeschten anere Länner de Fall ass.

Vertrieder vun 8 Associatioune konnte bestätegen, datt am Grand-Duché ganz Communautéiten ausgeschloss ginn, sief et aus administrative, finanzielle, kulturellen oder soziologesche Grënn. Esou gi si am Krankheetsfall vu kenger Versécherung ënnerstëtzt.

Genau Zuele vu Lëtzebuerg

  • Méi wéi 1.500 Persoune liewen ouni Accès op Fleeg am Krankheetsfall, 30 % vun de Pathologie sinn hei chronesch, sou de Rapport 2017 vun den Doktere vun der Welt
  • 200 bis 300 Drogenofhängeger kréie keng Behandlung géint Hepatite C a kënnen och net um Präventiounsprogramm géint HIV, Hepatite A an B deel huelen
  • Den Taux u Krankeversécherten ass vun 99 % am Joer 2002 op 95,2 % am Joer 2015 erof gaangen, sou de State of Health in the EU
  • 100 Persounen an Demande fir sexuell a reproduktiv Gesondheetsfleeg sinn net ofgeséchert
  • 15.000 Verhiddungsmëttel hunn an dëse Fäll misse gratis verdeelt ginn, wëll d’Krankekeess näischt rembourséiert

Hannert dësen Zuele sti Situatiounen, déi komplett géint déi elementar Mënscherechter verstoussen:

  • Schwanger Fraen, déi keen Accès op pre- a postnatal Fleeg hunn
  • Fraen a schwierege prekäre Situatiounen an un der Aarmutsgrenz, déi keen Accès op Servicer am Beräich Psychologie, sexuell a reproduktiv Fleeg hunn
  • Ageschoulte Kanner, déi souguer zu Lëtzebuerg gebuer sinn, déi net geimpft oder bei den Dokter goe kënnen
  • Gefaangener, déi aus dem Prisong kommen a bei hire psycheschen a pathologesch chronesche Krankheete kee Suivi méi kréien
  • Obdachloser, bei deene guer net no der Gesondheet gekuckt gëtt
  • Leit mat Hepatite oder HIV, déi kee medezineschen Traitement kréien
  • Drogenofhängeger, déi net u Substitutiounsprogrammer deelhuele kënnen oder kee Recht un primärer Gesondheetsfleeg hunn

© Shari Pleimelding/moien.lu

Wisou net och bei eis?

Lëtzebuerg gëllt als zweeträichst Land op der Welt a kann trotzdeem net senger ganzer Populatioun eng CSU bidden? Majo duerch esou Decisiounen entsti ganz HIV-Epidemien, wéi et schonns an der Vergaangenheet de Fall war. Am Endeffekt gëtt et de Staat och méi deier, ee schwéier Kranken ouni Versécherung ze verfleegen, wéi der ganzer Populatioun eng Ofsécherung ze bidden.

Schonn 2012 ass bei der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen an der Resolutioun A.67/81 decidéiert, a souguer ënnerschriwwe ginn, datt déi verschidde Länner sech ëm d’Aféieren vun der CSU këmmeren. Just Lëtzebuerg hänkt hei hannendrun, an et schéngt och déi wéinegst ze stéieren.

Wärend der Pressekonferenz huet de Representant vun den Doktere vun der Welt de momentane Gesondheetssystem als „inéfficace, inadapté et injuste“ beschriwwen. Ouni Wunnsëtz an/oder Aarbecht ass et fir Leit, déi beispillsweis op der Strooss liewen, immens schwéier a komplizéiert den administrative Wee ze goen, an hei bleiwen och déi Meescht hänken. Aus dësem Grond muss d’Prozedur vereinfacht ginn.

Datt dat keen onméiglecht Ziel ass gesäit een um Beispill vu Katalounien. Hei kritt all Persoun eng universell medezinesch Ofsécherung vum Staat bezuelt. A wien elo mengt, datt dat horrend deier ass läit falsch. D’CSU kascht Katalounien ronn 400.000 €, eng Zomm, déi fir Lëtzebuerg wierklech akzeptabel wier. Mat dësem Beispill gesäit een jo, datt et méiglech ass! Wisou liewen dann am Grand-Duché nach ëmmer esou vill Leit ouni dës Ofsécherung, déi jo awer zu den universellen an essentielle Mënscherechter gehéiert? Wéi kann et sinn, datt dëse Problem keen Thema an der nationaler Politik ass, woubäi jo grad si sech ëm d’Wuelergoe vun de Bierger bekëmmere soll?

D’Associatiounen, wéi beispillsweis de Planning Familial, d’HIV-Berodung vum Roude Kräiz, de Comité National de Défense Social oder de Comité de Surveillance du SIDA, hunn een oppene Bréif ënnerschriwwen an un de Formateur vun der Regierung, un d’Gesondheetsministeren an d’Ministere vun der Sozialversécherung geschéckt. Elo muss een ofwaarden, wéi déi nei Regierung handele wäert.

Ähnlech Sujeten CNS, Couverture Sanitaire Universelle, Hepatite, HIV, Krankeversécherung, Medecins du Monde, Sozialversécherung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel